Gefëllten Courgetten

Hogt an mengem Artikel drigt sech alles ëm Courgetten, bei mir sugar ganz frësch Courgetten aus dem Gaart. Dëst Ässen vereent d’Frëschheet van der Courgette mat enger herzhafter Fëllung aus Gehacktes, Kiischtentomaten an Mozzarella.

Van Italien bis Griechenland hat all Regioun hier ganz eegen Versioun fir Courgetten ze fëllen an déi sie stolz als hir eegen bezeechnen.

Ursprünglich als einfascht Ässen, fir Rester ze verschaffen gedeit hat sech dëst Ässen zu engem beléiften Klassiker entwéckelt, deen een Hokt an villen Këchen weltwégt fënnt. Ob gefëllt mat Gehacktes, Reis, Quinoa oder Geméiss – et ass eent flexibelt Ässen, datts du genau dengem Goût aanpassen kanns.

Zutaten fir meng gëllten Courgetten

Fir datt mein Menü gelengt brausch ech mëttelgruuss Courgetten, Gehacktes am besten ongewürzt, Kiischtentomaten an Mozzarella. Fir deen rischtigen Goût suarigen Salz, Peffer, Thymian, Oregano, Ënnen, Knuawléck an Péitersilich. Dann brausch ech na Eier an Panéiermiähl oder eent aalt Brigdchen, bëssen Mëlich an bëssen Waasser, ausserdeem han ech na zousätzlich Parmesan mat drënner gemëscht.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken se fein. Watt se mi fein gehackt sen watt sech den Goût am Gehacktes besser verdeelt.

D’Courgetten wäschen ech grëndlich, schnégden d’Enner aaf an schnégden se längs an 2 Halschenten. Mat hëlef van engem Läffel kratzen ech datt Bannëscht raus, lossen äwer een Rand van ongeféier 0,5 cm stoen

Den Mozzarella schnégden ech an kleng Würfelen an Kiischtentomaten wäschen ech an halbéiren se.

Fir Gehacktes, weechen ech datt aalt Brigdchen an bëssen Mëlich an, wann datt goud mëll ass drécken ech et aus an mëschen et mat Salz, Peffer, Thymian, Oregano an dem Péitersilich, ënnert dës Mëschung mëschen ech Gehacktes an d’Ei. Wann alles goud vermëscht as mëschen ech de Mozzarella, Kiischtentomaten an de Parmesan drënner.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Gehacktesmëschung fëllen ech an Courgetten an setzen déi an eng feierfest Form.

Als nächst schëdden ech bëssen Waasser bei Courgetten an decken se mat Sëlwerpapeier zou. Su setzen ech se fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 25 Min. hualen ech den Sëlwerpapeier raaf an setzen se na eng kéier fir 20 Min. bis 25 Min. an den Schiäffchen, fir datt alles durich gart an den Kiiss schmëlzen kann an goldbrong jëtt.

Tipps

  • Pass do drop op, datt Courgetten fest an net ze gruuss sen, mi gruuss Courgetten sen meestens wässerig an han manner Goût.
  • Du kanns d’Fëllung ganz dengem Goût aanpassen an deems du anner Krégder hëlls an viellächt na bëssen Chili mat drënner mëchs.
  • Pass op mam Salzen, vill Kiiszorten sen salzig!

Varianten

  1. Italienisch Variant (Zucchine Ripiene): Hual Randsgehacktes an mësch et mat Parmesan, frëschem Basilikum an Ricotta fir eng cremig Textur ze kreien.
  2. Griechisch Variant ( Kolokithakia Yemista): Hei jëtt Lammgehacktes gehollt, datt mat Canelle an Mënz gewürzt an mat Reis vermëscht jëtt, am Platz vam Mozzarella jëtt hei Feta-Kiiss gehollt, fir na mi een salzigen Goût.
  3. Türkisch Variant (Kabak Dolmas): Eng Variant ganz ouni Fleesch mat enger Mëschung aus Reis, Ënnen, Pinienkären an Korinten, gewürzt mat Mënz, Dill an bëssen Canelle, an si jänn mat Joghurt zervéirert.

Gefëllten Courgetten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

50

Minuten

Zutaten

  • 4 Courgetten, längs halbéiert an ausgehollt

  • Fir d’Gehacktes
  • 500 g Gehacktes, ongewürzt

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawkléck, fein gehackt

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 TL Thymian

  • 1 TL Oregano

  • 1 Ei

  • 1 aalt Brigdchen, an bëssen Mëlich angeweecht

  • 1 Boule Mozzarella, kleng gewürfelt

  • 6-8 Kiischtentomaten, halbéiert

  • 100 g Parmesan, frësch geriwen

  • 100 ml Waasser

Zoubereedung

  • An enger Schossel mëschen ech datt ausgedrécktent Brigdchen mam Salz, Peffer an den Krégder, dann mëschen ech Gehacktes an d’Ei mat drënner.
  • Wann alles goud vermëscht ass, mëschen Tomaten, den Mozzarella an den Parmesan drënner.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.
  • Gehacktesmëschung fëllen ech ant Courgetten an setzen déi an eng feierfest Form.
  • Ech schëdden bëssen Waasser dobäi, su datt den Buadem just bedeckt ass. Dann decken ech d’Form mat Sëlwerpapeir zou an setzen se fir 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.
  • No deen 25 Min. hualen ech den Sëlwerpapeir raaf an setzen se na eng kéier fir 20 Min. bis 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen, bis alles durich gar an den Kiiss goldbrong geschmolz ass.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*