Wann ech su aan Choufleur denken, erënneren ech mech dachs an deen liit muffigen Geroosch aus der Schulkantine. Oder Bomi hirt Botterzaart Geméiss mat bëssen Muskot. Ech jiän zou, bei mir haat de Choufleur net ëmmer deen besten Rouf. Datt hat sech äwer iwert Joeren geännert, dëst Geméiss hat nämlich eng spannend Vergangenheet an villäicht sugar eng knackig Zukunft.

D’Geschicht vam Choufleur
De Choufleur, wie mir en hokt kennen haat sein Ursprong an der Mëttelmiärregioun. Well am antiken Griechenland an Roum ass eng fréih Form vam Choufleur kultivéiert jiän, allerdings wor datt deemools net deen schingen wäissen Kapp wie mir et hokt gewiännt sen. Et wor ischter eng wëll Form déi deem hoktigen Broccoli ähnlich wor.
Am 16ten Joerhonnert ass de Choufleur an Frankräich aankommen. Iwer Italien, wu en hokt na „cavolfiore“ heescht, ass en beim Louis XIV aankommen an, an den Gärt van Versailles aangeplanzt jiän, van do aan wor de Choufleur d’Geméiss vam Adel.
Am 18ten Joerhonnert hat sech de Choufleur o bei eis etabléiert. Die klimatisch Bedingungen, kéil äwer net ze äisig han sech als ideal erwissen. De Choufleur ass siier an gruussen Quantitéiten aangebaut jiän.
Firwatt ass de Choufleur wäiss?
D’Urform vam Choufleur wor net wäiss, en wor gréinlich bis moof. Die hokt typisch „Porzelengfaaref“ ass d’Ergebnis van Ziichtungen. Deen klassischen Choufleur ass eng sugenannten Wucherung. Den Deel deen mir hokt ässen, bleift wäiss, well d’Bläder en vriaan der Sonn schützen. Ouni d‘Sonn bild Planz kaum Chlorophyll, datt Pigment watt de Broccoli gréin fiäreft.
Fréier sen d’Bläder van den Baueren manuell iwert dem Kapp festgebonnen jiän. Hokt durich modern Ziichtungen an gezielt Aanbautechniken, waassen verschidden Zorten su, datt sech die bannëcht Bläder vam selwen rondrëm de Kapp leen, eng natiirlich Schattéirung. An genau doweenst ass de Choufleur wäiss.

De Choufleur hokt
Hokt ass de Choulfeur aus eisen Këchen net mi fortzedenken. En lisst sech an vill verschidden Variatiounen verschaffen, an datt wégt iwert datt klassicht Kooschen.
Du kanns en:
- rii ässen, mat engem würzigen Dip.
- Dënsten, kooschen, brooden, réisteren oder grillen.
- Püréieren als alternativ zum Gromperenpürée.
- Fermentéiren
- Kleng geraspelt, als sugenannten Choufluer-Räis jiët en sugar als Pizzabuadem gehollt, an datt schmëcht gar net mol su schlecht.
De Choufleur ass ballaststoffräich, kalorienaarem an stëcht voll Vitamn C, Vitamin K an Folsäier. Ausserdeem enthält en sugenannten Glucosinolate, datt se sekundär Planzestoffer, déi eng entzündgshemmend Wirikung kannen han.

Saisonalen Genoss
Noohaltig fängt beim Ankoof aan, an liäft an der Këchen. An dann ass et goud ze woossen, de Choufleur hat van Mai bis Oktober Saison. D’Hauptzékt ass am Summer, perfekt fir eng liit Summerkëchen, Bowls, Geméisspannen oder fermentéiert als Reserve fir de Wanter.
Amaan, Ankooschen, Fermentéieren
De Choufleur ass net iwig haltbar, lisst sech äwer iwerraschend goud konservéiren, an datt sugar ouni Truh.
01. Fermentéiren
Fir déi die deen liit säirlichen Goût jiären han ass d’Fermentatioun eng wonnerbar Liesung. Eng Uraal Methoud, net nëmmen fir d’Geméiss haltbar ze maan, mee o mi gesond. Durich den natiirlichen Gärprozess entstinn Mëlichsäierbakterien, déi goud fir den Daarm an d’Immunsystem sen. An kleng Ruussen zerdeelt, mat Gewürzer an Krégder an proper Gläser leen, an eng 2%-3% Salzliesung drop schëdden, bei Zëmmertemeratur 5-10 Deeg stoen loossen. Dono kéil Lageren. D’Ergebins ass eng knusperig-säerlich Delikatesse, perfekt als Beilaag oder fir ze snacken.
02. Ankooschen
O d’Ankooschen fonktionéiert, am besten an enger Kombinatioun aus Gewürzer, Krégder an bëssen Essig. Su entsteht een mëllen Choufleur-Pickle, deen sech am Glas iwert paar Méint hällt. Eng wonnerbar Ergänzung zu Zalooten, Sandwiches oder anner Ässen.
03. Anfréieren
An natiirlich d’Anfréieren, ech blanchéieren dofir de Choufleur kuurz am kooschenden Salzwaasser. Vakumméieren en noom auskéilen an fréiren en an.

De Choufleur an der Zukunft
D’Këchen entwéckelen sech ëmmer mi zum Planzlichen, Noohaltigen an Kreativen, an genau do bléiht de Choufleur rischtig op.
Bei Vegetarier ass en längst vam Beilaagen-Geméiss zum Hauptdarsteller jiän:
- Als Choufleurnuggets aus dem Schiäffchen
- Als Choufleursteaks
- Als Choufleurräis
- als crèmig Zopp
En passt sech aan, an genau datt ass seng Stiärikt. An sugar d’Ziichtungen entwéckelen sech vriann, et fënnt een ëmmer mi dachs moof, orange oder sugar gréin Varianten. Sie enthaalen zousätzlich Planzestoffer well se mi Sonn matkreien an Chlorphyll opbauen. Sie schmaaschen genausu goud, dachs sugar mi nossig an sie brengen ordentlich Faaref op den Teller.

Fazit
Wanns du die nächst kéier om Maart ënnerweeg bas, koof de Kapp Choufleur an probéier jiät neies. An denk draan, dëst Geméiss hat Geschicht, Charakter an ganz vill Potential.
Choufleurpann mat Kooschelen an Knuawelek
4
Portiounen30
Minuten20
MinutenZutaten
1 Choufleur, an kleng Ruusen zerdeelt
250 g Kooschelen, an véierel geschnidden
1 Ënn, gehackt
3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Olivenualig fir ze brooden
Salz & Päffer
frëschen Péitersilich
Zoubereedung
- Deen gewäschene Choufleur blanchéieren ech fir paar Min. am kooschenden Salzwaasser, aafschëdden an goud aafdrëpsen loossen.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien.
- Dann mëschen ech d’Kooschelen drënner an broden déi brong aan. Rischt dann würzen ech mat Salz an Päffer.
- Als nächst mëschen ech de Choufleur drënner an brooden deen mat. En kann bëssen Faaref an Röstaromen kreien. Schmaaschen an würzen evtl, na no.
- Zum Schluss mëschen ech na gehackten Péitersilich mat drënner.
- Optional: een deen wëll kann da na gebroodend Fleesch ënnermëschen. Oder en mat engem Komb Zaloot als vegetarischen Menü genéissen.