Faarwen om Teller

Een Klassiker am Wandel van der Zékt. Eng perséinlich Réis zwëschen Këchen, Kultur an Noohaltigkeet.

Et jiän Ässen déi begleeden eis wie een aalen Frënd durich d’Liäwen. Sie veränneren sech mat eis, passen sech aan, an bleiwen äwer ëmmer gläich. Fir mëch ass eent van deen Ässen, eng faarwig Pann mat Geméiss, Poulet, annert Fleesch oder ganz ouni, zervéiert op engem goud rauschenden Pilawräis.

Hokt hualen ech dech mat op eng kleng Réis durich d’Geschicht van dësem Ässen, ech erzällen dir van wu et kënnt, firwatt et su schmëscht wie et schmëscht, an wi mir et hokt mat engem bewossten Bléck op d’Zutaten an d‘Ëmwelt nei denken kannen, ouni dobäi op den Genoss ze verzichten.

Wie hat et aagefongen, den Ursprong legt an der Levante

O wann hokt die faarwig Pouletpann an villen Länner op den Dësch kënnt, ob als mediterran Geméisspann, als asiatisch inspiréiert Wok-Variant oder als herzhaft Ässen aus dem Schiäffchen. D’Wuurzelen leien déif an der levantinischer Këchen. Länner wie Syrien, Libanon oder Türkei han iwert Joerhonnerten Rezepter entwéckelt, an deenen Poulet, Räis an Geméiss eng zentral Roll spillen.

Besonnig spannend ass, de Pilawräis, deen dës Pann su besonnig mëcht. Heen ass selwer een kulinarischen Weltenbummler. Ursprünglich kënnt de Pilawräis aus Persien, do ass dësen Räis mat Bréit, Gewürzer, dachs mat Ënnen an heinsdo mat gedrëchent Friischten verfeinert jiän. Iwert d’Joerhonnerten ass dës Technik iwert deen ganzen Orient bis Südeuropa an Indien gewandert.

Datt sech dëst Rezept ausgerechent hei an Europa su etabléiert hat, legt aan der „Anwanderungskëchen“. An de 60er, 70er Joeren han Anwanderer net nëmmen Aarbichter matbreit, mee o hir Rezepter, an watt soll ech soen, Paprika, Ënnen, Knuawelek an Poulet passen an all Doheem.

Eis Welt wiist durich Anwanderer, genausu wie eis Këchen, déi sech aan dës Welt aanpassen. Kultur an Kulinarik sen ontrennbar mateneeen verbonnen. All nei Zutat, all neit Gewürz, déi aus anner Regiounen kommen, maan eis Menukaart net nëmmen mi gruuss mee sie roufen o op fir ze experimentéieren. Su entstinn Këchen, déi oppen, liäwig an mënschlich sen.

Entwéckelung an Villfalt

Die faarwig Pouletpann hat sech an deen letzten Joerhonnerten verännert, net radikal, äwer konstant. Fréiher ass alles rustikalt an der Pann geland: graff gehackten Ënnen, Paprikasträifen, Knuawelek an Fleesch.

Hokt duaref et mi raffinéiert sen :

  • Fir deen besten Goût jiän bei mir d’Ënnen liit karamelsiéiert.
  • De Paprika, jiët kräftig an kuurz aangeréister, fir d’Röstaromen ze hiäwen.
  • De Knuawelek, ganz fein gehackt oder am Ualig conféiert an rischt ganz zum Schluss drënner gemëscht.
  • Fir de Goût ze hiäwen an Frëscheet ze brengen schaffen ech jären mat Zitrounensaaft.
  • De Poulet oder annert Fleesch am viraus gesalzen an kräftig gebrooden.

Watt bleift ass de Genoss. Et ass eent Ässen datt no Doheem schmëscht an zur gläicher Zékt opp ass fir nei Anflëss.

Pilaw trëfft Paprika, d’Spill mat den Aromen

Firwatt passt datt alles eigentlich su goud beineen?

  • De Paprika brengt Séissheet an Frëschheet.
  • D’Ënnen liweren Umami.
  • De Knuawelek surarigt fir eng herzhaft Basis.
  • De Poulet brengt Protein an de Fleeschgoût.
  • An de Pilawräis? deen ass datt aromatischt Fundament, deen mëllen Ënnerscheed zu deen kräftigen Aromen aus der Pann.

Ech hualen fir den Pilawräis meestens een Langkärenräis, eng Mëschung aus wäissem an wëllen Räis. Interessant Alternativen kannen Dinkelräis oder Emmer sen, sie han mi Biss an brengen een liiten nossigen Aroma.

Een gouden Pilaw fängt iwerigens domatt aan, datt Ënnen am Botter oder Olivenualig gebrooden jiän bis se mëll sen an goud rauschen, äwer ouni datt se Faaref kreien, do drop kënnt dann de Räis deen liit angeréistert jiët. Rischt dann jiët d’Bréit drop geschott, am besten natiirlich eng selwer gemaaten. Mat zouenem Deckel jiët de Räis dann op niddiger Hëtzt quellen gelooss bis en die ganz Bréit opgehollt hat. Ween et jiären ganz besonnig raffinéiert hat, kann Sternanis oder bëssen Cannelle, Kurkuma oder Cumin drënner mëschen, su hëlls du dir bëssen Orient an deng Këchen.

Modern Anflëss an noohaltigen Genoss

An enger Zékt an der Noohaltigkeet, Regionalitéit an artgerecht Haltung van den Déiren ëmmer mi wichtig jiët, stellt een sech natiirlich Froojien wie een dëst Ässen mat goudem Gewëssen zoubereeden kann.

