Spargelen

Vam Spargel jëtt sugar behaupt en wir/as datt kiniglischt Geméiss. Viran langer Zéckt sen seng eenzigartig Fähigkeeten am aalen Grieschenland well erkannt jiänn. Durich die heelend Wirkung die Wuurzel hat, as de Spargel an villen europäischen Kluusteren verschafft jiänn.

Spargelen sollen frësch gepléckt an direkt verschafft jiänn. Sie jiänn geschiällt, gewäsch, deen holzigen Deel aafschnegden. Dann kooscht een Waasser mat Salz (bëssen Zocker) op, ech maan an mengt Spargelwaasser o na ëmmer bëssen Zitrounensaaft an keen Zocker mat dran. Spargelen dran leen kuurz opkooschen loossen an Hëtzt dann raaf driien. An se su am waarmen Waasser ongeféier 10 Min. zéien loossen. Durich ze starikt kooschen kannen Spargelspetzen aafbréchen.

De Spargel as ganz siier zum Lieblingsässen vam Adel an Europa jiänn. Sugar de Sonnekinnig konnt net genou van deem gouden Geméiss kreien.

Ob am Dëppen, an der Pann oder am Schiäffchen, sugar engem einfaschen Grill hat de Spargel sein Glanz jiänn.

Ganz goud, fir Spargelen ze kooschen as eent Spargeldëppen, dodran jëtt de Spargel am stoen gekooscht. Et muss een do o net suvill Waasser dran maan. Mam Deckel drop, jiänn Spargelen durich den Waasserdamp gar. De Spargel soll su drëchen wie miilech zervéiert jiänn, noom kooschen de Spargel an Këschenpapeier oder eng stofften Zervéit anwecklen, su bleift en waarem an die iwerschëssich Flëssigkeet jëtt vam Dousch/Papeier opgesukelt.

Sugar ouni irgendeng Zooss as den Spargel einfasch nëmmen köstlich, et kann een natiirlech o die verschidden Zossen wie Hollandaise, bronge Botter, eng Mousseline oder eng Maltaise dozou reechen.

Spargelzaloot

Zu kaalen Spargelen kann een eng würzig Vinägrette maan oder eng Mayonnaise zervéiren.

Faaref vam Spargel hängt natiirlech ëmmer dovaan aaf wivill Sonn Planz aafkrëtt, firtischt jëtt en moof, an dann gréin.

Gréine Spargel wäschen, schiällen an deen holzigen Deel aafschnegden. Gréine Spargel muss net unbedingt geschiällt jiänn.


Om Grill

Aus 4 EL Olivenualeg, Saaft van 1/2 Zitroun, 1 El frësch gehacktem Estragon, Peffer an Salz een Dressing réiren. Iwert Spargelen schëdden an se 30 Min. durich zéien loossen. 3-4 Spargelstangen mat enger Scheif gereechter Ham ëmwécklen an se an enger Grillschaal durich indirekt Hëtzt 10-15 Min. grillen.


Flämisch Art

1 waaremt Eijäll trippsen, würzen an mat 60 g geschmolzener Botter mëschen. Datt iwert Spargelen verdeelen.


Gratinéiert

Eng Kiiszooss (Mornay) zoubereeden an iwert Spargelen schëdden. Bëssen frësch geraspelten Parmesan driwer verdeeln an am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.


Mailänder Art

Eng Plaque mat Baaschpapeier ausleen an frësch geraspelten Parmesan driwer verdeelen. Deen am Zitrounenwaasser gekooschten gréine Spragel do drop leen an iwert Spëtzen na bëssen Parmesan verdeelen. Geschmolzene Botter driwer schëdden. Et kann een se o na bëssen am waarmen Schiäffchen iwerbaaschen.


