Tortilla de patatas

Stell dir fir, du sëtz am Schiätt op enger Terrasse irgendwu an Nordspanien, an vriaan dir légt een goldig jiällen Kousch aus Eier an Gromperen, van baussen liit knusperig an van Bannen saaftig mëll. Subals du dran schnégs, klëmmt deen gouden Geroosch van gebroodenen Ënnen an deng Naas. Tortilla de Patatas, su einfasch, su genial. Watt äwer hokt wie selbstverständlich wirikt, wor eent klengt kulinarischt Wonner, datt iwer Joerhonnerten sein Weesch, vam Baurenhof durich Këchen an Tapasbar fonnt hat.

D’Gebuurt van dëser Ikone

Jinn mir mol paar Joerhonnerten zereck. D’Gromper, déi d’Hauptroll an dësem Stéck spillt, wor an Europa net ëmmer su beléift wie sie et hokt ass. Sie ass am 16ten Joerhonnert mat den spanischen Eroberer aus Südamerkia an Europa aankommen, ass äwer lang mat Skepsis bekuckt jiän. Rischt geent Enn vam 16ten Joerhonnert, mat der Hongersnoud an Spanien ass d’Gromper zu enger zentraler Roll an der Baurenkëchen jiän. Einfasch aanzebauen, nahrhaft an villségtig, d’Gromper wor d’Rettung fir die einfasch Lekt.

Dann jiët et natiirlich na eng kleng Geschicht aus dem Joer 1817. An engem anonymen Bréif jiët erzallt van engem Generol Tomás de Zumalacárregui deen, während den Karlistenkréiger, hongerig durich Navarra gezujien ass. Op engem Baurernhof soll heen eent einfascht Ässen aus Eier an Gromperen krii han, praktisch, siier zoubereed an sie hat satt gemaat. Ob datt wirklich den Ursprong van der Tortilla wor, wees keen su genau. Watt äwer gewosst ass, ségt der Mëtt vam 19ten Joerhonnert taucht Tortilla de Patatas regelmässig an spanischen Haushalten an Kooschbéicher op.

Evolutioun, van der Baurenpann zur Tapas-Queen!

Die ursprünglich Tortilla wor ganz einfasch, Gromperen an Eier villäicht bëssen Salz. Wie datt äwer mat gouden Saaschen jieet, sie entwecklen sech vriaan. Am Loof van der Zekt sen Ënnen dobäi kommen. D’Natioun hat sech äwer gedeelt an „con cebolla“ oder „sin cebolla“, an all Regioun hat seng eegen Idiien mat verschafft.

An Galicien fënnt een Varianten mat Paprika an Chorizo, an Katalonien sen jiären Artichaud mat drënner. An je no Saison ass datt dran geschnibbelt jiän, watt am Gaard zegdig wor: Gourgetten, gréin Bungen, Spinat… D’Tortilla ass su zum Spéijel van regionaler Villfalt jiän, ëmmer bëssen annëcht, äwer ëmmer köstlich.

Besonnig spannend fannen ech, wie Tortilla de Patatas, an deen letzten Joerzéinten, hirren Platz an deen modernen Këchen fonnt hat. Hokt krëtt een Tortillas am Mini-Format als Pintoxs, als Streetfood oder als Bento-Zutat (enger japanischer Lunchbox) fir d’Ässen ennerweesch. Sie kann kaal oder waarem, deck oder dënn, traditonell oder kreativ sën, äwer sie bleift ëmmer éierlich.

Zutaten mat Charakter

Ech gléiwen fest do draan, datt goud Ässen mat gouden Zutaten aafänkt, an do hat Tortilla de Patatas eent riesigt Potential.

1. Gromperen:

Hual net irgendeng Gromper. Festkooschender sen hei ideal, äwer na besser ass d’Zort, hual eng Gromper déi aus der Region kënnt, am besten van engem Biohof aus der Géigend, sie han net nëmmen een kuurzen Transport, sie sen dachs vill mi aromatisch, well se frësch vam Feld kommen an net iwig gelaagert jiän sen.

2. Eier

D’Härz van der Tortilla, sie sen een Thema fir sech. Ech wees Eier sen dachs een Thema wann et em Noohaltigkeet jieet. Du has villäicht selwer Houhner, oder du krëss se wie ech van engem Baurenhof aus der Regioun. Du schmëchs den Ënnerscheed. D’Faaref vam Dotter, den Geroosch… datt hat näist mat Eier aus dem Buttik gemeinsam.

3. Ënnen

D’Ënnen brengen ech mir vam Maart mat, sie sen aus der Regioun an han een vill mi intensiven Goût. Jiän se dann gemellig berooden entweckelen sie hiren séissen zwibbelartigen Aroma, deen sech durich die ganz Tortilla zéiht.

Je no Saison lossen sech all Zorten van Geméiss goud mat verschaffen. Z.B. am Fréihjoer mat Spargelen oder am Hiärest mat Kooschelen, ëmmer liit virgegart an dann mat den Gromperen gemëscht.

