Crèmigen Randsragout mat Gromperen an Kohlrabi

Heisndo muss et einfasch jiät herzhaftes, wiärmendes sen, jiät watt no Doheem schmëscht. Genau su eent Rezept han ech hokt fir dech, eent Ässen, datt die kräftig Aromen van geschmortem Fleesch mat deem feinen séissen vam Kohlrabi an deem sämigen van den Gromperen vereent an all datt verbënnt sech an enger crémig, würziger Schmandzooss.

Watt ass su goud aan dësem Ragout ?

  • Et ass eent gemütlicht Ässen, datt van bannen wiäremt.
  • D’Schmandzooss verbënnt sech wonnerbar mat deem zaarten Fleesch an dem Geméiss.
  • Mat winigen Zutaten entsteht eent herzhaft Ässen.
  • D’Rester schmaaschen den Daag drop meestens na besser.

Zutaten an Zoubereedung

Ech bereeden natiirlich alles firtischt vir:

  • D’Fleesch schnégden ech an Würfel van ongeféier 2 cm
  • D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Sträifen.
  • De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
  • D’Gromperen schiälen ech an schnégden se an véirel.
  • De Kohlrabi, schiälen ech an schnégden en ongeféier gläich gruuss Stécker wi d’Gromperen.

D’Randfleesch, fir een gelongen Ragout brausch een datt rischtigt Fleesch, eent Stéck aus der Schëller oder Genéck eegnen sech besonnig goud fir ze schmooren, sie han mi een hiien Aandeel aan Bindegewebe. Während dem Schmooren verwandelt datt sech gemellig an Gelatine, datt suarigt fir eng fein Textur an eng kräftig Zooss.

D’Fleesch hualen ech well eng Stonn är ech et brooden aus dem Frigo an würzen et mat Salz an Peffer.

An enger waarerm Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm kräftig aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

Watt ass den Ënnerscheed zwëschen Ragout an Gulasch?

Gulasch kënnt aus Ungarn, an ass do o als „Pörkölt“ bekannt. Die klassisch Variant jiët dachs mat Paprika, Ënnen an Bréit zoubereet.

De Ragout hat sein Ursprong an der fransiischer Këchen, en ass mi villségtig an der Zoubereedung. Et jïet mat verschidden Zooss (rugd oder wäiss), verschidden Zorten Fleesch geschafft. Dachs ass d’Fleesch o mi kleng geschnidden wie bei der ungarischer Variant.

An der selwischter Pann an där ech well d’Fleesch aangebrooden han, brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se Faaref kreien. All goud Schmoorässen fänkt mat enger zoliter, aromatischer Grondlaag aan, an datt sen d’Ënnen an de Knuawelek. D’Ënnen entwéckelen durich datt gemelligt brooden een natiirlich séissen Aroma. Hual dir Zékt beim Aanbrooden van den Ënnen, du rëchs et wann se rischtig goud sen. Rischt wann d’Ënnen goud rauschen kënnt den Knuawelek dobaï, hän brengt eng angenehm Würzigkeet mat, jiët äwer nëmmen kuurz aangebrooden well en siier verbrennt an dann batter jiët.

Hei mëschen ech dann bëssen Thymian mat drënner, an réisteren deen zesammen mam Knuawelek kuurz aan. Genau wie de Knuawelek, sollen Krégder an Gewürzer nëmmen kuurz mat angeréistert jiän, well se siier verbennen an dann batter jiän.

Dann kënnt o rëm d’Naas an d’Spill, wann deen gouden Geroosch dir an d’Naas klëmmt, datt ass meestens just eng Saasch van paar Sekonnen, schëdden ech wäissen Wéng drop an läschen datt Ganzt aaf. Mam Aafläschen liiesen sech d’Röstaromen déi o well vam Fleesch aanbrooden om Buadem van der Pann entstannen sen. De Wéng brengt eng angenehm Saier an eng dezent Frëschheet an dësen Menü. Wëlls du keen Alkohl hualen kanns du o op Zitrounensaaft zeréckgräifen. Verzichst du ganz op d’Saïer déi de Wéng oder Zitrounensaaft matbrengt, schmëchs du am Ergebnis den Ënnerscheed, et fehlt dann jiät!

Subal den Wéng angekooscht ass, stëppsen ech alles mat bëssen Miähl an, datt déint dozou d’Zooss hanneno ze bannen an ze décksen, datt réisteren ech nëmmen kuurz mat aan, ouni datt et zevill Faaref aanhëllt.

Als nächst schëdden ech dann d’Bréit drop, hei béid sech natiirlech eng goud Randsbréit aan, alternativ kanns du äwer o eng Geméissbréit hualen. Sie brengt deen  rischtig, herzhaften Goût an dësen Ragout. Wann se dann na goud gewürzt ass, brauchs du baal keent Gewürz mi fir dein Ragout fiärdig ze kooschen.

Lo leen ech d’Fleesch rem dran, an op niddriger Hëtzt mat Deckel loossen ech d’Fleesch ongeféier 2 Stonnen schmoren.

