Paniermehl

Panéiermiähl selwer maan

Panéiermiähl selwer maan as wirkich keng Konst. “Paner” aus dem fransiischen bedeit suvill wie “mat geriwenem Brugd bestreien”.

Panéiermiähl as drëchent wäisst Brugd datt entweder op der Këchenreiw zerriwen jëtt oder datt einfaschst an der Këchenmaschin zerklengeren. Et déint zum panéieren van Fësch, Fleesch oder Geméiss, ausserdeem jëtt et als Bindemëttel fir verschidden Fëllungen gehollt.

Fir selwer Paméiermiähl ze maan brauchs du net vill.

  • Aalt Brugd, du kanns su zimlech all hellt Brugt hualen. Wie z.B.: Brigdercher, Baguetten, Ciabatta, Dinkelbrugd, Mëschbrugd… Natiirlech kanns du o donkelt oder schwarzt Brugd hualen, d’Ergebnis beim brooden as dann natiirlech o zimlech däister.
  • Eng Këchenreiw, déi mat därs du o Kiis reiws, eng Këchenmaschin, ech han bei mengem Stabmixer eent Dëppchen mat Messer dobäi ech hualen ëmmer datt. Oder du hëlls eng Gefréiertuut an Nuddelholz domatt krëss du Brugd o kleng.

Wie fänken ech aan?

Firtischt muss Brugd richtig drëchen sen. Ech han ëmmer eng Tuut an der Truh an der ech Kuuschten an aalt Brugd sammlen, natiirlech net all, well datt jiff es einfasch zevill jiänn, et sen ëmmer su ëm 20-25 Scheiwen. Déi leen ech sching ausgebreet op eent Baaschblech.

Datt Blech kanns du irgendwu hin setzen wu et drëchen as, an Brugd su an der Loft drëchnen, kontrolléier do ëmmer datt et net schammelt.

Oder du setz et bei 50°C an den Schiäffchen, fir ongeféier 1,5 bis 2 Stonnen. Klemm do een Holzeläffel ant Dir fir datt Fiitechkeet raus zéihen kann.

Just een klengenTipp fir bëssen mi noohaltig ze schaffen, an net suvill fort ze werfen. Leider kann ech net soen du wees dann watt dran as, Hogt as et leider su datt o den Bäcker na anner Saaschen dran mëscht wie nëmmen Miähl, Waasser an Salz.

Watts du awer na maan kanns, et hängt natiirlech ëmmer dovaan aaf watts du kooschen wëlls, dengt Panéiermiähl verfeineren. Ech panéieren mein Poulet ganz jiären z.B. mat Panéiermiähl dat mat gedrëchenten Tomaten, gedrëchentem Basilikum an gedrëchentem Rosmarin gemixt as. Oder du mix den Parmesan direkt mat fir z.B. op een Gratin.

Et jiänn ganz vill Iddien wie’s du deng Panéiermiähl vefeineren kanns, bedenkt do just eent et as dann net mi su lang haltbar.

Paniermehl

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*