Chrëstdaag

Chrëstdaag as fir mëch na ëmmer eent van deen wischtischsten Familijenfester. O wann all Joer vill ze vill gäss jett, as datt zesaammen sen am besten. 

Et fänk aan, Helligowend bei menger Schwiiesch, Raclette, ëmmer een gemütlichen an schingen Owend. Een Owend bei deem dëst Joer ganz vill gelaascht juff. An een Daag do kooschen ech mol eng kéier net. Trotzdeem muss ech een Dipp mathualen 😉 ech kann et einfasch net sen lossen. Meng Ranchzooss.

Chrëstdaag selwer, se mir dann all bei menger Mamm, aagefongen jett mat engem gouden Apéro, Schampes, een Gin, deen Gin einfasch gemëscht matt Schampes, schmëcht no mi, o wann et haut 😉 . Natiirlech kommen Kanner o net ze kuurz sie kreien o hiren Apéro. Mat klengen Häppercher, Chipsen, Salzstangen an Nëss starten mir dann.

Gin Tonic

Den Menü

Kirmeszopp

Den Aafank mëscht eng goud Randsbréit mat ganz vill Ribbelcher (Nuddelen) an Brunoise van Geméiss. Brunoise as hei, an ganz kleng Würfelen geschniddend Geméiss, van Muurten an Poretten.

Kirmeszopp

Hirschgulasch

Viran geht et mat engem Hischgulasch…

Hirschgulasch

Fleesch schnegden ech an Würfeln, an salzen et, datt meschen ech goud an lossen et ongeféier 1 Stonn durich zéihen. Dann driehen ech et am Miähl an brodden et kräftig am Botterschmalz aan. Bëssen Peffer driwer, hualen et aus dem Dëppen an stellen et op sékt. 

An deem selwischten Dëppen dënsten ech am Botterschmalz, 1 gehackten Ënn, 1 kleng geschnidden Muurt an 3 gepressten Ziiwen Knuaweléck aan, salzen et an schmaaschen. Wann déi mëll se man ech 2-3 EL Tomatenpürée dran an dënsten deen mat aan. Dann schëdden ech 1 Glas rugde Wéng dran an loossen deen reduzéiren. Ech réihren äwer goud am Dëppen, ech wëll jo datt sech die ganz Röstaromen vam Buadem liiesen. Watt fir een rugde Wéng hualen ech? Hirschgulasch as eent deftig Ässen, an do kann den Wéng mi schwéier sen. Et soll äwer o een sen deens du jiären drénks, deen dir schmëscht.

Dann maan ech 2-3 Louschen Randsbréit dobäi, oder wann een Wëldbréit hat kann een déi o hualen. Déi loossen ech o bëssen reduzéiren. 

Fleesch mëschen ech dann rem drënner an schedden o 2-3 Louschen Zoossenfong drop. Dann kënnt 1 Straus Thymian, 1 Straus Rosmarin, 3-4 Kären Waackelter, 1 Lorbeerblad an Peffer an Salz dran. Opkooschen loossen an schmaaschen. 

Kooschelen préparéiren ech eenzel an mëschen déi dann mam Saaft drënner. Den Deckel drop an bei niddreger Temperatur op mannst 2 Stonnen sudderen loossen.

Su kann een et maan, ech setzen all Gulasch deen ech maan bei 200 Grad an den Schiäffchen, an loossen en do mam Deckel drop 2 Stonnen schmoren. Eent Schmoorässen brausch ëmmer een Deckel soss jëtt et naist. Die ganz Fiiteschkeet an Hëtzt soll am Dëppen bleiwen, datt mescht Fleesch su mëll datt een et einfasch mat der Forschett zerdrecken kann.

Ech beetzen mengt Wëld watt ech préparéieren net, well ech datt einfasch net goud fannen. Datt erënnert mëch ëmmer aan Sauerbrood, an datt as fir mëch eent van deen schlëmmsten Ässen déi et jëtt. Ech verstinn net wie een eent Steck Fleesch su verschäisse kann. 

