Ossobuco

Ossobuco as eng Instutitioun an der italienischer Këchen an genéisst o international een gouden Rouf. Ossobuco as eent köstlicht italienischt geschmortent Ässen. Traditionell besteht den Ossobuco aus Rands- oder Kalefsjarret. Zoubereedung vam Ossobuco hëllt bëssen Zéckt an aansprooch, Fleesch jët rondrëm kräftig aangebrooden, dann kënt Aromabase dobäi, datt sen gewürfelt Muurten, gewürfelt Ënnen, Stangenzellerie, Knuawléck an frësch gewürfelt Tomaten, als nächst kënnt wäisse Wéng an Bréit dobäi, an dann jëtt datt Ganzt lang op niddriger Hëtzt schmoren gelooss, bis Fleesch zart an saaftig as.

Am 18ten Joerhonnert as dëst Rezept firtischt an der Lombardei opgetaucht. An der Lombardei as Kaleffleesch Flaggschëff an dofir jëtt den Ossobuco o traditionelle mat Kalefsjarret gemaat. Iwersatt heescht Ossobuco “Schank mat Loosch”.

Beilaagen

Ossobuco jëtt dachs mat “Risotto all Milanese” oder Polenta zervéiert, et as een klassichen Menü aus der norditalienischer Këchen. Et as bekannt fir sein exellente Geschmaasch an die zart Konsitenz vam Fleesch, datt van der Schank rutscht. Eent beléiftent Ässen an villen italienischen Restaurant weltwégt.

Die italienisch Këchen

Die italienisch Këchen as bekannt, datt sie vill regional Rezepter hat, su as et o beim Ossobuco. Während die klassisch an bekannste Versioun mat Kalefsjarret gemaat jëtt, kann dëst Ässen o mat Randsjarret oder sugar mat Schwéngefleesch gemaat jiänn. All Regioun hat hir eegen Zoubereedungsart, déi sich durich Gewürzer an Zutaten ënnerscheeden kannen.

Fir een eenzigartigen an köstlichen Geschmaasch ze kreien, as die italienisch Këchen mat sengem Ossobuco eent goud Beispill. Ischtklassig Liäwensmëttel, déi gewëssenhaft an gemellig Zoubereed jiänn. Ossobuco as een muss fir all Liebhaber van der italienischer Gastronomie, en versprëcht een exellenten kulinarischen Geschmaasch.

Varianten

  1. Ossobuco Milanese: Dëst as die klasssich Versioun mat Kaleffleesch, déi an Mailand am bekannsten as. Sie jëtt mat enger Tomatenzooss, wäisse Wéng an Geméiss zoubereed an mat enger Gremolata zervéiert.
  2. Ossobuco alla Fiorentina: Eem gruussen Ënnerscheed zum “Ossobuco Milanese” jëtt et hei net, dës Versioun jëtt ähnlich zoubereed, mat Tomatenzooss, wäisse Wéng an Geméiss, hei sen äwer na die typisch italienische Krégder mat verschafft.
  3. Ossobucco alla Romana: Zu Roum jëtt den Ossobuco ouni Tomatenzooss zoubereed. Hei jëtt nëmmen wäisse Wéng, Bréit an Geméiss gehollt, fir mi eng hell Zooss ze kreien.
  4. Ossobuco mat Gremolata: Gremolata as eng Mëschung aus Zitrounenzesten, Knuawléck an Péitersilich, déi iwert den Ossobuco gestreit jëtt. Onaafhängig van den regionalen Varianten jëtt den Ossobuco dachs mat enger Gremolata zervéiert, dodurich krëtt dësen Plat een frëschen Aroma.
  5. Randsossobuco: Satt kaleffleesch kann den Ossobuco o mat Randsfleesch gemaat jiänn. Dodurich krëtt dës Variant vill mi een kräftigen Geschmaasch.
  6. Schwéngsossobuco: An paar Regiounen jëtt Ossobuco mat Schwéngsfleesch zoubereed. Datt féiert zu enger ganz annerer Geschmaaschrichtung.

Wiäll van den Zutaten an der Zoubereedung kann van Familjen zu Familjen an van Restaurant zu Restaurant variéiren, watt den Ossobuco zu engem variabelen Menü an der italienischer Këchen mëcht. All Variante hat hiren eegene Charme, an et lungt sech verschidden Versiounen auszeprobéiren, fir su dein ganz perséinlichen Favorite ze fannen.