Spargel-Lasagne

750 g gréine Spargel, schiälen, wäschen an am Salz-Zitroune-Waasser 10 Min. kooschen. Eng Velouté aus Houhnerfond kooschen, 125 ml Rahm ënnerréiren. 100 g Fontina an der Zooss schmëlzen loossen. Lasagnenudelen firtischt am Salzwaasser kooschen, ausbreeden an mat 1 Scheif gekooschen Hamm an 3-4 Spargelstangen anwécklen. Rullen an eng feiefest Form leen, Zooss driwer schëdden an am waarmen Schiäffchen bei 220 grad ongeféier 15 MIn. iwerbaaschen.


Polnisch Art

Spargelen an eng Schossel leen. Gehackten hart gekooschten Eier an gehackten Péitersillisch driwer verdeelen. 100 g Botter schmelzen an mat 20 g Panéiermiähl mëschen an iwert Spargelen schëdden.


Spargelpizza

Pizzadeeg zoubereeden, an ausrullen oder auserneenzéien, 1 gepressten Ziif Knuawléck mat 1,5 EL Olivenualeg op dem Deeg verdeelen. 300 g Spargel an bëssen Geméissbréit mam Saaft van 1 Zitroun an bëssen Botter dënsten. Goud aafdrëpsen loossen an om Deeg verdeelen. 1/2 Tass Béchamelzooss driwer verdeelen. 1/2 Büffelmozzarella zerplécken an op Pizza verdeelen. Een deen lo na mi Kiis drop wëll kann o na zousätzlich 25 g frësch geraspelten Pecorino driwer streien. Am waarmen Schiäffchen bei 220 grad ongeféier 20 Min. baaschen. Am Pizzauawen geht datt natiirlech mi siier.

Spargelpizza kann een o mat Tomaten maan, Pizzadeeg zoubereeden an ausrullen, 1 gepressten Ziif Knuawléck mat 1,5 EL Olivenualeg om Deeg verdeelen. 300 g Spargel an bëssen Geméissbréit mam Saaft van 1 Zitroun an bëssen Botter dënsten. Goud aafdrëpsen loossen an om Deeg verdeelen Spargel op der Pizza verdeelen, Tomatenscheiwen driwer leen an mat 2 EL frësch geraspelten Parmesan bestreien. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 20 Min. baaschen.


Frittéiert Spargelen

2 Eier trennen an Eiwäiss mat enger sprutz Zitrounesaaft steif schloen an de Frigo stellen. 500 g wäissen oder/an gréine Spargel, schiälen, wäschen an 10 Min. am Salz-Zitrounenwaasser blanchéiren, goud aafdrëpsen loossen. Die 2 Eijäll mat 1 EL wäisse Wéng, 1 EL Waasser an 1 EL Miähl goud vermëschen, salzen an bëssen quellen loossen. Eiwäiss ënnerhiäwen. Spargelen an den Deeg zoppen an der Frittös oder am Botterschmalz ausbaaschen.


Iwerbaaschene Spargel

1 kg gréinen oder wäissen Spargel am Salz-Zitrounen-Waasser bëssfest garen, goud aafdrëpsen loossen an se an eng feierfest Form leen. 250 ml Rahm erhëtzen vam Feier zéien an 2 Eier ënnerschloen. 1 Basilkumast an 1 Zitrounenthymian kleng hacken an ënnert Zooss mëschen. Mat Salz an Peffer würzen. Zooss iwert den Spargel schëdden an am waarmen Schiäffchen bei 200 Grad 5 Min. gratinéieren.


Spagel mat kaalem Sauerrahmbasilkumdip

1,5 kg gréinen oder wäissen Spargel, schiälen an am Salz-Zitounen-Waasser gar kooschen, goud aafdrepsen lossen an waarem stellen. 200 g sauer Rahm mat 1 Bott gehackten Basilkum mëschen, mat Salz an Peffer würzen an 30 Min. kaal stellen. Bei deen waarmen Spargel reechen.

Hei as lo eng Iddi mat enger kaaler Zooss, goud schmëscht äwer o eng Tomatenszooss beim Spargel.

Entrecóte mat Spargelzaloot

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*