Dës Zaloot mat Spargel, Cornichon an Eier an enger würziger Mostert-Dill-Vinägrette brengt dir Fréihjoer op den Teller. Eng kleng Zécktréis durich Goût, Traditioun an Deemools.
Et jiän Ässen, déi erzällen eis Geschichten, Geschichten van Joereszékten, van Kandheetserënnerungen, van regionaler Këchen an aalen Techniken, déi Hokt rem nei entdecket jiän. D’Helden hokt om Teller sen Spargel, Cornichon an Eier alles verfeinert mat enger gouder Mostert-Dill-Vinägrette.

Den Aafank: Spargel, eent eedelt Geméiss mat Geschicht.
Fänken mir an der Vergangenheet aan, Spargel wor well an der Antik een Star, d’Réimer han en well kultivéiert an han en sugar mat bis an d’Alpen gehollt. An Däitschland ass de Spargel am 16ten Joerhonnert gezielt angebaut jiän. Aafangs als Heelplanz, en hat d’Bloud gebotzt, ass Harndreiwend an fördert Verdauung, hokt jiff dozou gesoot, een Detox-Kracher oder Superfood.
Am 19ten Joerhonnert hat den Spargel sech zum Luxusgeméiss entweckelt. Besonnig deen wäissen Spargel, deen ënnerirdisch wiist an dodurich zaart an mëll bleift. Äwer o deen gréinen Spargel, am Goût mi kräftig wie deen wäissen, an voll Chlorophyll, hat sein festen Platz an der Këchen, net zuletzt weent senger onkomplizéierter Zoubereedung.

D’Verwandlung vam Festässen zum Alldaag.
Fréier wor den Spargel dachs Deel van engem Festässen: klassisch mat Zooss Hollandaise, Ham an Gromperen. Datt ass Hokt o na ëmmer een beléiften Menü. An deen letzten Joerzéinten hat sech datt äwer bëssen geännert. Die modern Këchen hat dem Spargel datt Schwéiert gehollt, fort van der Hollandaise, hin zu enger liiter, frëscher Kombinatioun. Genau hei kënnt mein Zaloot an d’Spill.
De Gedanken hannert dëse, Ässen ass einfasch, d’Fréijoer schmaaschen. An zwar su, wie et wirklich ass, knackig, würzig an liäwig. Mat Zutaten, déi goud, regional an saisonal verfügbar sen.
D’Zutaten, einfasch äwer Bewosst gewiält
- Spargel: Fir dës Zaloot kanns du wäissen oder gréinen Spargel hualen. Beim gréinen has du deen Virdeel datt en net geschiällt muss jiän, en ass aromatisch an lisst sech wonnerbar brooden oder am Schiäffchen baaschen. Deen wäissen Spargel jiff ech blanchéieren, äwer net ze lang en soll sein Biss net verléiren.
- Conrnichon: D’Cornichon brengt Frëschheet an Saaftigkeet. Ideal sen hei Fräilandcornichon, déi een ab Mai oder Juni ze koofen krëtt. Ween et jiären hat, kanns sie o liit fermentéieren, dozou spéider äwer mi.
- Eier: weechgekooschten Eier mat na engem liit crémigen Eijiäll ass den i-Tëppelchen. Natiirlich ëmmer déi van glecklichen Hohuner. D’Qualitéit vam Ei mëcht mi een gruussen Ënnerscheed, wie een denkt.
- D’Vinägrette: Hei trëfft Würzigkeet op Frëschheet. Een grawen Mostert, frëschen oder angeleiten Dill, Äppelessig oder een mëllen Wäissenwengessig an een gouden neutralen Ualig. Alles Zutaten, déi een ouni Problem aus regionaler Produktioun ze koofen krëtt. Ween et jiären bëssen mi séiss hat kann o na bëssen Hunnig ënnermëschen.
Noohaltigkeet ass bëssen mi wie nëmmen een Trend
Eent Ässen wie dës Zaloot ass eent goud Beispill fir noohaltigt Kooschen. De Spargel aus der Regioun hat am Fréihjoer een kuurzen Transport, genau wie Cornichon an d’Eier. D’Vinägrette baséiert op Zutaten, déi van net wégt kommen mussen. An dëst Ässen fonktionéiert mat winig Energieopwand.
Wëlls du na een Schratt mi wégt goen, kanns du d’Rester van de Cornichon an Sparelschaalen fermentéieren. Eng einfasch Mëlischsäiergärung mat Salz, Waasser an bëssen Gedold brengt net nëmmen nei Aromen op den Dësch, mais verlängert o d’Haltbarkeet.

