Paprika-Sumac-Zooss

Hogt am mengem Artikel drigt sech alles em d’Gewürz Sumac. Ech beschreiwen dir wie ech eng Paprika-Sumac-Zooss zoubereeden.

Paprikazooss hat hir Wuurzelen an verschidden regional Këchen. Van der spanischer Romesco bis zur türkischer Acili Ezme. Mat engem Hauch Sumac, engem Gewürz aus gedrëchtenten an gemahlene Friischten vam Sumacstrausch, krëtt dës Versioun een onverwiässelbaren, liit säierlichen Aroma.

Zutaten fir Paprika-Sumac-Zooss

Fir datt meng Zooss gelengt brengen ech mir aus dem Buttik rugde Paprika an Sumac mat. Ech wees net op een Sumac am Buttik krëtt, ech han mein am türkischen Buttik fond. Doheem an menger Spënnchen han ech Pelati, Ënnen, Knuawléck, Olivenualeg, Salz, Peffer, Péitersilich an am Frigo han ech meng Geméisspast stoen aus der ech Geméissbréit maan.

Asserdeem brausch ech eent Gossendëppen, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, een Holzeläffel.

Watt ass Sumac?

Sumac, Sumach oder Rhus genannt, ass datt gedrëchent, graff gemahlent Fruuchtfleesch van den Friischten vam Gewürzsumac, o “Gelbholz” oder “Färbebaum” genannt. Et schmëscht viraan allem sauer an ass an der orientalischer Këchen als Dëschgewürz fir Lahmacun, Kebabs, Reismenüer, Gefligel oder Fësch beléift.

Sumac ass beispillhaft fir eent Gewürz, bei deem sech die verschidden Reizer kloer trennen loossen. Sauer am Geschmaasch an fruuchtig-herb am Geroosch. Die seelen Kombinatioun aus verschidden zitrusartigen Aromen an harzigen, bis zu terpentinartigen Geroosch maan eng Kombinatioun miilisch, déi aan een säierbetounte Wéng oder Granatäppelkären erënnert.

Zoubereedung

D’Ënnen an den Knuawléck schiälen ech an hacken alles kleng.

De Paprika wäschen ech grëndlich, entkären en an schnégden en an kleng Würfelen.

1 TL van menger Geméisspast liesen ech an 250 ml Waasser op.

An engem waarmern Dëppen erhëtzen ech op mëttelhëtzt bëssen Olivenualeg an brooden do dran d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien.

Dann mëschen ech den Knuawléck drënner an subal deen afänkt mat rauschen mëschen ech den Paprika drënner, datt loossen ech dann ongeféier 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden.

Dann mëschen ech den Sumac drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Verwendung vam Sumac:

Hëlls du den Sumac als Dëschgewürz an du verdeels en iwert dem färdigen Ässen, jëtt o den Geroosch genotzt. Hëlls du en fir Fleesch anzereiwen oder an Marinaden, erhällt alles een angenehm säierlichen, liit fruuchtigen Aroma, deen aan Zitrounen erënnert, äwer mi mëll an mi komplex ass. Beim Erhëtzen bleift een säierlichen Aroma, deens du o als Ersatz fir Zitroun oder Essig hualen kanns. De Geschmaasch vam Sumac ass mi starik wie den Geroosch, ausserdeem jëtt et engem neutralen Joghurtdip eng sching Faaref an een feinen Aroma.

An der orientalischer Këchen jëtt den Sumac dachs als Säirungsmëttel gehollt an déint o als Dëschgewürzt, dann ass en äwer meestens mat Salz gemëscht.

  1. Würzen vam Fleesch: Sumac jëtt dachs an Marinaden oder Rubs (Drëchenmarinaden) fir Fleesch verschafft, ganz besonnëch bei Lamm an Gefligel.
  2. Zalooten: Dachs jëtt den Sumac iwert Zalooten gestreit, fir een frëschen, säierlichen Geschmaasch. Eent bekannt Beispill ass den “Fattoush-Zaloot” aus der Levante-Këchen.
  3. Dips an Zoossen: Sumac ass eent beléift Gewürz an Dips, verschidden Zoossen oder Dressingen.
  4. Reis an Bulgur: Sumac kann o an Reis- oder Bulgurmenüer verschafft jänn, hei jëtt den Sumac äwer zum Schluss driwer gestreit.

Faaref vam Sumach kanns du ganz gezielt ansetzen, datt kann deemno bei watt een Vir- oder een Noodeel sen.

Als nächst läschen ech datt Ganzt mat der Geméissbréit aaf, loossen alles opkooschen an ongeféier bis op Halschent reduzéiren.

Dann schëdden ech den Pelati drop, schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Noodeems Zooss gekooscht hat loossen ech se op niddriger Hëtzt ongeféier eng halef Stonn kooschen.

Zum Schluss mëschen ech dann na gehackten Péitersilich drënner.

Alternativen:

Falls du keen Sumac zur Hand has, jëtt et mi Alternativen déis du notzen kanns, déi een ähnlich säierlichen Aroma an dengt Ässen brengen.

  • Zitrounensaaft an/oder Zitrounenschalen: am Enn van der Kooschzéckt ënnergemëscht su datt Frëscheet erhalen bleift.
  • Rugdewéngessig oder Äppelessig: han een ähnlich säierlichen Aroma, den Äppelessig hat eng mi mëll Saier.
  • Tamarindenpaste oder -konzentrat: Sie hat een intensiven säierlichen Aroma an kann an klenge Quantitéiten verschafft jänn. Besonnëch goud an herzhaften Menüer an Zoossen.
  • Granatappelzaroup oder -kären: Den Zaroup brengt eng reich, fruuchtig Säier mat, während Kären ähnlich säierlich sen, äwer just als Topping verschafft jänn

Fazit

Sumac hat eng lang Geschicht an wor well bei den Réimer an den Griechen bekannt. An der Antik ass en äwer net nëmmen als Gewürz an den Ansatz kommen mais o fir medizinisch Zwecker. En as fir seng entzündungshemmend Eegenschaften bekannt an ass bei Moosch- an Hogtkrankheeten angesatt jänn.

Sumac ass eent Gewürz, datt all Menü een erfrëschend säierlichen Aroma brengt. Et ass eent Stéck kulinarisch Geschicht, datt bis hogt an villen traditionellen Rezepter verschafft jëtt.

Mein Menü Broschetten op Paprika-Sumac-Zooss

Tipps:

  1. Kuck datts du Zooss goud aafschmaaschs, dachs brausch et bëssen mi Salz wie Saïer.
  2. Sollt Zooss ze déckflëssig sen kanns du na bëssen Bréit oder Waasser dran schëdden.
  3. Du kanns dës Zooss als Beilaag zu gegrilltem Fleesch zervéiren oder als Dip mat Brugd an Geméiss.

Paprika-Sumac-Zooss

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 2 rugd Paprika, entkärt an gewürfelt

  • 2 TL Sumac

  • 250 ml Geméissbréit

  • 400 ml Pelati (1 Bëchs Tomate pelée)

  • Salz

  • Peffer

  • gehackten Péitersilich

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen bëssen Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck drënner mëschen an subal deen aafänk mat rauschen den Paprika drop schëdden. Ongeféier 10 Min. op mëttel Hëtzt brooden loossen.
  • Mat der Geméissbréit aafläschen, opkooschen loossen an bis op Halschent ankooschen loossen.
  • Tomaten drop schëdden an nodeems Zooss gekooscht hat, op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. kooschen loossen, schmaaschen an würzen.
  • Zum Schluss deen gehackten Péitersilich drënner mëschen an bei dengt Fleesch oder als Dip zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*