Peynir (Salzlakenkiis)

Peynir ass een Begrëff fir Kiiss aus der türkischer Këchen an bezeechent mi Kiiszorten, déi aus Kouh- Schoofs, Geesen- oder Büffelmëlich produzéiert jänn. Den Naam “Peynir” stammt Ursprünglich aus dem persischen an bedeit ganz einfasch Kiiss. Watt den Peynir su besonnig mëcht, ass seng villfältig Verwenung an die vill Zorten. Ausserdeem jëtt et en an deen verschiddensten Texturen, van mëll an grimmelig bis fest an schnëttfest.

An der Balkankëchen ass dësen Kiiss iwerall vertrodden – ob als Bestandeel vam traditionellen Frühstück, an herzhaften Deegwaren wie dem Börek oder Pide, oder als Begleeder bei Oliven an Brugd. Zu deen bekannsten Zorten gehiiert den “Beyaz Peynir” (wäissen Kiiss), deen ähnlich wie Feta eng grimmelig Konsistenz an een salzigen Goût hat, suwie den “Tulum Peynir”, een kräftig, gereiften Kiiss, deen meestens aus Schoofsmëlich produzéiert jëtt.

Peynir vs. Feta – Watt ass den Ënnerscheed?

O wann Peynir, ganz besonnig Beyaz Peynir, op deen ischten Bléck starik aan deen griechischen Feta erënnert, jëtt et markant Ënnerscheeder zwëschen deen 2 Kiiszorten:

1. Produktioun an Wuurzelen

  • Während den Feta an Griechenland ségt Joerhonnerten aus Schoofsmëlich oder aus enger Mëschung aus Schoof- an Geesenmëlich produzéiert jëtt, baséiert den Beyaz Peynir meestens op Kouhmëlich, mi seelen o aus Schoofs- an Geesenmëlich. Den Feta hat ausserdeem een geschützten Status, watt bedeit, datt nëmmen an Griechenland produzéierten Kiiss, deen bestëmmten Kriterien erfëllt, als Feta bezeechent duraref jänn. Peynir jëtt an der Türkei an, an anner Regiounen om Balkan produzéiert an hat keng su eng Reglung.

2. Reefezéckt

  • Feta jëtt traditionell ongeféier 2 bis 3 Meent gereift, watt him seng fest, äwer grimmelig Textur an deen liit scharefen Goût jëtt.
  • Beyaz Peynir jëtt o gereift, kann äwer o als frëschen Kiiss gäss jänn, watt him mi eng mëll Konsistenz jëtt.

3. Goût

  • Den Goût ass mat Sëcherheet deen griisten Ënnerscheed zwëschen deen 2 Kiiszorten. Feta hat eng markant Schiäreft an Salzigkeet, déi op d’Verwenung van der Schoofsmëlch an Reefzéckt zeréckzeféiren ass. En brengt een liit sauren Aroma mat, déi äwwr deen kräftigen Goût aafronnt. Beyaz Peynir hat een mëllen Goût viraan allem wann en aus Kouhmëlich produzéiert jëtt. En hat eng cremig Konsistenz an een mi feinen Salzgehalt, watt en mi villségtig an net su dominant mëcht. Jëtt den Beyaz Penir aus Schoofsmëlich produzéiert, gläicht sein Goût mi dem Feta, wubei en äwer mi mëll bleift.
  • Frëschen Peynir hat een mëllen, liit salzigen Goût, deen aan eisen wäissen Kiiss erënnert. Ass en mi lang gereift, jänn d’Aromen mi intensiv, en bleift äwer manner scharef wie den Feta. Deemno watt fir eng Mëlich verschafft jëtt kann en mi een nossigen Goût an eng cremig Konsistenz opweisen. Dësen Kiiss ass extrem villségtig an passt wonnerbar op Zalooten, Brugd oder als Zutat an engem Herzhaften Ässen.
  • Feta schmëscht salzig an Kräftig. Sein typischen Goût ass eng Kombinatioun aus liit scharef, cremig an säierlich. Deen mi hiien Fettgehalt van der Schoofsmëlich jëtt him eng mëll, baal botterigartig Konsistenz, während den Salzaroma eng erfrëschend Schiäreft matbrengt, déi goud beî Oliven, Krégder an riit Geméiss passt.

De Peynir wie o den Feta han hire festen Platz an der mediterraner Këchen. Während den Feta durich seng kräftig, salzig Schiäreft bestëcht, iwerzeecht den Peynir durich seng mëll, cremig Textur an sein villfältigen Ansatz an der Këchen. Die 2 Zorten béiden wonnerbar Miilichkeeten, fir traditionell an modern Menüer ze verfeineren an ze beräicheren.

Geméiss aus dem Schiäffchen mat Poulet an Peynir

Hei ass eent einfasch an siiert Rezept aus enger Kombinatioun aus Geméiss, Poulet an Peynir. Dësen Menü, brengt d’Aromen vam Mëttelmiär op dein Teller – mat Zutaten, déi voller Goût an Faaref sen ausserdeem fir all déi, die net wirklich Fan vam Feta sen, béid den Peynir eng wonnerbar, cremig net su scharef alternativ.

Mëttlerweil jänn et o hei am Land paar Türkisch- oder Balkan- Buttiker, wu’s du den Peynir ze koofen krëss.

Geméiss aus dem Schäffchen mat Poulet an Peynir

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

2

Stunden 
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • 3 Paprika (rugd, jiäll an gréin)

  • 2 Courgetten

  • 1 deck Ënn

  • Salz & Peffer

  • 2-3 EL Olivenualeg

  • 200 g Peynir oder Feta

  • Marinade fir den Poulet
  • 24 Chickenwings

  • 2 Ziiwen Knuawléck

  • 1-2 TL Oregano

  • 4-5 EL Olivenualeg

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 2 TL Salz

  • 1 TL Peffer

Zoubereedung

  • Marinéiren
  • De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.
  • A enger gruusser Schossel mëschen ech Chickenwings, mam Salz, Peffer, Knuawléck, Oregano, Olivenualeg an Zitrounensaaft. Zougedeckt loossen ech d’Fleesch ongeféier 2 Stonnen am Frigo marniéiren, am besten ass natiirlech ëmmer iwert Nait.
  • Iwerdeems d’Fleesch marinéiert, wäschen ech den Paprika, entkären en an schnégden en an graff Stécker.
  • Als nächst wäschen ech Courgetten an schnégden se op der Mandoline an dënn Ronselen. Déi leen ech an eng Sei, salzen se liit an loossen se ongeféier 30 Min. durichzéien. Dono wäschen ech se grëndlich ënner kaalem Waasser aaf.
  • De Schiäffchen op 180°C Ëmloft virwiärmen.
  • An enger annerer Schossel mëschen ech d’Geméiss mat bëssen Olivenualeg, Salz an Peffer an verdeelen datt op engem mat Baaschpapeir ausgeleitem Blech.
  • Op dem Geméiss verdeelen ech Chickenwings an setzen den Blech fir 45 Min. bis 1 Stonn an deen waarmen Schiäffchen.
  • TIPP: Du kanns d’Fleesch ant Geméiss o getrennt op 2 Blecher leen. Geméiss zéiht während dem Baaschen Waasser, watt den Menü äwer net manner appetitlich mëcht.
  • 10 Min. viraan Schluss van der Baaschzéckt, den Peynir zerbröselen an driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*