Ech erënnere mëch, datt all kéiers wann ech beim “goldigen M” ässen wor, ëmmer eng Portioun Chicken Nuggets hat mussen dobäi sen. Ech kann mech äwer net erënneren datt se wirklech eng kéier richtig knusperig gewiässt solle sen 😉
Ech leen souwiesu net su vill Wiärt datt eppes knusperig sen muss, wann datt durich meng Art kooschen entsteht dann as et su. Ech fannen et mi wichtig datt et goud schmëscht, an dann kënnt richt datt knusperigt. Alles watt frittéiert oder an vill Ualeg gebrooden jëtt hat gruuss Chancen fir knusperig ze jiänn. Knusperigkeet vergeet äwer zimlech siier wanns du Liäwnesmëttel dono openeen tessels.
Chickennuggets as eppes watt all Mënsch jiären hat, et brausch een keent Messer an keng Forschette, kann een su op der Hand ässen. Mat engem gouden Dipp dobäi an all klengt Kand an gruust Kand as fruh.
Fleesch
Wie Wuort et well seet bestinn Chicken Nuggets aus Poulet, du kanns äwer o Dinde hualen. Ech han fir meng Nuggets Pouletfilet gehollt, déi han ech an Stécker van ongeféier 1 cm Déckt geschnidden.
Marinade
Fleesch muss net unbedingt marinéiert jiänn, Peffer an Salz deet et o. Ech fannen et allerdings besser wann ech mat verschidden Gewürzer spillen an testen kann. Su han ech des kéier eng Marinade aus Peffer, Salz, Paprikapolwer, Ingwerpolwer, Currypolwer, Sojazooss an Maizena gemaat. Maizena hëleft, datt Marinade besser am Fleesch pëschen bleift, an datt hanneno beim panéieren net zevill verluaren geht.
Panade
Bei der Panade has du d’Wiäll. Panéiermiähl, Pankomiähl oder Cornflakes. Panko as asiatischt Panéiermiähl. Den Ennerscheed zwëschen Pankomiähl an normalem Panéiermiähl as, datt Pankomiähl aus wäissem Brugt ouni Kuuscht besteht. Mëttlerweil fënd een an engem gouden Supermarché Panko oder an all Asia-Shop.
Bei Cornflakes jiänn Nuggets am knusperigsten. Kuck do am besten fir ongezockert Cornflakes ze hualen. Fëll se an eng Gefréiertuut an rull mam Nuddelholz driwer fir se kleng wie miilëch ze kreien.
Wanns du et bëssen mi extravagant wëlls kanns du o mat Tortillachips panéiren oder Kokosraspelen ënnert Panéiermiähl mëschen. An du kanns dengt Panéiermiähl o mat gehackten Mandelen mëschen fir mi een nossigen Aroma.
Ech han meng Panade äwer “einfasch” gehalen, bei mir as Panko-, gemëscht mat Panéiermiähl an Parmesan. De Parmesan drigt o mat dozou bei datt Nuggets knusperig jiänn.
Zoubereedung
Et jiänn verschidden Methouden fir Nuggets zou ze bereeden
- an der Frittös. Die meest Restauranten an Rezepter setzen op frittéiert Nuggets. Et geht siier an alles wat aus der Frittös kënnt as knusperig an bleift o am längsten knusperig. Do hat Frittös eindeutig Naas vir. Frittös op 170°C Grad virwiärmen an Nuggets 4-5 Min. frittéieren. Den Noodeel as leider datt Nuggets zimlech no deem Ualeg oder Fett schmaaschen datt an denger Frittös as.
- an der Pann brooden. Mat Olivenualeg, engem neutralen Ualeg oder Botterschmalz ongeféier 3 Min. van all Ségt brooden. Baussen jiänn se knusperig an bannen bleiwen se sching säftig.
- Am Schiäffchen baaschen. Mat oder ouni Ualeg déi 2 Metoude fonktionéiren. Ouni Ualeg jiänn se allerdings zimlech drëchen an et kënnt stëppsen wanns du se ëss 😉 . Mat Ualeg, datt heescht Baaschpapeier op eng Baaschplaque leen an den Papeier mat bëssen Ualeg anpinselen, bei 180°C Gard ongeféir 25-30 Min. baaschen. No der Halschent van der Zéckt muss du Nuggets äwer eng kéier driien.
Ech notzen die 2 lest Methouden, ech brooden se kuurz kräftig aan, leen se dann op eng Baaschplaque mat Baaschpapeier (den Baaschpapeier brausch net mat Ualeg angepinselt ze jiänn) an setzen se dann bei 180°C Grad fir ongeféier 10-15 Min. an de Schiäffchen. Viraan allem wanns du vill Nuggets maan wëlls fir z.B. een Kannergebuurtsdaag, as datt déi besten Methoud. No an No kommen ëmmer rëm waarem Nuggets no.
Chicken Nuggets
Schwierigkeit: einfasch4
30
Minuten30
MinutenZutaten
1 kg Pouletfilet
- Fir Marinade
1 TL Salz
1 TL Peffer
0,5 TL Paprikapolwer
0,5 TL Ingwerpolwer
0,5 TL Currypolwer
4-5 EL Sojazooss
1-2 geheeften EL Maizena
- Fir Panade
150 g Panéiermiähl
150 g Pankomiähl
50 g geraspelten Parmesan
3 Eier
200 g Miähl
Zoubereedung
- De Poulet an Stecker van ongeféier 1 cm Déckt schnégden.
- Alles fir Marinade goud mateneen vermëschen. De Poulet drënner mëschen. Op mannst 1 Stonn am Frigo durchzéien loossen. Am besten as natiirlech ëmmer iwert Näit.
- De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen, an eng Baaschplaque mat Baaschpapeier virbereeden.
- Pankomiähl mam Panéiermiähl an Parmesan mëschen.
- Panéierstrooss virbereeden, datt heescht een Teller oder Schossel mat Miähl, een mat deen opgeklappten Eier an een mat der Panéiermiählmëschung.
- Als nächst den Poulet panéiren, firtischt am Miähl driien, dann am Ei an dann am Panéiermiähl.
- An enger waarmer Pann, Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen, Nuggets kräftig vann deen 2 Ségten annbrooden an op d’Baaschplaque leen.
- Am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad färdeg baaschen.
- Ech haat Reis dobäi an een Dip aus Mayonnaise, Ketchup, gehackten Paprika an Schalott.