Mac and Cheese mat karameliséierten Ënnen

Een Klassiker am Wandel van der Zékt. Wann ech hokt aan Mac and Cheese denken, leeft mir d’Waasser am Mond zesaammen. Dës crèmig, dämpend Pasta aus dem Schiäffchen, mat enger knusperiger Krust an bei mir mat séisslich rauschenden Ënnen. Eent puurt Comfort Food. Mac and Cheese hat eng lang Geschicht, an mat paar cleveren Entscheedungen kanns du den Goût na hiäwen.

Firtischt jieet et äwer mol an d’Vergangenheet, ech kooschen an der Géigenwaart an ech probéiren een Bléck an d’zukunft ze werfen, fir datt dësen Klassiker o wégder een noohaltigen Genoss bleift.

Een Hauch van Adel, d’Geschicht vam Mac and Cheese. 

Mac and Cheese, datt klengt firtischt mol no amerikanischem Fast Food. D’Wuurzelen reechen äwer vill mi wégt zeréck, suagr bis an datt mëttelalterlicht Europa. Well aus dem 14ten Joerhonnert jiän et Nooweiser aus italienischen an englischen Kooschbéicher, op mat Kiiss iwerbaaschen Nuddelen.

Deemools natiirlich mat hausgemaater Pasta, dachs aus Dinkel oder Emmer, geräiftem Kiiss deen iwert den Nuddelen verdeelt jiän ass an am Uawen geschmolz juff.

Dëst Ässen ass wahrscheinlich mat britischen Anwanderer an den USA aankommen. Populär ass dëst Ässen durich deen 3ten Präsident, Thomas Jefferson jiän. Während sengen Europréisen ass heen op Pasta gestuuss an hat sech an dëst Ässen verléift. Heen hat sech eng Nuddelmaschine schécken gelooss an sugar dës Pasta bei engem Staatsbankett zervéiert.

Van der Bëchs zu enger Delikatesse 

Während dem 20ten Joerhonnert ass Mac and Cheese an Amerika zu enger Ikone fir Bequemlichkeet jiän. Noodeems d’Liäwensmëttelindustrie fiärdig Mëschungen op den Maart breit hat (die bloosch Packungen), ass dëst Ässen eent Symbol fir die siier Këchen jiän. Bëllig, sie han satt gemaat, Iditotensëcher, dachs fad an iwersalzen.

An deen letzten Joeren entwéckelt sech äwer een Trend zeréck zu de Wuurzelen, zu Qualitéit, zu Handwiärik an Goût. Am Platz eng fiärdig Kiissmëschung ze notzen, gräifen ëmmer mi Lékt op rischtig geräiften Kiiss zeréck, verschiddener maan o hir Pasra selwer, an mäin perséinlichen Twist sen karamelséiert Ënnen. Déi brengen net nëmmen Goût an dëst Ässen, mais si erzällen o hir eegen Geschicht, van Gedold an Opmiäriksamkeet. 2 Saaschen déi an der Këchen hoffentlich nie aus der Moud kommen.

Mac and Cheese mat Härz an Goût 

Fir mengt Rezept hualen ech Zutaten, déi net nëmmen goud schmaaschen, mee je no Verfügbarkeet Regional an Saisonal sen, an natiirlich passen ech do drop op datt se net zevill verschafft sen.

1, Pasta:

Ech han keng Macheroni gehollt, mee „Spirales“, prodzéiert hei am Land. Sie han eng gruuss Fläch an vill kleng „Ecken“, déi d’Kiisszooss wonnerbar ophualen. Datt suarigt fir genau datt watt ech well, sämig, crèmig an eent goud Geféil am Mond.

2, Kiiss:

Beim Kiiss han ech mech fir een Kiiss no Cheddar-Art, eeng jungen Gouda an Parmesan entscheed. Den „Cheddar“ jiët an der Belsch produzéiert, well Cheddar äwer een geschützen Naam ass, fënnt een deen ënnert dem Naam „Kiiss no Cheddar-Art“ oder „Farmhouse Cheese“. Vam Goût hiär hat dësen Kiiss vill Ähnlichkeet mam dem englischen Cheddar, verschiddener sen mëll an crémig, annerer sen kräftig geräift. Graad an der Belsch, wu Kiisstraditiounen starik van Holland an Frankräich beanflosst ass, entstinn ëmmer rëm nei, handwiäriklich prodzéiert Zorten, déi zu Ässen wie Mac and Cheese wonnerbar passen.

2. Ënnen

Karameliséiert Ënnen se keent Hexenwiärik, äwer sie brauschen Zékt! Ech han dës kéier rugd Ënnen gehollt. Han se an fein Sträifen geschnidden an mat bëssen Botterschmalz op niddriger Hëtzt brooden gelooss bis se sching goldbrong se, dann würzen ech se mat bëssen Salz an läschen se mat enger Sprutz Äppelessig aaf, datt brengt Frëschheet an ronnt datt Séisst aaf.

Solls du der Zevill gebrooden han, fëll se an eent sterilt Glas, mat Ualig opfëllen, su sen sie bis zu 2 Wooschen am Frigo haltbar.

