Stell dir fir, am Mëttelalter hätt een zu den Mönche gesoot, datt hirt strengt Kiricheweihfest, „Kirch Messe“ kuurz Kirmes, sech zu engem 3 Deeg langen Fest mat Spill an Spass entwéckelen jiff, déi hätten wahrscheinlich hirt Dëppchen mam Weihrauch fällen gelooss. Ursprünglich wor d’Krimes nämlich streng kathoulisch. All Joer ass aan d‘Weihfest van der Kirich gedeit jiän, et hat een den Schutzheligen gefeiert, et hat een sech d’Maass aangelauster, dann juff et eent Festässen, an dann es een rem brav schaffen jiangen. Rischt no an no hat sech den Schwéierpunkt vam Kirchenchouer zum Joermaart an vam Altor zu den Knuppautoen entwéckelt.

Van der „Kirichweih“ zur Wämper Kirmes
O hei zu Wampich hat alles an der Kirich aagenfongen. Ab deem spéiden Mëttelalter wor die lokal Por enge van deen wichtigsten aus dem Éislek. Die hoktig Kirich „Saint-Jean-Népomucène“ ass ëm 1870 erwégdert an ëmgebaut jiän an hat an deen Joeren drop sein schlanken Turem krii, mam Niäwenpatroun, den Hl. Donatus, een Spezialist geent Donner an Knappestäng. Na, hokt ass eng Prozessioun zu éiren vam Hl. Donatus, oh wann et mëttlerweil mi no Zockerwatt rëcht wie no Weihrauch.
Deemols, mir schwätzen van enger Zekt wu een festen Handrock na gezallt hat, sen vill Gléiwiger aus deen verschiddenen Diärfer op Wampich kommen. De Kirmesdaag wor Mass, Maart an eng Mini-Pilgerréis an engems. Händler han probéiert alles aan den Mann ze brengen, während Kanner brav mat enger Kiärz an Kirich jiangen sen. Ween Gléck haat, hat dono eent Steck Kousch krii, an ween net deen hat duarefen spoulen.
Eent Duaref, de See an Zelt
Hokt dauert Kirmes 3 Deeg an ass beim Zelt niäwent dem See. D’Kirmes jiët van der Jeunesse, der Elternevreenegung an dem Foussball gemeinsam gestemmt, een Dream-Team aus Grillmeester, energiegelaaden Teenager an Organistiounsgenies.
D’Platz kennt net besser sen, keen Verkéier an vill Platz fir sech auszetoben. Den Optakt es Fregdes mat Musik an Spass. Samsdes jieet d’Wämper Musik durich Duaref an spillt den traditionellen Hämmelsmarsch.
Den Ursprong vam Hämmelsmarsch
Ursprünglich wor den Hämmelsmarsch een Deel vam Kirchweih- oder Erntedankfest. Dobäi sen jung Männer musizéierend durich Duaref gezujien, dachs mat engem Hammel. Ziel wor et Lekt op d’Kirmes opmiärksam ze maan an no enger klenger Spend ze frojien. Den Hammel ass spéider entweder als Präis verluust oder geschläit an beim Kirmesfest gäss jiän.
Den Hämmelsmarsch ass su ze soen deen musikalischen Wecker an emotionalen Optakt van der Kirmes. En brengt Duaref an beweegung, verbënnt Generatiounen, an brengt eng festlich Stëmmung. An enger Zekt, an der villes digital an anonym jiët, bleift den Hämmelsmarsch eng gräifbar, klangvoll Erënnerung aan die wirklich Gemeinschaft. En ass d’Identitéit an Blech an Takt, eent Symbol dofir, datt Traditioun net aalmoudisch sen muss, mee d’Lekt op ganz einfasch Art an Weis verbënnt.
Zwëschen Porzessioun an Modern
Trotzdem datt alles mi modern am mi siier jiët, bleift deen spirituellen Kär erhaalen. Sonndesmuajes zéiht Donatusprozessioun durich Duaref. Virop d’Musik, d’Pomjieen, de Gesang, de Paschtuer mat den Massdéiner an Lekt aus dem Duaref. An o wann Verschiddener well Fregdesowes gelidden han, weisen sie äwer Respekt.
Familjentraditioun
Nodeems d’Kirmes aus dem Duarefkär op de See geplënnert ass han mir als Familjen eent neit Kapitel opgeschloen. Eisen ganz perséinlichen Pizza-Day ass enstannen. No der Mass an der Prozessioun een klengen oder gruussen Apéro dann Pizza an Dessert, an Owes kommen dann na Frënn an Kollegen. Iwert Joeren hat sech su eng kleng Traditoun entweckelt, déi mir ëmmer rem jiären widerhualen.
Fregdes fänkt do d’Aaarbicht well aan, dann man ech den Pizzadeeg, aus Waasser, Miähl, Hefe an Salz, deen kennt dann mol an den Frigo leien.


