Zalootenzoossen

Vergees Tuutenzaloot, fad Zalootenzoossen an ëmmer die selwicht Zutaten. Mir kennen den Zaloot als Garnitur beim Hauptplat. Zaloot kann äwer een verännerbaren Plat sen. 

Den Tuutenzaloot as dachs mat Keimen belast an vill mi Deier wie een einfaschen Kapp Zaloot. Vill Zutaten fir eng goud Zaloot halen sech sugar mi lang, wie z.B. Kichererbsen, gedrëchent Tomaten, Cornichons… Zaloote wie Rucola, oder Mausierchen am besten ganz frësch koofen an verschaffen. 

Wann den Zaloot van enger Garnitur zu engem Plat jëtt, sollen o Zutaten han die satt maan, wie z.B. Gefligel oder Speck. Planzlich kann een do ob Bungen, Lënsen, Nëss… zeréckgräifen.

Färdeg Dressing vs. Selwergemaaten? Natiirlech deen selwer gemaaten, ween wees wat alles an den Färdigprodukter dran as. Fir Zooss hëlls du am besten eent Glas mat Deckel. Do mëschst du 3 Deeler Ualeg an 1 Deel Saier dran. Dann vläicht bëssen Mostert, Peffer an Salz, verschidden Krégder wie z.B. Dill, Bratzelen, Péitersillich, Basilkum… Den Deckel op Glas an goud rëselen. 


Op Basis van Essig an Ualeg

Watt brausch ech?

  • 1 EL Essig
  • 3 EL Ualeg
  • 1/4 TL Mostert
  • 1 kleng geschnidden Schalott
  • Peffer & Salz
holzteller, holzbesteck, gurkensalat
Cornichonszaloot

Wie jëtt gekooscht?

Die klassisch Vinägrette, Essig, Mostert an Gewürzer goud mateneen vermëschen, den Ualeg no an no, an ënner stännigem Réieren ënnermëschen Schalotten kleng schnegden an ënnerréieren. Su han ech geliiert meng Vinägrett ze maan. Du kanns äwer o alles an eent Glas mat Deckel maan, an goud rëselen.

Fir Cornichonzaloot jet na bëssen Rahm an gehackten Dill ënnergemëscht.

Ech maan an meng Vinägrette na 1/2 EL Mayonnaise dran, gehackte Péitersillich an kleng geschnidden Bratzelen.


Kregdervinägrette

Watt brausch ech?

  • 1 EL Essig
  • 3 EL Erdnossualeg oder anneren Ualeg
  • 1 TL Mostert
  • gehackten fines herbes (Péitersilich, Kiärwel, Bratzelen, Estragon)
  • Salz & Peffer

Wie jëtt gekooscht?

Des Vinägrette passt goud bei, einfach Zaloot, Paprika, Radiesercher, Muurten, Zellerie, Spargelen, rugden an wäissen Kappes, rugd Rommelen.
Hei kanns du o na kleng gewürfelt Schalott dobäi maan. 


Vinägrett mat Rugdewéngessig

Watt brausch ech?

  • 1 EL Rugdewéngessig
  • 3 EL Olivenualeg
  • 1 ghackten Ziif Knuawléck
  • 1 kleng geschnidden Schalott
  • Peffer & Salz

Wie jëtt gekooscht?

Alles goud mateneen vermëschen.

Des Vinägrette passt goud bei, riit Geméiss, Fenschel, Tomaten, Iceberg, Andéiven.


Vinägrett mat Zitroun

Watt brausch ech?

  • 1 EL Essig
  • 3 EL Erdnossualeg oder anneren Ualeg
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 1/4 TL Mostert
  • 1 hartgekooschent an getrippsten Ei
  • 1 gehackten Ziif Knuawléck
  • Peffer & Salz

Wie jëtt gekooscht?

Alles goud mateneen vermëschen.

Des Vinägrette passt goud zu, Spargelen, Chicorée, Icebreg, Fenschel, Cornichons, Zellerie, Avocado.


Op Basis van Mayonnaise, Joghurt oder Stoffi

Thousand Iland

Watt brausch ech?

  • 500 ml Mayonnaise (Fett, Salz)

  • 250 ml Essig (Saier)

  • Chilizooss oder eng frësch gehackten an entkärt Chilischot

  • kléng gewürfelten rugden an gréine Paprika

  • Salz, Peffer (Salz)

Ceasarsalad mat Bruschetta

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneen vermëschen.
    Des Zooss passt net nëmmen zu einfaschem Bläderzaloot, et kann een en o hualen fir Gromperen- oder Nudelzaloot, oder einfasch als Dip beim Grillen.
  • Zooss fir mein Zaloot om Bild as mat Orangenessig gemaat

Mayonnaise an Rahm

Watt brausch ech?

  • 500 ml Mayonnaise (Fett, Salz)

  • 250 ml Essig (Saier)

  • Saaft van 1 Zitroun (Saier)

  • 250 ml Rahm (Saier)

  • 50 g frësch geraspelten Meerrettich

  • bëssen Worecestersauce (Saier, Salz)

  • 2 gehackten Ënnen

  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneen vermëschen.
    Des Zooss passt op Gromperen- oder Nudelzaloot oder als Dip beim Grillen.

Mayonnaise an Stoffi

Watt brausch ech?

  • 500 ml Mayonnaise (Fett, Salz)

  • 125 ml Essig (Saier)

  • 250 g Stoffi (Saier)

  • 250 ml Rahm zu Schlaagsahn geschloen (Saier)

  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneen vermëschen. Schlagsahn drënner hiäwen.

Stoffi, Mayonnaise an Hunneg

Watt brausch ech?

  • 100 g Stoffi (Saier)

  • 1 EL Mayonnaise (Fett, Salz)

  • 2 EL Hunneg

  • 1 EL Mostert (Saier, Salz)

  • 100 ml Rahm (Saier)

  • Salz, Peffer (Saier)

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneen vermëschen.

Mat Nëss

Watt brausch ech?

  • 500 ml Mayonnaise (Fett, Salz)

  • 100 ml Essig (Saier)

  • Saaft van 1 Zitroun (Saier)

  • 100 g gehackten an geréistert Nëss

  • 250 ml Rahm zu Schlaagsahn schloen (Saier)

  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneneen vermëschen. Schlaagsahn drënner hiäwen.

Mat Joghurt an Rahm

Watt brausch ech?

  • 100 ml Essig (Saier)

  • 250 ml Rahm (Saier)

  • 250 ml Naturjoghurt (Saier)

  • 4 hartgekooschten an getrippsten Eier

  • Salz, Peffer (Salz)

Wie jëtt gekooscht

  • Alles goud mateneen vermëschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*