Haltbar maan, fir Goût op Reserve 

Noohaltig bedeit o opmiäriksam mat Ressourcen ëmzegoen. Graad während der Ënnensaison kann een eng gruuss Quantitéit ankooschen. Wanns du et na mi spannend wëlls han, kanns du d’Ënnen fermentéieren, domatt krëtt deng Zooss een Extra-Umami-Kick.

  • D’Haltbarkeet van net angekooschten karameliséierten Ënnen am Ualig ass ongeféier 2 Wooschen am Frigo.
  • Jiän d’Ënnen na zousätztlich bei 90°C fir 30 Min. am Waasserbad angekooscht verlängert sech d’Haltbarkeet bis zu engem Joer, natiirlich donkel an kéil gelagert.

Vegetarisch, äwer voller Goût 

Mac and Cheese ass vegetarisch, wann een de Kiiss net durich Industrieprodukter ersetzt. Mat aromatischen Zutaten wie z.B. gedrëchenten Tomaten, geréisterten Nëss, Kooschelen oder fir Fleeschliebhaber mat Speck oder Gehacktes loossen sie sech ëmmer rëm veränneren an ganz dengem Goût aanpassen. Eng Versioun fir den Hiärest ass z.B. Mac and Cheese mat karameliséierten Ënnen oder Schalotten, geréistertem Kürbis an Thymian.

De Bléck an d’Zukunft 

Fir d’Zukunft wënschen ech mir, datt eent Ässen wie Mac and Cheese net an engem Eck van bëlliger Hausmannskost versauert, mee datt et erkannt jiët als datt watt et sen kann: eng kreativ Leinwand fir Goût an Qualitéit. Ween hokt an Regional Produkter investéiert, ënnerstëtzt kleng Betriiber an suarigt dofir datt déi erhaalen bleiwen

Fazit, een Teller mat Geschicht 

Mac and Cheese mat karamelséierten Ënnen ass eent Ässen, datt Vergangenheet éiert, d’Géigenwaart feiert an d’Zukunft mat denkt. Et verbënnt Goût mat Doheem, Traditoun mat Kreativitéit an weisst, datt Noohaltig o goud kann sen.

Also hual denkt Dëppen, loss de Kiiss schmëlzen an d’Ënnen goldig jiän. An villäicht schmëchs du jo beim nächsten Maufel die ganz Geschicht, déi an dësem einfaschen Ässen stëcht.

Mac and Cheese mat karameliséierten Ënnen

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedung

30

Minuten
Kooschen

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir Pasta
  • 400 g Pasta

  • Salz fir d’Kooschwaasser

  • Fir die karameliséiert Ënnen
  • 3-4 deck rugd Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden

  • 2 EL Botterschmalz oder Botter

  • 0,5 bis 1 TL Salz

  • 1 EL Äppelessig oder een drëchnen wäissen Wéng

  • Fir d’Kiisszooss
  • 40 g Botter

  • 40 g Miähl

  • 500 ml Mëlich

  • Salz, Cayennepäffer an Muskot

  • 1 EL Sauerrahm

  • 75 g Kiiss no Cheddar-Art, geraspelt

  • 75 g junge Gouda, geraspelt

  • 75 g Parmsan, geraspelt

  • Optional fir d’Krust
  • 2 EL Panéiermiähl

  • 2 EL Parmesan, geraspelt

Zoubereedung

  • Ënnen karamelsiéieren
  • An enger waarmer Pann loossen ech op niddriger Hëtzt Botterschmalz oder Botter schmëlzen, subal datt waarem ass mëschen ech d’Ënnen drënner an loossen se op niddriger Hëtzt brooden bis se goldbrong sen, dobäi ëmmer mol rëm dran réiren. Déi läschen ech dann mam Äppelessig wäissen Wéng aaf, salzen se an loossen d’Flëssigkeet ankooschen.  
  • Fir Kiisszooss
  • Iwerdeems d’Ënnen brooden kooschen ech Zooss, dofir loossen ech den Botter op mëttel Hëtzt schmëlzen bis en aafänkt mat spruddelen, dann mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref aanhëllt.
  • No an no an ënner stännigem réiren schëdden ech d’Mëlich drop, déi loossen ech opkooschen , driien d’Hëtzt dann raaf an loossen se ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt auskooschen. Sie jiët dodurich besonnig crémig an deen miähligen Goût verschwënnt.
  • Während der halwer Stonn würzen ech d’Zooss mat Salz, Cayennepäffer an Muskot, mëschen d’Sauerrahm drënner an schmëlzen no an no die verschidden Kiisszorten dran.
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir
  • Pasta kooschen
  • Irgendwann dozwëschen setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op, subal datt kooscht, kooschen ech d’Nuddelen no Packaaweisung al dente.
  • Subal d’Nuddelen al dente sen schëdden ech se aaf, loossen se goud aafdrëpsen an mëschen se zesaammen mat den Ënnen ënnert d’Zooss.
  • Déi fëllen ech an eng feierfest Form. D’Panéiermiähl an de Parmesan vermëschen ech mateneen, an streien datt iwert Nuddeln
  • Su setzen ech meng Nuddelen ongeféier 15 bis 20 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

Notiz

  • TIPP aus menger Këchen: fir na mi Goût kanns du 1 TL grawen Mostert ënnermëschen oder du schëdds eng goud Schlupp Béier mat dran.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*