Samdes formen ech dann Portiounen an den Deeg kennt dann rem zereck an de Frigo leien. Samdesowes, jiët den Uawen angeféiert, su hat deen Sonndesmoies na eng Resthëtzt van 100°C hat, an ass dann fir Mëttes siier waarem.

Sonndes no der Mass, trëfft dann su luas die ganz Familjen an, gemütlich jiët dann am Gaart den Apéro genoss, an die eng oder anner Dommheet verzallt.
Jidefreen krëtt dann seng Wonschpizza an mir lossen d’Ässen mat engem gouden Dessert an Kaffi ausklengen. Die eng fannen dann de Weeg raaf op d’Kirmes, ech notzen dës Paus äwer fir eng kleng Siesta, well Owes heescht et rem Deegrull schwenken an Pizza baaschen.

Eent Fest datt wandert, äwer nie Duaref verlisst
D’Wämper Kirmes ännert villäicht hir Faarwen, hällt äwer aam Kär fest. Zwëschen Donatusprozessioun an der moderner Welt, zwëschen traditioneller Bloossmusik an engem DJ, et ass ëmmer datt selwicht Härz wat schligt, genausu wie viraan 500 Joer ass et eent Duareffest datt Lekt zesaammenbrengt.
Fir meng Familjen ass eisen Pizza-day zu engem ganz perséinlichen Optakt fir d’Kirmes jiän. Die ischt Miählwollek markéiert den Moment, aan deem mir den Stress vam Alldaag aafsträifen an d’Zesaammensen genéissen.
Pizzadeeg
Schwierigkeit: einfasch10
PortiounenZutaten
1500 g Miähl
100 g Semola
1 L kaalt Waasser
3g bis 5 g frësch Hefe
50 g Salz
Zoubereedung
- D’MIähl vermëschen ech mam Semola. Du kanns o nëmmen Miähl hualen dann 1600g, ech mëschen jiären Semola drënner datt jiët een liiten Knuspereffekt.
- Bëssen vam Waasser notzen ech fir d’Hefe opzeliesen.
- Die opgeliesten Hefe an ongeféier 3/4 vam Waasser schëdden ech dann bei d’Miähl an vermëschen alles bis een festen Deeg enstannen ass.
- Als nächst mëschen ech d’Salz an deen Rest Waasser drënner.
- Den Deeg op mannst 10 Min. durich kniäden, am besten sugar na mi lang.
- Den Deeg opgoen loossen.
- Ech maan mein Deeg 2 Deeg am viraus, leen en firtischt am Ganzen an den Frigo, den Daag drop formen ech dann Portiounen an leen se rem iwert Nait an de Frigo.
- Den Daag selwer den Deeg fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt en na eng kéier opgoen kann.
- Natiirlich kanns du dësen Deeg o am Schiäffchen baaschen, dofir den Schiäffchen op 280°C Iäwischt- an Ënnischhëtzt virwiärmen. deen ausgerullten Deeg op enge Baaschplaque leen an fir paar Min. baaschen bis den Rand goldbrong ass. Dann Pizza beleen an na eng kéier fir 5 Min. baaschen.
Notiz
- Mat dëser Portioun Deeg, krëss du goud 10 Portiounen à 250g