Wann ech aan d’Fréihjoer denken, dann rauschen ech en, dësen würzigen, liit scharefen Doft vam Bärlauch, deen sech wie een gréine Schleier iwert Bëscher an d’Wissen zéiht. Bärlauch ass su jiät wie deen rebellischen Brouder vam Knuawelek, wëll, aromatisch an een Schatz aus der Natur. An genau doraus entsteht, brong Bärlauchbotter.
Befir ech äwer d’Messer an de Mörser schwéngen, tauchen ech bëssen an d’Geschicht van der Bärlauchbotter an.

D’Wuurzelen van der Bärlauchbotter
Bärlauch begleet eis Mënschen well zimlich lang. Germanen an d’Kelten han dëst Krogt well geschätzt, winiger als Botterzutat, mee als starikt Heelkrogt. „Bärenkraft“ ass den Bärlauch genannt jiän, well en am Fréhjoer dem Bär noom Wanterschloof rëm op d’Been geholef hat. Keen Wonner, vollgepackt mat Vitamin C an ätherischen Ualiger wor den Bärlauch demools wie hokt een natirlichen Energiebooster.
De Botter selwer hat ebenfalls eng spannend Geschicht. Ségt Joerdausenden jiët sie aus Mëlich produzéiert, ursrpünglich durich eng natiirlich Gärung an Geessen- oder Kouhhogt. Am Mëttelalter ass am Kluuster d’Botter perfektionéiert jiän, dachs als Fleeschersatz, wann während der Fastenzékt d’Fleesch verbuaden wor.
Wini genau deen ischten schlauen Kapp op d’Iddi kommen ass, Bärlauch mat Botter ze kombinéieren, ass net iwerliwert. Äwer spéitstens am 18ten, 19ten Joerhonnert, wie die fransiisch Këchen aagefongen hat Botter mat Krégder an Gewürzer ze verfeineren hat ganz sëcher deen wëllen Bärlauch do o seng Platz fond.
D’Iddi de Botter ze réisteren an doraus brongen Botter ze maan, kënnt aus der traditioneller europäischer Këchen. An Frankreich nennt een sie „Beurre noisette“, well sie su herrlich no geréisterten Nëss rëcht. Dës Technik jiët der Botter eng nei, déif Aromatik, déi wonnerbar schmëscht.
Zutaten mat Geschicht an Zukunft
Fir eng richtig goud brong Bärlauchbotter ze maan brausch et net vill, äwer datt bëssen soll dofir ëm su besser sen.
1. Bärlauch
De Bärlauch an den Bësch sammelen goen, äwer just do wu’s du dir sëcher bas, datt keen gëftigen Doppelgänger wie Maiglëckelcher sech angeschlaasch han. Oder du keefs en om regionalen Maart. Jiees du an de Bësch sammelen, pass do drop op nie die ganz Planz aafzeplecken oder se sugar raus ze räissen, ëmmer nëmmen eenzel Bläder aafknipsen an deen Rest stoen loossen.
De Bärlauch wäschen ech grëndlich an drëchnen en an der Zalootschläider, deen hacken ech graff an leen en ang Schossel.
Den Ënnerscheed zwëschen Maiglëckelcher an Bärlauch:
- De Bärlauch rëcht starik no Knuawelek, besonnig wanns du en zwëschen den Fanger zerreifs.
- D’Maiglëckelcher rauschen neutral, bis liit onangenehm.
- De Bärlauch hat matt Bläder, déi meestens eenzel aus dem Buadem waassen.
- D’Maiglëckelchen hat blänkig Bläder an et sen der dachs mi aan engem Still.
- D’Bléihe vam Bärlauch sen wäiss, stärenförmig an sen dachs rischt Aprël/Mai sichtbar.
- D’Bléihe van den Maiglëckelcher sen wäiss an han eng Glockenform, sie hänken aan Reihen an engem krommen Still.

2. Salz
Am besten natiirlicht Steen- oder Miärsalz, datt net industriell raffinéiert ass. Su bleiwen wichtig Mineralien erhaalen.
Ech maan na jiären bëssen Chiliflocken an eng Sprutz Zitrounensaaft mat dran, datt brengt bëssen Schiäreft an Frëschheet.
Datt leen ech alles bei de Bärlauch an d’Schossel.