No ongeféier 1 Stonn Kooschzékt leen ech d’Gromperen an den Kohlrabi mat dran. D’Gromperen sen an dësem Ässen bëssen mi wie nëmmen eng Zutat déi satt mëcht. Sie jiän dem Ragout Charakter an droen zur Sämigkeet van der Zooss bäi. Watt fir eng Zort Gromper datt’s du hëlls bleift ganz dir iwerloss. Die Festkooschend behaalen hir Form besser an sie han ëmmer na bëssen Biss. Die Miählischkooschend zerfällen liit an bannen zousätzlich Zooss.

Een ënnerschätzten Juwel ass den Kohlrabi, et ass eent wonnerbart Geméiss. Ech verstinn hokt gar net mi, friwatt ech deen als Kand gar net jiären haat 😉. En brengt liit séisslich, baal nossig Nuancen an dësen Ragout an datt ouni matschig ze jiän. De Kohlrabi gehiiert zur Familjen vam den Kappesgewächser, schmëscht äwer däitlich mi mëll wie deen Rest aus senger Familjen. Perfekt fir all déi net op deen typischen Kappesgoût stin. Den Deckel leen ech dann rëm op mein Ragout an lossen en op niddriger Hëtzt viraan kooschen bis d’Gromperen mëll sen.

An enger Schossel mëschen ech den Schmand mam Moster. De Schmand suarigt fir Crémigkeet an brengt eng angenehm Textur an d’Zooss. De Moster hiäft dezent den Goût ouni ze dominéiren an jiët su der Zooss eng angenehm Würzigkeet.

Ouni Deckel loossen ech dann den Ragout na bëssen kooschen bis Zooss op die gewënschten Konsistenz reduzéiert ass. Schmaschen an würzen evtl, na mat Peffer an Salz no. D’Zooss kanns du natiirlech o mat bëssen Maizeena bannen. Dofir de Maizeena am kaalen Waasser opliesen an dann ënnert Zooss réiren.

Optional, kanns du den Ragout dann na mat bëssen Zitrounensaaft aafschmaaschen.

Mat frësch gehacktem Péitersilich zervéiren, an eent Steck Baguette dobäi reechen.

Tipp aus menger Këchen

Falls du et na bëssen mi deftig han wëlls, kanns du zum Schluss bëssen gerriwene Parmesan oder Gruyère ënnert Zooss mëschen an deen schmëlzen loossen, datt saurigt fir na mi een intensiven Umami-Goût.

Fazit

Een rustikalen Ragout mat bëssen Raffinesse, deen weist, datt een mat winigen Zuaten eent wonnerbart Ässen zauberen kann. Probéier et aus an loss mech wossen wie et dir geschmaascht hat. Has du na Iddien fir Variatiounen? Schreif mir et an engem Kommentar, an deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane.

Crèmigen Randsragout mat Gromperen an Kohlrabi

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

20

Minuten
Schmooren

2

Stonnen

Zutaten

  • 600 g Randsgulasch

  • Salz & Peffer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 Ënn, an fein Sträifen geschnidden

  • 2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 100 ml wäissen Wéng

  • 1 EL Miähl

  • 200 ml Randsbréit, alternativ Geméissbréit

  • 5-6 Gromperen, geschiält an a véirel geschnidden

  • 1 Kohlrabi, geschiält an gewürfelt

  • 150 ml Schmand

  • 1 TL Dijon-Mostert

  • optional: bëssen Zitrounensaaft

  • optional: 1 EL Maizeena an 1 EL kaalen Waasser opgeliest fir Zooss ze bannen

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • D’Fleesch hualen ech well eng Stonn viraam brooden aus dem Frigo, fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann, datt würzen ech mat Salz an Peffer.
  • Während d’Fleesch Raumtemperatur aanhëllt, schnibbelen ech datt ganzt Geméiss.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch kraftig aan, datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Subal d’Ënnen goud rauschen an liit Faaref han mëschen ech de Knuawelek an den Thymian drënner an réisteren datt kuurz mat aan.
  • Wann et no Knuawelek an Thymian rëscht, läschen ech datt Ganzt mam wäissen Wéng aaf, an lossen deen ankooschen.
  • Als nächst stëppsen ech alles mam Miähl an, réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et zevill Faaref aanhëllt, schëdden dann Bréit drop an vermëschen alles goud mateneen.
  • Lo leen ech d’Fleesch rëm dran an op niddriger Hëtzt mat Deckel loossen ech d’Fleesch ongeféier 2 Stonnen schmooren.
  • No 1 Stonn mëschen ech d’Gromperen an de Kohlrabi drënner. Leen den Deckel rem drop an loossen mein Ragout viraan schmooren.
  • Subal d’Gromperen mëll sen, mëschen ech an enger Schossel de Schmand mam Moster an schëdden deen an mein Ragout, vermëschen alles goud mateneen an loossen Zooss dann ouni Deckel bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren. Optional, kanns du d’Zooss mat deem am kaalen Waasser opgeliesten Maizeena bannen.
  • Schmaaschen an würzen evtl. na mat Päffer, Salz an optional mat bëssen Zitrounensaaft no.
  • Mat gehacktem Péitersilich an Baguette zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*