Meng Fleeschpann

Et jänn Menüer, déi gin ëmmer. Meng Fleeschpann mat Ënnen, Tomaten, Knauwlèck an frëschen Krégder. Dëst ass eent Rezept datt seng Wuurzelen an deen rustikalen Këchen van Europa hat. D’Kombinatioun aus zartem Randfleesch, séissen Ënnen an fruuchtigen Tomaten maan dës Fleeschpann zu engem Genoss. Dësen Menü ass natiirlech o fir all déi jätt, die jären grillen oder een “Dutch Oven” notzen.

Watt ass een Dutch Oven?

Een Dutch Oven ass eent schwéiert Gossendëppen mat Deckel. Dësen Kooschbehälter jëtt fir vill verschidden Kooschmethouden gehollt, wie z.B.: baaschen, brooden, schmooren an kooschen.

  1. Material: Den Dutch Oven besteht am normalen aus Gosseisen, et jëtt äwer o Varianten aus Aluminum. Goss ass äwer besonnëch beléift, well et Hëtzt gläichmässig verdeelt an speichert.
  2. Verwendung: Den Dutch Oven jëtt traditionell om oppene Feier genotz, et jëtt op die gléihend Kualen gesatt an om Deckel jänn dann na Kualen verdeelt, su verdeelt sech Hëtzt gläichmässig. En kann äwer o op der Kooschplaque oder am Schiäffchen genotzt jänn.
  3. Villségtigkeet: Den Dutch Oven eegent sech fir ze brooden van Fleesch, Zoubereedung van engem Eintopf, Baaschen van Brugd an Kousch, suwie Schmoren van engem Gulasch an fir all Menü deen eng lang Garzéckt hat. Ausserdeem kanns du all Gossendëppen oder Gossenpann mat Deckel als Dutch Oven notzen.
  4. Ënnerhalt: Gossendëppen egal op een Dutch Oven oder eng Gossenpann mussen regelmässig gebotzt an angefett jänn, fir datt se net roosten an fir datt sech eng natiirlech Antihaftschicht bilden kann. Op keen Fall soll een su eent Gossendëppen mat Seef wäschen oder ant Spoulmaschine setzen.
  5. Camping: Opgrond van der Robustheet van dësen Dëppen ass den Dutch Oven bei Outdoor-Fans zimlich bléift. Sie kannen direkt om Lagerfeier genotzt jänn fir Ässen dran ze kooschen.

Fir meng Fleeschpann brausch ech

Vam Metzler brengen ech mir eent Stéck Randfleesch, Schwéngefleesch oder Schoofsfleesch mat fir Goulasch ze maan, am besten vam Genéck oder vam Hals. Dann brausch ech na Ënnen, hei sen die deck Geméissënnen am besten. Fir datt keen dir ze no kënnt duaref den Knauwléck natiilrech net fehlen. Dann brausch ech na Tomaten, Salz, Peffer, frëschen Rosmarin, frëschen Thymian an evtl., 2 Gläser rugde Wéng, eent fir den Koosch an eent fir ze kooschen, du kanns äwer o Bréit oder Béier hualen.

Dann brausch ech na eent Gossendëppen mat Deckel, eent Schnégdbrett, an een schareft Messer.

Zoubereedung

D’Fleesch schnégden ech an Scheiwen oder Würfel van ongeféier 2 cm Déckt, loss der Zéckt beim schnégden an su genau geht et net, d’Fleesch muss net perfekt geschnidden sen.

D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt.

Van engem ganzen Kapp Knuawléck schnégden ech Spëtzen aaf an hualen die wiällisch Bläder rondrëm raaf.

Tomaten wäschen ech an ech schnégden den Stronk raus, déi schnégden ech o an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt.

Den Thymian an den Rosmarin wäschen ech an deen jëtt dann drëchen gerëselt.

Ech han datt Ganzt am Schiäffchen geschmoort, du kanns datt äwer o om Grill maan. Den Schiäffchen han ech dofir op 230° Iäwischt- an Ënnischthëtzt virgewiäremt.

An menger Gossenpann leen ech den Buadem mat Ënnen aus, do drop leen ech eng Schicht Tomaten an setzen den Knuawléck ant Mëtt. Op den Tomaten verdeelen ech die frësch Krégder an op Krégder leen ech d’Fleesch su datt alles bedeckt ass, datt würzen ech goud mat Salz an Peffer an schléissen mat enger Schicht Tomaten aaf déi ech o na eng kéier würzen. Op datt Ganzt kanns du dann rugde Wéng, Bréit oder Béier schëdden an mat Deckel an deen waarmen Schiäffchen stellen.

No 30 Min. driien ech d’Hëtzt op 200°C raaf an loossen datt Ganzt ongeféier 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen schmoren. D’Schmorzéckt hängt natiirlech ëmmer dovaan aaf, wie déck deng Fleesch geschnidden ass, an wie voll dengt Dëppen ass. Om Grill han ech su eng kéier Rëppercher gemaat, déi han ech 3 Stonnen schmoren geloss.

Beilaagen an Varianten

Als Beilagen kanns du frësch Baguette, Salzgromperen, Gromperenpürée, een würzigen Reis oder Nuddelen zervéieren. Oder wie ech Gromperenpürée à la Ënnenzopp dobäi maan.

Vir datt Ganzt ze verfeineren kanns du zousätzlich Paprika mat dran leen an et mat Sauerrahm verfeineren. Ganz goud schmëscht et o wanns du den Buadem vam Dëppen mat Speckscheiwen bedecks an do jëtt dann alles drop geschicht. An fir su eng richtig herzhaft Variant kanns du Sauertmous mat dran leen.

Meng Fleeschpann

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • 1 kg Randfleesch, Schwéngerfleesch oder Schoofsfleesch fir Goulasch

  • 3 déck Ënnen, an Scheiwen van ongeféier 1 cm Déckt geschnidden

  • 3 Fleeschtomaten, an Scheiwen van 1 cm Déckt geschnidden

  • 1 Kapp Knuawkléck, just Spëtzen aafgeschnidden

  • 2-3 Rosmarinäst

  • 2-3 Thymianäst

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 250 ml rugde Wéng, Bréit oder Béier

Zoubereedung

  • De Schiäffchen wiärmen ech op 230 °C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger Gossenpann, leen ech den Buadem mat den Ënnen aus, do drop leen ech eng Schicht Tomaten, ant Mëtt setzen ech den Kapp Knuawléck an verdeelen die frësch Krégder rondrëm.
  • Op d’Krégder leen ech datt an 2 cm déck Scheiwen geschniddent Fleesch an würzen kräftig mat Salz an Peffer
  • Op Fleesch leen ech na eng Schicht Tomaten déi ech o mat Salz an Peffer würzen.
  • Dann schëdden ech d’Flëssigkeet drop, leen den Deckel drop an setzen datt Ganzt an deen waarmen Schiäffchen.
  • No 30 Min. driien ech Hëtzt op 200°C raaf an loossen alles ongeféier 1,5 Stonnen bis 2 Stonnen schmoren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*