Bouletten as eent herzhaft Ässen, datt aus enger Mëschung van Gehacktes (dachs Rand, Schwéng oder Gemëschtent) an wegder Zutaten zoubereed jëtt. Fleesch mat sämtlichen Zutaten jëtt zu enger homogener Masse vermëscht an dann zu Bouletten geformt. An villen Länner sen Bouletten beléift jiänn meestens als Hauptplat oder als Zutat bei engem Buffet zervéiert. Sie sen einfasch zouzebreeden an eent beléift “Comfort-Food”, datt traditionell an villen Familjenrezepter virkënnt.
Grondrezept
Grondrezept besteht nëmmen aus paar einfaschen Zutaten déi am normalen jidfereen doheem hat. Gehacktes, Ënnen, Eier, eent aalt Brigdchen vam Daag virdraan oder Panéiermiähl, Mëlich, Peffer an Salz. Datt jëtt goud mateneen vermëscht zu Bouletten geformt an gebrooden. Dëst Rezept ass ganz einfasch ze variéiren an dengem ganz perséinlichen Geschmaasch aanzepassen.
- Gewürzer an Krégder: Experimentéier mat verschiddene Gewürzer an Krégder, fir den Geschmaasch aanzepassen. Du kanns z.B. Knuawléck, Paprikapolwer, Cumin, Oregano oder Péitersilich mat ënnermëschen. Eng iddi wie’s du Bouletten na würzen kanns fënns du an mengem Chimichurrybouletten-Rezept.
- Kiiss: Mësch frësch geriwene Kiiss wie Parmesan, Cheddar oder Feta mat ënner Gehacktes fir een extra Geschmaaschkick.
- Geméiss: Du kanns o fein gehacktent Geméiss wie Paprika, Muurten, Courgetten oder Spinat mat ënnermëschen, su jiänn Bouletten richtig saaftig an mi gesond. Du kanns Kiiss an Geméiss kombinéiren, su eent Rezept fënns du hei.
- Zoossen an Marinaden: Zopp Bouletten viraam brooden an verschidden Zoossen oder Marinaden, fir hinnen een besonnechen Geschmaasch ze jiänn. BBQ-Sauce, Teriyaki oder Curry-Marinade sen nëmmen paar Beispiller.
- Anner Fleeschzorten: Statt Rands- oder Schwéngsgehacktes, kanns du o anner Zorten wie Lamm, Schnuddelhouhn oder Houhn verwenden.
- Vegan oder Vegetarisch: Wanns du op Fleesch verzichten wëlls, kanns du vegan oder vegetarisch Bouletten zoubereeden, andeems du Tofu, Geméiss, Hülsenfriischten oder Seitan hëlls.
- Scharef oder mëll: Pass Schiäreft dengem Geschmaasch no aan, entweeder mat mëllen Gewürzer oder andeems du Chili, Jalapeños oder eng scharef Zooss dobäi mëschs.
- International Variatiounen: Experimentéier mat verschidden international Aflëss. zum Beispill kanns du mat engem Currygewürz indisch Bouletten maan, oder mat Koriander an Cumin fir mexikanisch Bouletten.
Miilechkeeten sen endlos, an du kanns kreativ jiänn, fir Bouletten dengem ganz perséinlichen Geschmaasch aanzepassen. Du brauchs nëmmen op Konsitenz opzepassen, sie sollen net ze drëchen an net ze fiit jiänn.
Form an Textur
Form
Hackfleeschmëschung jëtt zu enger ronner Bullen geformt, déi kann oval oder platt gedreckt jiänn. Bouletten sen dachs an enger Handlicher Griisst geformt, well se sech su goud an der Hand halen an liit ze portionéiren sen. Datt mëcht si zu enger beliéifter Wiäll fir Snacks, als Beilaag oder op der Bottisch.
Textur an Groosch
Bouletten han bannen Textur vam Fleesch an van baussen sollen se knusperig sen, besonnech wann se na zousätzlich panéiert sen. Während dem Brooden verbreeden Bouletten een köstliche Geroosch, deen vill Mënschen aan hausgemaatent Ässen erënnert an den Appetit aanreegt.
Traditionell Zoubereedung
An villen Familjen an Regiounen jiänn Frikadellen no traditionellem Rezept an Methoud zoubereed. Mat Rezepter déi van Generatioun zu Generatioun viraan veriäreft jiänn. Datt drigt zur kulturellen Bedeitung bei.
Beilaagen an kulinarisch Villfalt
Beillagen sen dachs Gromperzaloot, Salzgromperen, Geméiss, gebrooden Gromperen, Gromperenpürée an eng Villzahl aan Zooss, je no regionaler Virléift. Opgrond hirer Apassungsfähigkeet sen Bouletten an de Këchen weltwégt ze fannen. All Regioun an Familjen hat hir eegen Virléiften an spezielle Zoubereedungen, déi op lokalen Traditiounen baséiren.
Bouletten sen einfasch an siier zouzebreeden, watt sie zu enger beléifter Wahl fir den Alldaag an eiser Këchen mëcht.
Zutaten:
- Gehacktes
- Ënnen
- Eier
- aalt Brigdchen/Brugd vam Daag virdraan, oder Panéiermiähl
- Mëlich
- Salz & Peffer no Geschmaasch
- Miähl

Zoubereedung
Ënnen jiänn fein gewürfelt an mat bëssen Botterschmalz an enger waarmer Pann aangebrooden bis se aafänken Faaref ze kreien. Ech leen se dann op een kaalen Teller fir datt se mi siier aafkéilen.
Panéiermiähl mëschen ech mat bëssen Mëlich su datt sech fiit aanféilt. Wann ech eent aalt Brigdchen hualen datt weechen ech an bëssen Mëlich op an drecken et dann goud aus.
Gehacktes leen ech an Schossel an mëschen d’Ënnen, Panéiermiähl oder Brigdchen, Eier, Salz an Peffer drenner. Datt mëchen ech bis eng homogen Masse entsteht.
Dann hualen ech eng Handvoll Gehacktes an formen se zu Bouletten, déi kanns du Platt drécken oder o net.
Op een Teller leen ech bëssen Miähl an driien die färdeg Bouletten eng kéier do dran.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden Bouletten van deen 2 Ségten goldbrong. Datt dauert ongeféier 6 Min. bis 7 Min. van all Ségt, et hängt ëmmer dovaan aaf wie deck deng Bouletten sen.
Su as Grondrezept van mengen Bouletten, natiirlech kanns du se ganz dengem Geschmaasch no verfeineren. Mi uawen han ech dir paar Iddien geschriwen déis du auspobéiren kanns.
Bouletten
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten20
MinutenZutaten
500 g Gehacktes
1 gehackten Ënn
1 Ei
2 EL Panéiermiähl
2 EL Mëlich
Salz & Peffer no Geschmaasch
2-3 EL Miähl
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann bëssen Botterschmalz erhëtzen an d’Ënnen do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien, fir datt se mi siier aafkéilen leen ech se op een kaalen Teller.
- Panéiermiähl mat der Mëlich mëschen su datt et sech liit fiir aanféilt.
- Gehacktes an eng Schossel leen an mat dem Panéiermiähl, den Ënnen, dem Ei, Salz an Peffer zu enger homogener Masse vermëschen.
- Eng Handvoll raus hualen an zu Bouletten formen, am Miähl driien.
- An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Bouletten van all Ségt ongeféier 6Min. – 7Min. goldbrong brooden.