Roastbeef mat Béarnaise

… an Roastbeef

Roastbeef

De Roastbeef, op deen freien ech mech am meesten 😉 Roastbeef as een ordentlischen Brood, an keen Steak, mais en as Basis fir all goude Steak.

Deen reiwen ech den Daag viram brooden mat grawem Salz an, an lossen en iwert Näit durich zeihen. 

Well ech en luas garen, hualen ech well 3-4 Stonnen firam brooden aus dem Frigo, en soll Raumtemperatur aanhualen. Dann maan ech Peffer driwer an leen en bei 80 Grad mat Thermometer an den Schiäffchen. Ech leen paar Stréiss Thymian an Rosmarin drop. An well ech jo een Knuaweléck-Fan sen, an dënn Scheiwen geschniddene Knuawelèck.

Den Roastbeef brausch ongeféier 2 Stonnen, datt hängt ëmmer van der Déckt vam Fleesch aaf, bis en eng Kärtemperatur van 55 Grad hat. Wann en déi ereecht hat, Schalten ech den Uawen aus, an lossen en dann na bëssen am waarmen Schiäffchen zéihen, bis en ongeféier 60 Grad am Kär hat. Dann hualen ech en aus dem Schiäffchen an brooden en kräftig ronderem aan, am besten jëtt en do am Botterschmalz.

Watt ganz wischtisch as den Brood 5 Min. ruhen loossen. Entweder op enger waarmer Platz oder am Sëlverpapeier angewéckelt. Ech leen en zereck an den Schiäffchen deen ech op 50 Grad erhëtzt han.

Eent goud Steck Roastbeef brausch net vill Gewürz, Salz an Peffer geht meestens daar.

Roastbeef

Béarnaise

Fir Béarnaise hualen ech 3 EL waïsse Wéng, 3 EL Wéngessig, bëssen Peffer an Salz, 2 Eijiäll, 3 EL Estragon, 1 Schalotte, 150 g Botter.

Schalotte ganz kleng schnegden, an mam Wéng, Essig, Salz an Peffer opkooschen an reduzéiren lossen. Durich eent Saft jiänn. Die 2 Eijiäll dobäi maan an am Bain-Marie blanchéieren. Oppassen, bei 70 Grad fängt Eijiäll aan mat stocken. Botter schmelzen, an ënner stännigem réihren Zooss su montéiren. Mat Estragon an Cayenne aafschmaaschen.

Bearnaise

Beilaagen

Pommes Dauphine, Kroketten, Geméiss, Zaloot

Kroketten
Brockelcher, Choufleur, Muurten

Dessert

Creme brulée, Egg-Nogg Parfait an Zockerwäffelcher

Ech se net su goud am baaschen oder fir Crémen ze maan. Wahrscheinlech, well een sech do zevill an Rezept haalen muss. 

Fir Crème brulée han ech 500 ml Mëlich mat 1 Vannilleschot gekooscht. Dann han ech 4 Eijiäll mat 90 g Zocker gemescht an blanchéiert. Virtiischt han ech bëssen van där waarmer Melich ënnergemëscht, alles goud ënnergerouert, an dann rischt deen Rest van der Melich. Datt Ganzt han ech dann iwert dem Bain-Marie ënner stännigem réihren erhetzt. Crème han ech dann an Schosselen aafefëllt, an se am Schiäffchen bei 150 Grad am Wasserbad stocken geloss. Dann se komplett auskéihlen lossen an kuurz viram zervéiren Zocker driwer streien an deen mam Brenner karameliséiren.

Crème brulée
Crème brulée

Fir den Parfait han ech 8 Eijiäll mat 175 g Zocker gemëscht an iwert dem Bain-Marie blanchéiert. Dann se sulang réihren bis se aafgekéihlt as. Dann han ech 50 ml Egg-Nogg drënner gemëscht.

500 ml Rahm han ech steif geschloen, an déi dann ënner Eijiällmëschung gejowen. An dann ant Truh an durich fréiere loossen. 

Eent ganz gelongent Ässen fir Chrëstdaag, an een wirklich schingen, gemütlichen Daag geht op en Enn. Ech wënschen jidferengem datt en, su wie mir, eent schingt Chrëstdaagfest haat. 

Gouden Appetit

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*