3. Botter
Et lungt sech natiirlich ëmmer regionale Botter ze hualen, am besten wu een wees datt d’Kéih na op den Wissen stinn. Sie liweren net nëmmen besser Mëlich, mee d’Haltung ass vill mi Déirenfrëndlich. Am Goût mëcht datt o een Ënnerscheed, de Botter ass mi crèmig, mi aromatisch an hat durich deen mii hiien Gehalt aan Beta-Carotin eng wonnersching goldig Faaref.
De Botter schmëlzen ech op niddriger Hëtzt an erhëtzen en su lang bis en eng sching brong Faaref krëtt. Am Afank kanns du d‘Botter na gewärden lossen, subal en afänkt kloer ze jiän an die fest Bestandeeler sech om Buadem sammelen heescht et oppassen, déi verbrennen nämlich ganz siier. Wann die afänken brong ze jiän, de Botter van der Plaque zéien an waarem durich eng Passette op den Bärlauch schëdden, su datt et zischt.
De Botter püréiren ech dann mam Stabmixer.

D’Schossel setzen ech dann an Äiswaasser, an mam Handmixer schloen ech den Botter su lang bis en rëm crèmig an fest ass.

Technik trëfft Traditioun
Frësch Krégderbotter hällt am Frigo ongeféier 1 Woosch. Ween mi lang jiät dovaan han wëll kann sech se an Portiounen anfréiren, perfekt fir deen spontanen Grillowend.
Eng spannend alternativ kann o ankooschen sen. Allerdings brauchs du d’Botter dann nët mam Mixer op ze schloen. An steril Gläser angefëllt an am Waasserbad kuurz erhëtzt. Durich d’Erhëtzen and Vakuuméiren bleift de Botter su meentelang haltbar, verléiert äwer aan Frëschheet.
Eng wégder Methoud ass Fermentatioun. Tatsächlich kann een den Bärlauch fermentéiren an ähnlich wie den Kimchi mëlichsauer vergären. Dës fermentéiert Bläder kann dann an enger Botter verschafft jiän, eng wëll Iddi, äwer spannend fir jidfereen den jiären experimentéiert.
Ech sen lo mol selwer gespannt, well ech suvill Bärlauch haat, han ech deen Rest fir ze fermentéiren an Gläser gefëllt. Mol aafwaarden op et jiät jiët.

Firwatt ass dës Botter mi wie nëmmen een Trend?
Die hoktig Këchen jiët dachs van „siieren“ Trends bestëmmt. Hei eent Superfood, do eng Wonnerdiät. Äwer mëtten an all deenen „Hypes“ jiët et Produkter wie z.B. dësen Botter déi annëcht sen. Een Schratt zereck op datt watt viraan eiser Hausdir wiist. Op Techniken déi eis Gruusselteren well kannt han. Op deen wirklichen Goût ouni kënstlich Zousätz.
Wann ech bewosst regional an saisonal kooschen, wann ech bewosst wiällen, watt op mäin Dëch kënnt, dann maan ech mi wie nëmmen goud Ässen. Ech bewahren eent Steck Kultur. Ech passen op d’Natur op an ech schenken mir selwer bëssen rischtig Freid.
Also, die nächst Këier, wann de Bärlauch seng Fühler ausstreckt, denk aan dës Botter. An do draan datt gouden Goût heinsdo einfasch nëmmen eng Casserole, bëssen Gedold ang eng Handvoll wëll Bläder brausch.
Brong Bärlauchbotter
Schwierigkeit: einfasch300
GrammZutaten
250 g Botter
ca. 80 g Bärlauch, graff gehackt
0,5 TL grafft Salz
0,5 TL Chiliflocken
1 TL Zitrounensaaft
Zoubereedung
- Botter leen ech an eng Casserole an erhëtzen se op niddrig Hëtzt, su loossen ech se schmëlzen an liit kooschen. No paar Min. trennen sech die fest Besanddeeler vam Fett an den Botter jiët kloer. Subal die fest Bestandeeler om Buadem van der Casserole brong jiän driien ech d’Plaque aus.
- An enger Schossel han ech den Bärlauch, d’Salz, Chiliflocken an den Zitrounensaaft well virbereed. do drop schëdden ech deen waarmen Botter, su datt et zischt.
- De Botter püréiren ech mam Püréierstaaf.
- D’Schossel setzen ech dann an Äiswaasser an mam Handmixer schloen ech den Botter su lang op bis en fest an crèmig ass.