Hähnchen, Hähnchenkeule, Rosmarin, Pfanne

Poulet mat Zitroun an Rosmarin

Dësen Menü as eent leckert Ässen, bei deem de Poulet mat Zitroun gewüzt an mat Rosmarin gespickt jëtt. Ergebnis as een Menü den iwersprudelt van Zitrounen- an Rosmarinaroma, datt mat Beilaagen wie Reis, Zaloot oder Geméiss zervéiert kann kiänn. Et as eng erfrëschend Optioun fir een Ässen mat mediterranem Geschmaasch.

Variatiounen

Dësen Menü as äusserst aapassungsfähig. Du kanns ganz no dengem Geschmaasch variiéiren, andeems du z.B.: wegder Gewürzer oder Krégder, wie Paprika, Thymian oder Oregano dobäi mëchs. Verschidden Këchen maan Oliven oder Kaperen dobäi, fir een salzigen Kontrast zum Ziitrounen- Rosmarinaroma ze schaffen.

Mediterranen Afloss

Poulet mat Zitroun an Rosmarin as van mediterranen Aromen inspiréiert an jëtt dachs mat der Këchen aus dëser Regioun verbonnen. Et as eent Beispill van der Verwendung van frëschen Krégder an Zitrusfriischten an der mediterraner Kooschtraditioun.

Beléift Beilaagen.

Niäwent deenen déi ech well Erwähnt han sen Beilaagen wie Knuawléckbrugd, gegrilltent Geméiss, Couscous oder Pasta beléift Begleeder bei dësem Menü.

Insgesamt as Poulet mat Zitroun an Rosmarin eent richtigt goud Ässen, datt an villen Këchen weltwegt geschätzt jëtt. Et béid eng wonnerbar Mëschung aus Aromen an as relativ einfasch ze kooschen, watt et zu enger gruussartiger Optioun fir den Alldaag oder besonnech Fester mëcht.

Poulet mat Zitroun an Rosmarin

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet ouni Réckstrank

  • Salz

  • frëschen Rosmarin

  • Saaft van 1 Zitroun

  • Olivenualeg

  • 2 zerriwen Ziiwen Knuawléck

  • 125 ml wäisse Wéng

  • 1 EL Botter

  • Peffer

Zoubereedung

  • Wanns du den Poulet keefs loss dir beim Metzler de Réckstrank raushualen, su datts du den Poulet opklappen kanns. Oder du liss dir en direkt an 4 Stécker schnegden.
  • De Poulet owes salzen an en iwert Näit am Frigo durich zéien loossen. Raushualen, Peffer driwer jiänn, mam Rosmarin spicken, an en eng goud Stonn leien lossen fir datt en Raumtemperatur aanhëllt. Du muss den Poulet net iwert Näit durich zéihen lossen, ech jiff en äwer 1 goud Stonn viram brooden salzen, an en dann o net mi an den Frigo stellen. Fleesch jëtt am besten bei Raumtemperatur.
  • Ualeg an enger waarmer Pann erhëtzen an den Poulet mat där banneschter Sekt no ënnen dran leen. Hëtz raaf driien. Eppes mi Schwéires op Fleesch leen fir datt et raaf gedréckt bleift. Ongeféier 15-20 Min. van all Sékt garen, datt hängt natiirlech ëmmer van der Déckt vam Poulet aaf. Ech schnegden dran fir ze kucken op en durich as.
  • Olivenualeg mam Zitrounensaaft an zerriwenem Knuawléck vermëschen an den Poulet während dem garen ëmmer rëm mat där Mëschung anpinselen.
  • De Poulet raus hualen, an en op enger waarmer Platz ruhen loossen. Ech erhëtzen dofir den Schiäffchen op 50 Grad an leen en do dran.
  • De Brootsatz mam wäisse Wéng aafläschen an bis op Halschent ankooschen lossen. Kaale Botter ënnerréiren an iwert deen an Stècker geschniddene Poulet jiänn.

Notiz

  • De Poulet su préparéiren an garen klappt natiirlech o ganz goud om Grill. Mat engem Dipp dobäi.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*