Pizza-Day

Ween hat die ronn, platt, lecker Saasch, déi sech Pizza nennt, erfond? Wann een den Archäologe gléiwen kann, woren et net Italiener. An o net “Original Wagner”. Die ischt Spuren van gebaaschenem Deeg op Steen sen an Griechenland fond jiän. Deemols woren datt na Etrusker. Sie sollen ëm 800 v. Chr. die ischt gewiäst sen, die een Fladen aus Miähl, Waasser, Salz an gewürzt mat Olivenualg an Krégder am Feier op waarmem Steen gebaaschen han.

D’Réimer sen Schold…

Ëm 200 v. Chr. han Etrusker Roum besatt an su sen Italiener die ischt kéier, mam Rezept van der Ur-Pizza an Beréirung kommen. Durich Eroberungen van den Réimer hat sech Rezept van der Pizza iwert Joerhonnerten an ganz Europa ausgebreet.

Gebuurtsstonn

Pizza wor zu där Zekt eent Aarm-Lekts-Ässen. Et wor äwer o déi aarem Baurebevölkerung, déi eng drastesch Ännerung bei der Pizza verursaascht han. Well, 1520 hat eng kleng ronn rugt Fruucht hire Weech, van Südamerika, iwert Waasser an Italien fond. Firtischt woren Bauren äwer skeptisch, die rugd Warnfaarf, Tomat as bestëmmt gëftig! Mais Honger as bekanntlech deen besten Koosch, an su han di veraarmten Baueren, ëm Neapel, Tomaten op hirt drëchent Fladenbrugt geleit. Der Legend no wor datt Gebuurtsstonn van der Pizza.

Neapel

Während an Europa Tomat ëmmer na eng reng Zierplanz wor, hat sech Pizza, beläit mat Tomaten, zu Neapel, zu enger lokaler Spezialitéit entwéckelt. Die ischt Pizzeria die o na hogt besteht as Antica Pizzeria Port’Alba. 1738 firtischt als Stand fir Hauséirer an Wanderer. Ëm 1830 as du den Restaurant entstannen. Et jëtt aagehollt datt Antica Pizzeria Port’Alba die ischt Pizzeria op der Welt wor.

Der Kinnigin hir Pizza

Et wor mol een Italienische Kinnek, deen mat senger Frau Margherita 1889 zu Neapel 3 Pizzaen bestallt hat. De Pizzabäcker Esposito hat 3 ënnerscheedlich Pizzaen gebaasch. Eng van deen 3 wor mat Tomat, Mozzarella an Basilkium beleit. Déi hat der Kinnigin su goud geschmaascht, datt sie dem Bäcker een schrëftlischen “Merci” geschéckt hat. Su as et dann kommen, datt Pizza an den Italienischen Nationalfaarwen den Naam van der Kinnigin Margherita krii hat. An obwohl Kinnigin well lang dugt as, ässen mir Pizza Margherita na Hogt. Dëst as Legend van der Pizza Margherita.

Pizzadeeg

Wann et miilech as, an een sech Zéckt hëllt, den Pizaadeeg 2 Deeg am viraus preparéiren. Die lang Deegféihrung déint dozou, datt sech alles richtig mateneen verbënnt, an den Deeg richtig goud schmëcht.

Zutaten

  • Miähl
  • Semola
  • kaalt Waasser
  • Hefe
  • Salz

Zoubereedung

Hefe an 1 EL – 2 EL lookischem Waasser opliesen. Datt su wineg Hefe gehollt jëtt as an sech den Grond fir een gouden Pizaadeeg. Wann et su waarem as jinn 3 g daar, as et mi kaal, kann een bis zu 5 g hualen. Ech wor am Afank o skepischt, mais ech han an ni su een gouden Feedback krii wie bei dësem Pizzadeeg.

Dann han ech Miähl mam Semola an Waasser gemëscht, datt han ech goud durich gekniädd, su datt alles goud vermëscht as. Die griisten Pizzabäcker maan hiren Deeg mat kaalem Waasser, sie stellen Waasser sugar na den Frigo fir datt et richtig äiskaal as.