Këchentechnik trëfft Traditioun

Die perfekt Tortilla ass ëmmer no Bauschgeféihl. D’Verhältnis vam Ei zu Gromper ass entscheedend, bei mir sen et 6-7 Eier op ongeféier 500 g Gromperen. Wichtig ass gemelligt Brooden an ganz vill goudem Olivenualig. Jo, sie brausch Zekt, äwer et lungt sech. D’Grompern sollen net knusperig sen, äwer mëll an aromatisch. D’Ënnen sollen genou Zekt kreien hiren séissen Aroma ze entweckelen, sie sollen äwer net verbrennen.

Wann d’Eier dann drop geschott jiän unbedingt paar Min. zéien loossen bis d’Ei stockt. D’Eier sollen d’Gromperen ëmhëllen, sie sollen net dran ënnergoen.

Am besten ass natiirlich eng beschicht Pann ze hualen, goud waarem. Subal d’Ei gestockt ass, ech leen dofir jiären een Deckel op Pann, Tortilla mat Hëlef van engem Teller driien. Datt ass bëssen kniwelig, äwer genau datt mëcht et aus, oder?

Rester verschaffen

Tortilla hällt sech am Frigo 2 bis 3 Deeg an eegent sech su fir z.B. een sponatene Picknick oder eent siiert Owesässen.

An o den Ualig, an deem d’Gromperen an d’Ënnen gegart jiän, muss net entsuarigt jiän, gefiltert an aafgefëllt kann deen ëmmer na gehollt jiän fir ze brooden oder ze marinéiren.

Ween jiären experimentéiert kann d’Gromperen an enger 2%iger Salzlake 1-2 Deeg fermentéieren. Die mëll Gärung brengt een liiten säierlichen Aroma mat an d’Spill, deen Tortilla mi bekömmlich mëcht. Die fermentéiert Gromperenscheiwen jiän genau wie die net fermetéiert verschafft.

Sollten Rester iwerig bleiwen, schnég se an kleng Würfelen, spiess se zesaammen mat angeleiten Oliven, Tomaten oder Paprika op an fiärdig ass eent noohaltigt Tapasbrett.

Zukunft om Teller

Tortilla de Patats, ech han se net nëmmen jiären weent deem gouden Goût, mais o well se ganz vill iwert d’Ässkultur erzällt. Sie steht fir Einfascheet, fir Kreativitéit, fir datt, watt hokt „Zero Waste“ genannt jiët. Sie erënnert do draan, datt Ässen net komplzéiert se muss, fir goud ze sen, an datt Tradtioun an Noohaltigkeet keen Widdersproosch ass.

An enger Zekt, an där ëmmer no siieren Rezepter an neien Foodtrends gesoucht jiët, ass Tortilla de Patatas eent Ässen datt eis anliid, gemellig ze kooschen, bewosst anzekoofen an regional Produkter ze schätzen. An sie jiët Raum fir ze experimentéiren, mat Zutaten, Formen an der Temperatur.

Ween wees watt d’Zukunft brengt? Watt bei dësem Menü äwer bestoen bleift ass de Prinzip. Winig goud Zutaten, mat Léift an Technik verschafft an gedeelt mat Mënschen déi een jiären hat.

An lo entschëlligt mëch, meng Pann réift! 😉

Tortilla de patatas

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 500 g festkooschend Gromperen, geschiält an Scheiwen geschnidden

  • 1 Ënn, an dënn Streifen geschnidden

  • 6-7 Eier, liit opgeschloen

  • 120 ml Olivenualeg

  • Salz

  • 2 EL Péitersilich, fein gehackt

  • 2 EL Bratzelen, kleng geschnidden

Zoubereedung

  • An enger waaremer Pann erhëtzen ech op niddrig bis mëttel Hëtzt den Olivenualig
  • Do dran brooden ech d’Gromperen mat den Ënnen bis se mëll sen. Datt brausch bëssen Zékt, déi nigdig ass fir datt Ënnen hiren gouden Goût entweckelen an d’Grompernschéiwen mëll jiän. Ausserdem sollen sie net zevill Faaref aanhualen.
  • Subal d’Gromperen a d’Ënnen mëll se, schëdden ech se op seng Sei an loossen datt iwerschëssigt Fett aafdrëpsen. D’Pann zereck op d’Plaque stellen fir datt se waarem bleift. D’Fett net entsuarigen, filtern an bei anner Menüer mat verschaffen.
  • Als nächst schloen ech d’Eier op, salzen se liit an mëschen de Péitersilich an d’Bratzelen mat drënner.
  • Noodeems d’Grompermëschung goud aafgedrëpst ass, schëdden ech se zereck an die waarem Pann, dann schëdden ech d’Eier drop, kucken datt sech alles goud verdeelt an loossen d’Ei dann stocken. Ech leen dofir een Deckel op Pann.
  • Subal d’Ei gestockt ass, driien ech Tortilla mat Hëlef van engem Deckel oder enge gruussen platten Teller.
  • Zervéiren
  • Tortilla kann waarem oder kaal gäss jiän, mat enger Zaloot oder engem Aïoli-Dip mat frëscher Baguette oder Brugd.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*