Een klengen Kär Geschicht, een Hauch Gegenwart an een gouden Maufel Zukunft!
Wann ech su an menger Këchen stin, an deen gouden Geroosch vam Ässen mir an d’Naas klëmmt, stellen ech mir ëmmer Froojien, wie verschidden Menüer entstannen sen. Wivill Geschicht stëcht an su engem klengen Kär wie beim Bulgur? Bulgur klengt fir verschiddener wie deen hippen Cousin van Quinoa oder Amaranth. D’Wurischt ass äwer datt den Bulgur eent van deen älsten Liäwensmëttel ass.

Vam aalen Mesopotamien an eis Kooschdëppen.
D’Geschicht vam Bulgur fängt net an engem aangesooten Berliner Café aan, mee am fruuchtbaren Halefmound, enger Regioun déi hokt als Deeler vam Irak, Iran, Syrien an der Türkei bekannt sen. Well viraan 4000 Joer han Mënschen do aagefongen Wees ze kultivéiren an en op kreativ Art haltbar ze maan. Bulgur wor do een wirklichen Gamechanger: Virgekooscht, gedrëchent an geschiält, su ze soen eent Fiärdigässen aus der Antik.
Deemools ass den Wees gekooscht, an der Sonn gedrëchent an anschliessend graff gebroosch jiän. Dodurich hat heen sech net nëmmen liit transportéiren geloss, mee en wor o iwerall bereet fir verschafft ze jiän, einfasch Waasser driwer schëdden, kuurz quellen oder opkooschen gelooss, an firädig wor eng Grondlaag fir eent naarhaft Ässen. An Zekten ouni Frigo wor datt puren Luxus.
An well datt su praktisch wor, hat sech den Bulgur siier an all Richtungen verbreet. Van der Handelstrooss vam Noohen Osten iwert Mëttelmiär bis an d’Balkanregioun. Iwerall hat een Regional Anflëss opgehollt an ass mat Zutaten verfeinert jiän, déi graad zur Hand woren. Tomaten, Ënnen, Mënz, Zitroun, Olivenualig… An o hokt ass den Bulgur dachs den Spéijel fir datt, watt graad om Maart Saison hat.
Hokt: Regional, noohaltig, köstlich
An enger Welt an der mir eis ëmmer mi dachs froojien van wu eis d’Ässen kënnt, ass den Bulgur een rischtigen Glécksfall. De Bulgur besteht aus Hartweizen an kann o hei an Europa aangebaut jiän. Et ass also Regionalitéit miilisch.
Bulgur ass su wandelbar wie baal keent annert Liäwensmëttel. Ob waarem oder kaal, ob séiss oder herzhaft, als Hauptplat oder als Beilaag, mat nëmme paar gouden Zutaten jiët heen zum Star. Ech han mein hokt mat Paprika an Tomaten kombinéiert, Cevapcici dobäi gebrooden an mat engem erfëschende Joghurtdipp zervéiert. Goud sen äwer o all Zorten Wuurzelgeméiss, am Schiäffchen geréisteert an ënnert den Bulgur gemëscht. Eng anner Variant ass z.B. gebroodenen gréine Spargel an Iärbessen. Interessant kann et jiän, mat fermentéiertem Geméiss. D’Säier aus der Fermentatioun brengt een iwerraschenden Goût an datt Ganzt, an datt ganz ouni kënstlich Zousätz.

Vam Anwecken an Haltbarmaan, aal Techniken nei Bedeitung.
Ech fannen et faszinéirend, wivill aal Techniken hokt rëm entdeckt jiän. Fréier wor et normal, d’Geméiss ze fermentéieren oder anzekooschen, einfasch well et keng anner Wiäll juff. Hokt jiët et aus Iwerzeechung gemaat, well mir wossen, datt eent Glas selwer angeleiten rugd Rommelen net nëmmen goud schmëscht, mee o Mikroplastikfräi ass, keng Verpackung brausch, an eis d‘Gedärems freit sech o driwer.
Een klengen Tipp fir jidfereen, wanns du Bulgur jiären mat saisonalem Geméiss kombinéiers. Koosch deng Tomaten aus dem Gaart, wann se zégdig an séiss sen, an Gläser an. Am Wanter zaubers du su de Summer op däin Teller. Paar Läffelen van dëser Tomat mat gebroodene Gourgetten, bëssen Feta an eng Handvoll Krégder ass Comfort Food par excellence.
Zoubereedung
Fir mäin Bulgur han ech firtischt, datt ganzt Geméiss gewäsch an kleng geschnibbelt. Datt heescht:
- de Paprika han ech gewäsch, entkärt an kleng gewürfelt.
- D’Ënnen an de Knuawelek han ech geschiält an fein gehackt
- Tomaten han ech gewäsch, kuurz an kooschend Waasser geleit, geschiält, dann han ech mir et einfasch gemaat, ech han se mam Stabmixer püréiert.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig oder Botterschmalz, do dran brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se mëll sen, goud rauschen an bëssen Faaref aanhualen.
Do drënner mëschen ech dann deen gewürfelten Paprika an brooden deen bis en mëll ass.

