Pollo fino op Gromperen an Chouxfleurs

Hallo an wëllkomm zu engem wégderen kulinarischen Abenteuer! Hogt beschreiwen ech dir watt Pollo fino ass, an wie ech et zoubereeden. Pollo fino aus dem Schiäffchen, gebaaschen op Gromperen an Chouxfleurs, eng wonnerbar Kombinatioun. 

Watt ass Pollo Fino?

“Pollo Fino” ass een Begrëff aus dem spanischen an beideit wuortwörtlich iwersatt “feine Poulet”. Et bezéiht sech op die zart, saaftig Pouletstrempelen, déi ausgliiest an van iwerschëssigen Schanken an Fett befreit sen, fir su eent ischtklassigt Steck Fleesch ze béiden.

Bei eis kënnt een fir Pollo Fino “Pouletstrempelfilet” oder “entbeenten Pouletstrempel” soen. Dës Bezeechnung beschreift, datt et sech em een ausgebeenten Pouletstrempel handelt an datt dëst Fleesch wie een Steak kann verschafft jänn.

Datt Fleesch ass fir seng Zaartheet, Eleganz an ischtklassigen Geschmaasch bekannt an béid eng ideal Grondlaag fir kreativ Gewürzkombinatiounen an Marinaden. Dëst Fleesch as perfekt fir vill verschidden Zoubereedungen, van Grillowender bis hin zu herzhaften gebrooden oder gebaaschen Menüer.

Vergees net beim Ankoofen ze laaschen – datt mëscht Zutaten na besser!

Datt ischt watt ech brausch sen ausgebeenten Pouletstrempelen. Dann brausch ech na Gromperen, Chouxfleurs an Olivenualeg. Fir ze würzen hualen ech Salz, Peffer, Paprikapolwer, verschidden gedrëchent Krégder wie Thymian an Rosmarin, oder Krégder aus der Provence. Natiirlech duaref d’Vampir-Verteidigung an Form van Knuawléck net fehlen. 😉

Fir datt mein Menü jätt jëtt brausch ech dann na, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel, Baaschpapaier an eent Baaschblech.

Zoubereedung

De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.

De Pollo fino würzen ech mat Salz an Peffer. Du kanns déin Poulet o marinéiren wie z.B mat enger mediterraner Marinade oder eng Marinade no protugiesisch Art. Deen Stellen ech dann op Ségt bis ech en brausch.

Gromperen schiälen ech an schnégden se an véirel oder aaschtel.

De Chouxfleurs zerdeelen ech an kleng Ruussen an wäschen en grëndlich

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

Gromperen an den Chouxfleurs leen ech an eng gruuss Schossel an vermëschen sämtlich Gewürzer mat bëssen Olivenualeg, mam Knuawléck an den Krégder.

Datt verdeelen ech, su datt et net openeen légt, op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech.

Gromperen an den Chouxfleurs setzen ech dann fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen.

No deen 25 Min. vermëschen ech Gromperen an den Chouxfleurs an leen d’Fleesch uawen drop. Datt setzen ech dann fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen bis den Poulet durich gar ass.

Deemno watt fir eng Marinade datts du zoubereeds, kanns du dengt Geméiss o domatt vermëschen.

Kontrolléier den Garpunkt vam Poulet, all Schiäffchen schafft annëcht.

Pollo fino op Gromperen an Chouxfleurs

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 4 Pollo fino (ausgebeenten Pouletstrempelen)

  • 500 g Gromperen, geschiält an gevéirelt oder geaaschtelt

  • 1 klenge Chouxfleurs, an kleng Ruusen zerdeelt

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • 0,5 TL Thymian

  • 0,5 TL Rosmarin

  • 0,5 TL séisst Paprikapolwer

  • 1 Ziif Knuawléck, fein gehackt

  • bëssen Olivenualeg

Zoubereedung

  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen
  • De Poulet salzen an pefferen an op Ségt stellen bis ech en brausch.
  • De Chouxfleurs an d’Gromperen an enger grusser Schossel, mat bëssen Olivenualeg, Salz, Peffer, Paprikapolwer an den Krégder goud vermëschen.
  • Op eent mat Baaschpapeir ausgeleitent Blech leen an verdeelen su datt et net openeen légt.
  • Fir ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen.
  • No deen 25 Min, Blech aus dem Schiäffchen hualen, Geméiss eng kéier mëschen an den Poulet uawen drop leen.
  • Datt Ganzt fir ongeféier 30 Min. an deen waarmen Schiäffchen stellen, bis den Poulet durich gar ass.
  • Kontrolléier den Garpunkt vam Poulet, all Schiäffchen schafft annëcht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*