Zivilisatioun hat mam Feier aagefongen, an d’Feier brengt eis o Hogt na ëmmer zesaammen. Rösten an garen iwert dem oppene Feier wor die ischt Form vam kooschen. An o hogt stin Männer na jären ronderem Feier, dranken Béier an bereeden riit Fleesch zou. Beim Feier handelt sech meestens em Holzkualen oder Gasgrill. Et jëtt äwer een Trend zum Grillen, den Smoker, deen o mat richtischem Holz gefeiert kann jiänn. Durich smoken krëtt Fleesch deen richtischen Rauchgeschmaasch.
Et as net egal watt fir een Holz een fir ze grillen hëllt. Ech han lo bëssen gewoult an recherchéiert am Netz an do jëtt meestens van Bouschenholz geschriwen. Et soll net mi lang wie 20 cm an net mi deck wie 8 cm sen. Goud Holzzorten fir ze grillen an ze reecheren sen, Bousche, Eechen, Erle, Birik, Walnoss an Waakelter. Datt jiff dem Fleesch een besonnëchen feinen Geschmaasch jiänn. Et jëtt o geschriwen datt et net egal as watt fir een Grill datts du has, die bëllig Griller aus dem Baumaart han ze dënnt Blech.
Ech han läst Joer deck Stécker Holz an menger Feierplatz gebrannt, an su lang gewaard bis et Kualen woren, an déi dann an den Grill geleit. An mein bëlligen Grill aus dem Baumaart hat datt o su hin krii. Mais ech sen jo just eng Frau 😉 . Ech notzen mein Pizzagrill als Feierplatz, waarden bis Feier su wegt raaf gebrannt as datt ech just na Kualen han, schëppen Kualen dann an mein Grill an grillen mengt Fleesch an Geméiss. Datt hat natiirlech näist mat deem romantischen Lagerfeier ze doen wu een gemütlich ronderem setzen kann an Béier drënkt.
Mais kommen mir mol zum Fleesch, o wann Mann grillt, hat Frau aarbischt fir alles prett ze stellen.
Du kanns baal alles op den Grill schmäissen wanns de wees wis du mam Feier ëmzegoen has. Direkt Hëtzt fir datt starrikt aangrillen, indirekt Hëtzt fir et färdeg ze grillen. Oder ëmgedrigt, firtischt indirekt Hëtzt an dann starrik fir just na Röstaromen raus ze kreien.
Bei eis juff et Entrecôte, op Däitsch Zwischenrippensteak an am Englischen Rib-Eye, et as deen fiischten Deel vam Randsréck an gëllt als “Steak fir Kenner” fir mech o eent van deen besten Stecker vam Rand. Vill Gewürzt muss datt Fleesch net jiänn, all Marinade jiff deen goude Goût van deem Stéck Fleesch nëmmen verdiärwen. Ech reiwen meng Steaken äwer den Owend virdraan oder op mannst 1 bis 2 Stonnen viram grillen mat grawem Salz an. Ech hualen Fleesch o fréi genou aus dem Frigo, fir datt et Raumtemperatur aanhëllt. Loss dir Fleesch bei Metzler an ongeféier 4 cm déck Scheiwen schnegden.
Et as äwer net nëmmen Fleesch gegrillt jiänn, o Geméiss schmescht goud vam Grill.