Datt hëllt bëssen Zekt an aansproosch, mee du jiës mat deem besten Goût belount.
Als nächst mëschen ech de Knuawelek an d’Paprikpaste, alternativ: Tomatenpürée drënner an réisteren datt Ganzt kuurz aan. Lo mëschen ech Gewürzer an Krégder wie z.B. gedrëchenten Oregano, Thymian oder Rosmarin drënner.
Dann schëdden ech die püréiert Tomaten drop an loossen alles opkooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer.
D’Hëtzt driien ech raaf an schëdden de Bulgur, dann d’Waasser dobaï, vermëschen alles goud an leen een gouden Schnatt Botter drop. Op niddriger Hëtzt an mat Deckel loossen ech den Bulgur goud 10 Min. quellen.

No där Zekt vermëschen ech alles na eng kéier goud, driien Plaque aus an klemmen eent propert Handousch zwëschen Deckel an Dëppen, su loossen ech de Bulgur ongeféier 10 Min. ruhen. En jiët dann besonnig fluffig.

De Bulgur schmëscht waarem oder kaal, an lisst sech wonnerbar virbereeden. Am Frigo hält en sech 1 bis 2 Deeg.

Zukunft om Teller.
Watt mir besonnig Hoffnung mëcht, ëmmer mi Lekt begräifen, datt goud Ässen net komplizéiert sen muss. Bulgur passt perfekt zu dëser Philosophie. En ass siier zoubereet, villsegtig an brengt eis zereck zu enger natiirlicher Art ze kooschen. Ganz ouni Super-food-Status.
Et wir dasch cool wann d’Ässen op eisen Telleren ëmmer mi aus regionalen Grondzutaten besteht. Weess wie Bulgur, saisonalt Geméiss, fermentéiert oder angekooschten Beilaagen. Winiger Verpackung an vill mi Goût. An viraan allem, mi eng gruuss Wiärtschätzung fir datt, watt an eiser Geegend wiist.
Fazit: Mi wie nëmmen eng Beilaag
Bulgur ass mi wie nëmmen eng langweilig Beilaag. Et ass eent Steck Geschicht, eent Symbol fir kreativ Restverwiärtung. Ween de Bulgur selwer eng kéier zoubereet, deen miärikt siier: An der Einfaschheet stëcht dachs die griisten Raffinesse. D’Zukunft fängt om Teller aan an sie schmëcht iwerraschend goud.
Bulgur-Räis
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten30
MinutenZutaten
1 Ënn, fein gehackt
Olivenualig oder Botterschmalz, fir ze brooden
1 rugd Paprika, kleng gewürfelt
1 gréin Paprika, fein gewürfelt
1 EL Paprikapaste, alternative: Tomatenpürée
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
1 TL Oregano
400 ml Tomate pelée, oder 4-5 frësch Tomaten geschiält an kleng gewürfelt oder gemixt
200 g Bulgur
250 ml Waasser
1 EL Botter
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig oder Botterschmalz, do dran brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se mëll sen, goud rauschen an bëssen Faaref aanhualen.
- Do drënner mëschen ech dann deen gewürfelten Paprika an brooden deen bis en mëll ass.
- Als nächst mëschen ech de Knuawelek, Oregano an d’Paprikpaste, alternativ: Tomatenpürée drënner an réisteren datt Ganzt kuurz aan.
- Dann schëdden ech Tomaten drop an loossen alles opkooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Päffer.
- D’Hëtzt driien ech raaf an schëdden de Bulgur, dann d’Waasser dobaï, vermëschen alles goud an leen een gouden Schnatt Botter drop. Op niddriger Hëtzt an mat Deckel loossen ech den Bulgur goud 10 Min. quellen.
- No deen 10 Min. vermëschen ech alles na eng kéier goud, driien Plaque aus an klemmen eent propert Handousch zwëschen Deckel an Dëppen, su loossen ech de Bulgur ongeféier 10 Min. ruhen. En jiët dann besonnig fluffig.
- De Bulgur schmëscht waarem oder kaal, an lisst sech wonnerbar virbereeden. Am Frigo hält en sech 1 bis 2 Deeg.