Dann mëschen ech die opgeliesten Hefe drënner, maan datt am besten an enger Schossel soss leeft dir Hefemëschung iwert Arbichtsplaque.

Zum Schluss jëtt Salz dann drënner gemëscht.

Den Deeg dann op Arbichtsplaque leen, an längt zéien an beineen faalen. Datt han ech am Aafstand van 20 Min. – 30 Min. dräi- bis véiermol widderholt. Dann han ech den Deeg zu enger Boule geformt. An eng Schossel han ech bëssen Olivenualeg gemaat, den Deeg dran geleit, loftdicht verschléissen an en fir 24 Stonnen an den Frigo stellen.

No deen 24 Stonnen han ech den Deeg dann rëm gefaalt su wie ech et well beschriwen han. Ech han en o rëm mat bëssen Olivenualeg an eng Schossel geleit, hei han ech äwer gewaard bis ech gesehen han datt an aafänkt opzegoen. Dann rëm loftdicht verschléissen an rëm fir 24 Stonnen an den Frigo stellen.

Den Pizaadaag selwer, han ech den Deeg fréih genou aus dem Frigo gehollt. Dann han ech Portiounen van 180 g – 190 g gefromt, an déi dann bei Raumtemperatur stoen geloss, su datt den Deeg na eng kéier opgeht.

Ech han een Holzuawen fir Pizza ze baaschen, deen ha äwer net jidfereen, et geht äwer o am Schiäffchen. De Schiäffchen op 280°C virwiärmen. Op engem Blech den Pizzadeeg auseneen leen, enweder am véiereck oder ronn. Dann bëssen Tomatenzooss drop verdeelen an fir paar Min. virbaaschen, bis den Rand aafänkt goldbrong ze jiänn. Dann Pizza mat Kiiss, Ham, Salami, Ënnen, Kooschelen…, beleen an a 5 Min. färdeg baaschen.

Pizza-Day

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 1500 g Miähl

  • 100 g Semola

  • 1 L kaalt Waasser

  • 3 g – 5 g frësch Hefe

  • 50 g Salz

Zoubereedung

  • Miähl mam Semola mëschen. Waasser drop schëdden an alles goud mateneen vemëschen an durich kniädden.
  • Hefe mat 1 EL – 2 EL lookischem Waasser opliesen, déi dann an den Deeg mëschen.
  • Zum Schluss Salz ënnermëschen.
  • Den Deeg op Aarbichtsplaque leen an faalen. Datt am Aafstand van 20 Min. – 30 Min. paar mol widderhualen.
  • An eng Schossel bëssen Olivenualeg verdeelen, den Deeg zu enger Boulle formen an d’Schossel leen a loftdicht verschléissen. Fir 24 Stonnen an den Frigo stellen.
  • No deen 24 Stonnen, den Deeg op Aarbichtsplaque leen, an na eng kéier am Aafstand van 20 Min. – 30 Min. paar mol faalen.
  • Rëm bëssen Olivenualeg ant Schossel maan, den Deeg rëm zu enger Boulle formen, an d’Schossel leen. Waarden bis en aafänkt opzegoen. Dann loftdicht verschléissen an en rem fir 24 Stonnen an den Frigo stellen.
  • Zum Schluss, den Deeg an Portiounen formen. Ech maan meng Portiounen ëm 180 g – 190 g
  • Ech han een Holzuawen, fir Pizza ze baaschen, deen hat natiirlech net jidfereen. Et geht o am Schiäffchen.
  • De Schiäffchen op 280°C virwiärmen. Pizzadeeg op eent Blech leen, bëssen Tomatenzooss dënn driwer verdeelen, dann fir paar Min. baaschen bis den Rand aafänkt goldbrong ze jiänn.
  • Dann Pizza beleen, mat Kiiss, Ham, Salami, Ënnen, Kooschelen…. an dann na eng kéier fir ongeféier 5 Min. baaschen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*