D’Zukunft, Aales nei gedeit!
An der moderner Këchen erliäwen vill traditonell Techniken een Comeback. Fermentatioun, Ankooschen, Drëchnen. Datt watt Fréier nugdwendig wor, ass hokt rëm hip. Firwatt? Well et Sënn mëcht. Vam Goût, ökologisch an emotional.
Eng Zaloot wie dës Spargelzaloot steht also net nëmmen fir Frëschheet an Fréijoer, mais o fir eent neit Bewosstsën beim Kooschen. Saaschen selwer ze maan. D’Freid aan den Zutaten déi een kennt, an fir datt goud Geféihl.
D’Zoubereedung ass ëmmer eng Froosch vam Geféil
Kooschen ass keng genau Wëssenschaft, viraan allem net bei engem Zaloot wie dësem. Et jieet ëm die rischtig Balance, vertrau denger Zonge an dengem Goût.
Hualen ech gréine Spargel, wäschen ech deen firtischt, brächen die holzig Ënner aaf an schnégden en an Stécker. Deen jiff ech an bëssen Botterschmalz brooden oder am waarmen Schiäffchen bei 200°C mat bëssen Olivenualig réisteren. En kann dobäi ruhig bëssen Faaref aanhualen, pass äwer op datt en sein Biss net verléiert. Deen Wäissen schiälen ech, brächen hei o die holzig Ënner aaf, schnégden en an Stécker. Dann blacnhéieren ech en fir ongféier 5 Min. am kooschenden Salz-Zitrounen-Waasser. Die 2 Zorten loossen ech komplett auskéilen, gekooschten Spargel kanns du am Äiswaasser aafschrecken, deen gebrooden leen ech ausgebreet op een kaalen Teller. Deen leen ech dann an eng Schossel.

D’Cornichon wäschen ech grëndlich, op der Mandolin schnégden ech dënn Scheiwen, déi leen ech an eng Sei an salzen se, su kann iwerschëssigt Waasser an Batterstoffer auszéihen. No ongeféier enger halwer Stonn wäschen ech d’Cornichon grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an leen se bei de Spargel an d’Schossel.

D’Eier kooschen ech ongeféier 8 Min. D’Eijäll soll fest an äwer na liit crèmig sen, äwer net mi flëssig. Déi schrecken ech ënner kaalem Waasser aaf, schiälen se an hacken se graff an leen se mat an d’Schossel.

Frühlingszwibbelen, wäschen ech ënner fléissendem kaalen Waasser an schnégden se an dënn Ronselen. An o déi kommen mat an d’Schossel.

Den Dill wäschen ech, rëselen en drëchen. Ech han en fein gehackt, du kanns en äwer o einfasch mat den Hänn graff zerappen, deemno wie rustikal du deng Zaloot wëlls.
Fir d’Vinägrette mëschen ech grawen Mostert mam Essig, Salz an Päffer, Optional: Hunnig. No an no, an ënner stannigem réiren schëdden ech den Ualig dobäi, su datt eng Emulsioun entsteht. Subal déi fiärdig ass, mëschen ech den Schmand an den Dill drënner an lossen se ongeféier 10 Min. durich zéien su kannen sech d’Aromen verbannen.

D’Vinägrette schëdden ech op d’Zaloot an vermëschen alles goud mateneen, schmaaschen, würzen evtl. na no. Optional kanns du deng Zaloot na mat geréisterten Nëss toppen.

Fazit, eng Zaloot, déi bësse mi kann
Am Enn ass dës Spargelzaloot bëssen mi wie nëmmen eent siiert Fréihjoersässen. Et ass eng kleng kulinarisch Réis. En verbënnt historisch Zutaten mat modernen Iddiien. En ass noohaltig, villségtig an einfasch nëmmen köstlich.
Probéier et aus, spill mat den Zutaten, erzäll domatt deng eegen Geschicht. Villäicht jiët en jo o fir dech een neien Klassiker, een deens du net nëmmen ëss, mais o féihls.
Spargelzaloot
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
MinutenZutaten
800 g wäissen Spargel, geschiält an, an kleng Stécker geschnidden
0,5 Geméisscornichon, an dënn Scheiwen geschnidden
3 Eier, hart gekooscht
3 Frühlinszwibbelen, an dënn Ronselen geschnidden
- Fir Vinägrette
2 TL grawen Mostert
50 ml Essig, Äppel- oder een mëllen Wäissenwéngessig
100 ml neutralen Ualig
50 ml Schmand
Salz & Päffer
1 EL gehackten frëschen Dill
Optional: 1 TL Hunnig
Zoubereedung
- De Spargel blanchéieren ech for ongeféier 5 Min. am kooschenden Salz-Zitrounen-Waasser, aafschëdden an am Aiswaasser aafschrecken an goud aafdrëpsen loossen. An eng Schossel leen.
- D’Cornichon leen ech op eng Sei an salzen se, su kann iwerschëssigt Waasser an Batterstoffer auszéihen. No ongeféier enger halwer Stonn wäschen ech d’Cornichon grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf, loossen se goud aafdrëpsen an leen se bei de Spargel an d’Schossel.
- D’Eier kooschen ech ongeféier 8 Min. D’Eijäll soll fest an äwer na liit crèmig sen, äwer net mi flëssig. Déi schrecken ech ënner kaalem Waasser aaf, schiälen se an hacken se graff an leen se mat an d’Schossel.
- Die geschnidden Frühlinszwibbelen leen ech mat an d’Schossel
- Fir d’Vinägrette
- Mëschen ech grawen Mostert mam Essig, Salz an Päffer, Optional: Hunnig. No an no, an ënner stannigem réiren schëdden ech den Ualig dobäi, su datt eng Emulsioun entsteht. Subal déi fiärdig ass, mëschen ech den Schmand an den Dill drënner an lossen se ongeféier 10 Min. durich zéien su kannen sech d’Aromen verbannen.
- D’Vinägrette schëdden ech op d’Zaloot an vermëschen alles goud mateneen, schmaaschen. würzen evtl. na no. Optional kanns du deng Zaloot na mat geréisterten Nëss toppen.