  • De Poulet aus gouder Haltung, am besten van engem Ziichter deens du kenns, wu’s du wees et se glécklich Houhner.
  • Saisonalt Geméiss: Am Platz ëmmer op Paprika ze setzen, kanns du am Hiärest z.B. op Kürbis oder Mangold zereckgräifen, am Féihjoer op Zockerschoten oder Spargel. D’Ënnen an den Knuawelek ass een festen Bestanddeel, sie sen zoustännig fir den Goût.
  • Rester veschaffen: Aus iwerig gebliwenem Pilawräis lisst sech wonnerbar eng gebrooden Räispann mat Ei zoubereeden. An de Rest Poulet kann kaal als Proteinquell an engem Wrap oder an enger Zaloot genotzt jiän.
  • Vegetarisch Alternativen: Am Platz vam Poulet kanns du marinéierten Tofu oder gebrooden Krüterseitlingen hualen.
  • Watt natiirlich na goud an dës Pann passt, ass Feta, deen rischt kuuzr vriaan Schluss ënnergemëscht jiët.

Watt Bomi well wosst

Fréiher wor net all Daag frëscht Geméiss verfügbar. Do wor d’Anleen, d’Ankooschen an d’Fermentéiren iwerliäwenswichtig.

  • Fermentéiert Ënnen oder Knuawelek, z.B. am Hunnig oder Essig, datt brengt net nëmmen Würzigkeet, mee o probiotisch Virdeeler.
  • Angekooschten Paprika, villäicht als Ajvar oder Paprikapast, sie eegnen sech perfekt, fir der Pann am Wanter Faaref an Goût ze jiän.
  • An dann natiirlich, d‘Pann zoubereeden an Portiounsweis anfréiren, su hat een ëmmer eng Reserve.

De Bléck no vir

Goud Këchen mëcht net nëmmen satt, mee sie erzällt Geschichten. Sie verbënnt Generatiounen, Kulturen an die verschidden Liäwensarten. Dës faarwig Pouletpann op Pilawräis ass fir mech su eent Ässen: einfasch, wandelbar an éierlich.

An der Zukunft setzen mir eis villäicht na mi domatt auserneen watt op eisen Telleren land. Mir wärten mi kooschen an verschaffen watt bei eis wiist. An mir wärten mi dachs zesaammen aam Uawen stoen, net nëmmen fir den Goût, mee o fir d’Gemeinschaft.

Faarwen om Teller

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

15

Minuten
Kooschen

25

Minuten

Zutaten

  • 500 g Poulet, an dënn Sträifen geschnidden

  • Salz

  • Botterschmalz oder Olivenualig fir ze brooden

  • Päffer

  • 3 Paprika, an Sträifen geschnidden

  • 2 Ënnen, an Sträifen geschnidden

  • 3 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt

  • 2 Tl séisst Paprikapolwer

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Péitersilich fir Garnitur

  • Fir de Räis
  • 250 g Langkärenräis

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 500 ml Bréit

  • Botter oder Olivenualig

Zoubereedung

  • Fir de Räis
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech op niddrig Hëtzt Botter oder Olivenualig, do dran brooden ech d’Ënnen, bis se mëll se, goud rauschen, passen äwer do drop op, datt se keng Faaref aanhualen.
  • Do drop schëdden ech de Räis an réisteren deen kuurz mat aan. Als nächst schëdden ech d’Bréit drop, driien d’Hëtzt bëssen rop an loossen et opkooschen. Dono driien ech d’Hëtzt op ganz niddrig, leen den Deckel fest drop an loossen den Räis quellen bis en die ganz Bréit absorbéiert hat.
  • Subal de Räis fiärdig ass, klemmen ech zwëschen den Deckel eent propert Handdousch oder Këchenpapeier, drecken den Deckel fest drop an driien Plaque aus. su jiët de Räis besonnig fluffig an en hällt Hëtzt locker 1 Stonn.
  • Pouletpann
  • De Poulet salzen ech well liit owes virdraan an loossen en am Frigo iwert d’Nait durich zéien. Datt hat deen Virdeel datt et dir hanneno beim brooden ganz vill salzen spart, an d’Fleesch bleift mi saaftig.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz oder Olivenualig an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm kräftig aan, würzen mat Päffer. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • D’Hëtzt driien ech dann raaf an, an der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen bis se mëll sen, goud rauschen an liit Faaref kreien.
  • D’Hëtzt driien ech dann rop an mëschen den Paprika drënner an brooden deen kräftig aan. Wann deen liit Faaref krii hat, driien ech d’Hëtzt raaf an loossen en brooden bis en mëll ass.
  • Als nächst schëdden ech d’Zitrounensaaft drop an loossen deen ganz ankooschen. Zitrounensaaft brengt Frëschheet an hiäft de Goût.
  • Datt würzen ech mat Salz, Päffer an Paprikapolwer. Wanns du Iddi has, kanns du hei o na bëssen Thymian an Rosmarin drënner mëschen.
  • Zum Schluss mëschen ech d’Fleesch mam ausgetroddene Saaft rëm drënner en erhëtzen datt.
  • Een Deel vam Péitersilich mëschen ech ënnert meng Pouletpann an bëssen haalen ech es fir hanneno ze garnéieren.
  • Zervéieren: De Räis verdeelen ech an déif Telleren an leen d’Fleesch drop, datt garnéiren ech na mat bëssen Péiersilich. Goud passt hei eng einfasch Zaloot oder Knuaweleksbaguette.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*