Minestrone as eng klassisch italienisch Geméisszopp, et kann een o bal vegetarischen Eintopf dozou soen. Eng Zopp die een zu all Saison ässen kann.
Zesaamenspill van Krégder, Tomaten, paar Nudelen, vill frëscht Geméiss an Parmesan as einfasch nëmmen köstlich.
Minestrone leet sech vam Wuort “minestra” aaf, watt Zopp heescht. Et fënnt een des Zopp an villen Regiounen an Italien an et as eent van deen älsten Rezepter déi et do jëtt.
Well die italienisch Këchen Regional as, jiänn et natiirlech Ënnerscheeder an der Zoubereedung. Et fënnt een se püréiert oder mat Stecker dran. Dann Ënnerscheed sech na, op Nuddelen an Zopp gemëscht jiänn, Gromperen, oder Baguette. Et kann een sech bei der Minestrone su richtig austoben, su jiänn et Regiounen die Lënsen oder Kicheriärbessen dran maan, oder Courgetten an Auberginen. Am besten hällt een sech ëmmer aan saisonal Produkter.
Watt lo genau Grondbestanddeeler van der Minestrone sen as ënnerscheedlich, bei deene meesten Rezepter as ëmmer een Soffritto an wäiss Bungen, Gromperen oder Nuddelen.
Traditionell jëtt Minetstrone an Italien als Entrée gäss. Mat deem watt alles dran as kann een se äwer o als Hauptplat ässen.
Minestrone
Schwierigkeit: mëttel4
Portionen30
Minuten1
StundeWatt brausch ech?
50 g wäiss Bungen
Olivenualeg
100 g kleng gewürfelt Ënnen
3 Ziiwen fein zriwene Knuawléck
100 g kleng gewürfelt Muurten
100 g kleng gewürfelten Stangenzellerie
2 EL Tomatenpürée
3-4 L Geméissbréit
100 g kleng geschnidden Poretten
30 g Nudelen fir Zopp
100 g kleng gewürfelt Gromperen
100 g kleng gewürfelt Tomaten
Salz & Peffer
je 0,5 TL Majoran, Oregano, Basilikum
frësch geraspelten Parmesan
Wie jëtt gekooscht
- Bungen iwert Nait an Salzwaasser wässeren. Dann mëll kooschen an aafschëdden.
- Olivenualeg an engem waarmen Dëppen erhëtzen.
- Ënnen op mëttler Hëtzt aanbrooden. De Knuawléck, Muurten an den Zellerie ënnermëschen, an su lang op niddrerger Hëtzt dënsten bis Geméiss mëll as.
- Tomatenpürée ënnermëschen, kuurz mat aandënsten. Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.
- Tomaten, Gromperen, Nudelen, Poretten an Bungen ënnert Zopp mëschen an na 20-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
- Parmesan dobäi reechen.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp