Gromperenpürée

Genéissen van Gromperenpürée ass eng äusserst befridigend Erfahrung, Gromperenpürée ass crémig mam Geschmaasch van Botter, Mëlich an Gewürzer. Well bei der Zoubereedung rëcht een deen gouden Doft van frësch gekooschten Gromperen. Bei der ischter Forschette hat een eng Mëschung van Botter an deen natiirlechen Goût van den Gromperen op der Zong. Botter jiëtt dem Pürée eng crèmig Nuance, Salz an Muskot suarigen dofir datt alles richtig gewürzt ass. Noom Ässen bleift een angenehmen liit salzigen Goût am Mond, deen den Genoss na ant längt zéiht. De Genoss van Gromperenpürée ass eng sënnlich Erfahrung déi dachs mat positiven Emotiounen an Erënnerungen verbonnen as.

Ech han betëmmt well honnert mol Pürée gemaat, an et hat bëssen gedauert bis ech gesoot krii han du mëchs deen Besten. Meng ischt Gromperenpürée’n, woren entweder wässerig, oder gummiartig haaten nie dësen sënnlichen Goût bei deems du d’Auen zou mëchs an nëmmen na genéiss. Irgendwann denkt een dann, datt muss äwer irgendwie su ze maan se. Datt de Pürée gummiartig oder wässerig jiët, legt aan der selwischter Ursaasch, aam Waasser. An d’Liesung ass su simpel, an ech han mech geärgert, datt ech datt net well ischter ausprobéiert han. D’Gromper kooschen ech an der Schaal, an sie jiän dann risch geschiällt. Datt ass keen Trick, keng Geheimzutat, nëmmen Physik.

Ech erklären dir gläich, firwatt datt sivill ausmëcht. Firtischt kommen ech zu den Zutaten, well Qualitéit entscheed hei mi wie baal bei all annerem Ässen. Een Pürée hat näist hannert deem een sech verstoppen kann

Hausgemaat vs. Industriell

Hausgemaat

Zutaten fir een crémigen Pürée:

Niäwent Gromperen brausch ech fir mein Pürée na Botter, Mëlich, Salz an Muskot. Datt wor et dann well, an mat dësen bëssen Zutaten mëchst du bestëmmt deng ganz Familjen fruh.

Keen Schmand, keen Schnick-schnack, keen Knuawelek, keen Kiiss. Du kanns datt natiirlich alles dran maan, äwer dann ass et een annert Ässen. Datt hei ass Gromperenpürée an senger éirlichster Form.

Zoubereedung

Werfs du deng Gromperen geschiält an halbéiert an d’Waasser passéiert jiät, datts du net gesegs äwer schmëchs. D’Schnëttflächen déi oppen am Waasser leien fänken aan d’Stärke raus ze zéihen. Zur gläicher Zekt zéiht während dem Kooschen Waasser an d’Gromper an. Du koochs su een Deel vam Goût aus der Gromper raus, d’Waasser watt anzéiht muss hanneno o rem irgendwann raus.

Liss du d’Schaal draan, has du eng zouen Hüll. Waasser kënnt kaum dran an Stärke zéiht kaum raus. Ech kooschen meng Gromper mat der Schaal, Natiirlich salzen ech meng Waasser, o wann d’Schaal na drëm ass, d’Gromper hëllt äwer bëssen Salz op. D’Gromper ëmmer mat kaalem Waasser opsetzen. Kooscht dengt Waasser kann et passéieren, datt Gromper baussen mëll ass an well zerfällt an den Kär ass na hart. Sie sen mëll, wann ouni gruussen Drock d’Messer oder Forschette bis zur Mëtt durich jieet.

De Botter fréih genou aus dem Frigo hualen an mëll jiän loossen. D’Mëlich setzen ech op an erhëtzen se.

Ass d’Grompere mëll, dann kënnt deen onangenehmen Deel, sie mussen geschiält jiän su lang et na wii deet, sie sollen gléidig bleiwen. Ech hualen dofir eent propert Dousch an haalen se su fest. Kéihlt deng Gromper zevill aaf, setzt sech d’Stärke an den Pürée kann während dem Stampfen mi fest an mi pëschig jiän. Gléidig geschiält an gestampft an sie verbënnt sech perfekt mat der Botter an der Mëlich.

De Botter han ech gewürfelt an ech schaffen su die eenzel Würfelen an, ëmmer bis se ganz geschmolz an mat der Gromper verbonnen ass. Waareme oder mëllen Botter emulgéiert hei besser wie kaalen, dodurich jiffen d’Gromperen ze siier aafkéihlen an sech net mi richtig verbannen. Richt wann de Botter ganz angeschafft ass schëdden ech die waarem Mëlich drop an schaffen déi an. Wivill Mëlich genau dobäi kënnt muss jidfereen fir sech selwer entscheeden, wells du dein Pürée mi flëssig dann mi Mëlich, wells du en äwer mi fest dann manner Mëlich.

Zum Schluss den Pürée schmaaschen an mat Salz an Muskot würzen. Net zevill Muskot deen soll am Hannergrond bleiwen an net datt ganzt Ässen iwerhualen.

Industrielle

Gromperen -Granulat oder -Flocken

  • Vollmëlichpolwer, Mëlichpolwer besteht zu engem gruussen Deel aus Mëlichzocker
  • Salz
  • Dextrose, as Zocker
  • natiirlecht Mineralsalz
  • Stabilisatoren (Diphosphat), eent synthetischt Texturmëttel, de Pürée gesegt sching homogen aus.
  • Verdéckungsmëttel (Guarkenmehl) as eent Geléier- oder Verdéckungssmëttel, watt ganz vill Waasser oder anner Flëssikeeten bënnt.
  • Emulgatoren ( Mono- an Diglyceride van Speisefettsäuren), déinen dozou eng Emulsioun stabil ze halen.
  • Aroma, as eng Konzentréiert Zoubereedung mat oder ouni Zousätz. Déi engem Liäwensmëttel een besonnechen Geroosch an/oder Geschmaasch jëtt.
  • Curcuma déint douzou dem Pürée seng Faaref ze jiänn
  • Antioxidationsmëttel (Natriummetabisulfit) as eent Liäwensmëttelkonservéirungsmëttel, eent Mëttel datt jären verschidden Symptomer, wie Hogtreizungen, Kappwii, Nesselsucht… ausliesen kann.

Firwatt deen Opwand

Ech weess et klengt no mi Aarbicht wie einfasch nëmmen d’Gromper schiälen, würfelen kooschen, de Botter an der Mëlich schmëlzen an drënner mëschen. Ass et o, äwer nëmmen bëssen. Den Ënnerscheed an der Textur an am Goût ass äwer su gruss, datt ech en gar net mi annëcht maan well. Muss et äwer mol eng kéier siier goen, dann klappt datt o, D’ergebnis jiët äwer goud, just eben net die blänkigt, segdigt, Restaurant-Saasch. Has du äwer eng kéier dës Versioun probéiert an deng Gromperen an der Schaal gekooscht, verstehs du, firwatt et fir mech keng kleng Niäwensaasch ass, mee die eigentlich Technik hannert engem gouden Pürée.

Gromperenpürée

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Gromperen, miähligkooschend

  • Salz

  • 200 ml Mëlich

  • 200 bis 250 g Botter

  • Muskot

Zoubereedung

  • D’Gromperen grendlich wäschen an mat der Schaal am Salzwaasser mëll kooschen
  • De Botter aus dem Frigo hualen an würfelen. D’Mëlich opsetzen fir datt se waarem jiët, sie muss net kooschen.
  • D’Gromperen aafschëdden an na gléidig schiälen an mam Püréestampfer zu Pürée verschaffen.
  • No an no de Botter ënnert die waarem Gromperen mëschen. Subal deen komplett angeschafft ass d’Mëlich drop schëdden an anschnaffen.
  • Schmaaschen an mat Salz an Muskot würzen

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*