Zutaten:

  • Kalefsjarret
  • Miähl
  • Ënnen
  • Stangenzellerie
  • Muurten
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • drëchene wäisse Wéng
  • Kalefsfond, alternativ kanns du natiirlech o all anner Bréit hualen
  • Pelati
  • Italienisch Krégder
  • Peffer & Salz
  • Péitersilich fir Garnitur
  • Als Beilaag an ech Gromperen an der Zooss mat gekooscht.

Zoubereedung:

Ech fänken mat der Mise en place aan, datt heescht, ech wäschen, botzen datt ganzt Geméiss an schnégden alles an kleng Würfelen.

De Knuawléck an den Péitersilich hacken ech fein.

Fleesch driien ech am Miähl.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Olivenualeg an brooden Fleesch all rondrëm goldbrong aan. Hualen et dann raus an leen et op Ségt.

An deem selwischten Dëppen brooden ech Ënnen aan, mëschen Muurten, den Zellerie an den Knauwléck drënner an brooden alles ënner stännigem réiren ongeféier 10 Min. kräftig aan. Geméiss salzen ech dann.

Als nächst kënnt Zitrounensaaft dobäi, datt loossen ech ganz ankooschen.

Datt Ganzt läschen ech mam wäisse Wéng aaf an loossen deen bis op Halschent ankooschen.

Ossobucco

Dann schëdden ech Bréit oder den Fong drop an lossen déi o kräftig opkooschen an o ongeféier bis op Halschent ankooschen.

Pelati an Zooss schëdden, mat engem Holzläffel zerklengern, sämtlich Kégder, Salz an Peffer ënnermëschen an schmaaschen.

Fleesch leen ech dann ant Zooss, maan den Deckel drop an setzen et fir ongeféier 30 Min. an deen virgewiäremten Schiäffchen.

No der halwer Stonn hualen ech Dëppen aus dem Schiäffchen, schmaaschen eng kéier. Ech han hei die rii Gromperen mat ant Dëppen geleit. De Schiäffchen driien ech bis op 150° C raaf an setzen Fleesch dann na eng kéier fir 1 goud Stonnen, am besten 1,5 Stonnen an den Schiäffchen.

Viraam zervéiren gehackten Péitersilich driwer streien.

Ossobuco, Kartoffeln

Ossobuco

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

30

Minuten

Zutaten

  • 4 Kalefsjarret

  • Miähl fir Fleesch dran ze driien

  • 2 gewürfelt Ënnen

  • 1 kleng gewürfelt Muurt

  • 1 kleng geschnidden Zelleriestang

  • 3 an gehackten Ziiwen Knuawléck

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 250 ml drëchene wäisse Wéng

  • 500 ml Kalefsfond oder eng anner Bréit

  • 1 gruuss Béchs Pelati (800 ml)

  • 2 TL italienisch Krégder

  • Peffer & Salz

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • gehackten Péitersilich fir Garnitur

Zoubereedung

  • Fleesch salzen an iwert Nait an den Frigo stellen.
  • De Schiäffchen op 200° C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Fleesch am Miähl driien
  • An engem waarmen Dëppen Olivenualeg op mëttel Hëtzt erwiärmen. Fleesch brooden ech all rondrëm goldbrong aan, hualen et raus an stellen et op Ségt.
  • An deem selwischten Dëppen, Ënnen, Muurten, den Zellerie an den Knuawléck aanbrooden. Goud 10 Min. brooden loossen, liit salzen,
  • Zitrounensaaft drop schëdden an komplette ankooschen loossen.
  • Dann den Wéng drop schëdden an deen bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Als nächst Bréit oder den Fond drop schëdden an deen o bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Pelati ënnermëschen an Tomaten zerklengeren, opkooschen loossen. Mat Salz, Peffer an den italienischen Krégder würzen an schmaaschen.
  • Fleesch ant Zooss leen, den Deckel drop an fir 30 Min. an deen virgewiäremten Schiäffchen stellen.
  • No der halwer Stonn Dëppen raus hualen, den Schiäffchen op 150° C raaf driien. Schmaaschen, evtl. nowürzen. Ech han hei die rii Gromperen mat ant Dëppen geleit.
  • Den Deckel rëm drop leen an fir eng goud Stonn, am besten 1,5 Stonnen an den Schiäffchen stellen.
  • Viraam zervéiren gehackten Péitersilich driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*