Pouletcurry mat Reis

Hokt hualen ech dech mat op eng Réis an d’Welt vam Curry, an zwar mat mengem Pouletcurry, mat knackigen Muurten, Chouxfleurs an Iärbessen. Dëst Rezept verbënnt die würzig Kraft vam schwarzen Curyypolwer, mat einem Hauch Cannelle an der cremigkeet vam Schmand.

Curry’s han hiren Ursprong an Indien, an sen am Loof van der Zéckt van der ganzer Welt adaptéiert jänn – all Land mat senger eegener spannender Variant. Mengt Rezept van Hokt hat een liiten Hauch van Gewürz an ass einfasch zouzebreeden.

Zutaten fir mein Pouletcurry mat Reis

1. Pouletfilet

  • Zaart Fleesch, datt sech liit zouberreden lisst an vill Proteinen enthält. D’Fleesh hëllt d’Aromen vam Curry goud op an et belit saaftig, wann et richtig gegart ass. TIPP: Schnégd et an gläich gruuss Stécker dir datt et gläichmässig gart.

2. Muurten

  • Knackigt Wuurzelgeméiss, reich aan Beta-Carotin, jëtt et dem Curry een liiten séissen Aroma an bleift o noom Kooschen na bëssfest. TIPP: Kleng gewürfelt ir datt den Curry net ze lang brausch.

3. Chouxfleurs

  • De Chouxfleurs hat een mëllen Goût an hëllt d’Aromen vam Curry wonnerbar op. Gläichzéktig brengt en eng liit knusperig Textur, wann en net ze mëll gekooscht ass. TIPP: Ruusen net ze gruuss loossen, fir datt alles gläichmässig gart.

4. Iärbessen

  • Die kleng, séiss gréin Kujelen, déi dem Ässen net nëmmen Goût jëtt, mais o Faaref mat an d’Spill brengt. TIPP: Gefruaren Iärbessen sen hei eng goud Wiäll, sie garen siier an behaalen hir Faaref.

5. Ënnen

  • Eng van den Grondzutaten an bal all herzhaftem Ässen. Sie suarigt fir eng séisslich Basis, wann sie am Fett aangedënst jëtt. Ausserdeem verstiärikt d’Ënn d’Aromen van den Gewürzer. TIPP: Op niddrig bis mëttel Hëtzt karamelsiséiren loossen, su entfaalen sie hiren ganzen Aroma.

6. Knuawléck

  • Een Klassiker fir intensiven Aroma. De Knuawléck jëtt dem Curry Würzigkeet an eng liit Schiäreft. TIPP: De Knuawléck net ze fréi drënner mëschen, fir datt en net verbrennt an batter jëtt.

7. Ingwer

  • Den Ingwer brengt eng mëll Schiäreft an een frëschen zitrounen Arome. En hëlleft dobäi die kräftig Gewürzer auszebalancéieren. TIPP: Frëschen Ingwer reiwen fir datt en sein ganzen Aroma entfaalen kann.

8. Schwarzt Currypolwer

  • Genau wie datt jällt Currypolwer ass o datt schwarzt eng Mëschung aus verschidden Gewürzer wie z.B. Cumin, Koriander, Kurkuma, Fenchel… enthält. Datt schwarzt Currypolwer ass mi mëll am Goût wie datt jällt. Die mi donkel Faaref kënnt well verschidden Gewürzer geréistert jänn är se mateneen vermëscht jänn. En jëtt dem Curry sein charakteristischen Goût an eng kräftig Faaref. TIPP: Du kanns o jällt Currypolwer hualen. Réister et kuurz mat aan fir deen vollen Aroma frei ze setzen.

9. Canelle

  • Eent waaremt, séisslicht Gewürz, datt dachs an séissem Ässen verschafft jëtt, äwer o an herzhaftem Ässen, wie bei dësem Curry eng goud Ergänzung ass. De Canelle jëtt dem Curry een feinen, waarmen Aroma. TIPP: De Cannelle virsichtig doséiren, en kann soss deen ganzen Goût dominéiren.

10. Schmand oder Kokosmëlich

  • Schmand suraigt fir cremigkeet an dofir datt all mi mëll schmëscht. Alternativ kanns du Kokosmëlich hualen, déi een liit séisslichen an exotischen Goût matbrengt. TIPP: De Schmand oder Kokosmëlich rischt zum Schluss drënner mëschen fir datt se net ausflocken.

11. Kurkuma

  • Een Gewürz datt starik fiäreft an dem Curry seng jäll Faaref jëtt, en ass bekannt fir sein mëllen-würizgen liit batteren Goût an fir seng gesondheetlich Virdeeler. TIPP: An Moossen verwenden, zevill Kurkuma mëcht den Curry batter.

12. Cumin

  • Cumin hat een erdigen, liit nossigen Goût an ass Standartgewürz an villen indischen Menüer. TIPP: De Cumin entfaalt sein Aroma am besten wann en kuurz mat aangeréistert jëtt.

13. Salz an Peffer

  • Dës 2 Klassiker duarefen natiirlech net fehlen. Sie häwen sämtlich Aromen an suarigen dofir datt alles goud Gewürzt schmëscht. TIPP: Ëmmer rëm schmaaschen an su rausfannen watt dir am besten schmëscht.

14. Botterschmalz

  • Botterschmalz oder o Ghee genannt ass die perfekt Wiäll fir een Curry ze kooschen, et kann een et hii erhëtzen an et verbrennt net wie z.B. de Botter. Et hat een reichen, liite séisslich an nossigen Goût, deen wonnerbar mat deen ganzen Gewürzer am Curry harmonéiert. TIPP: Trotz allem beim Erhëtzen oppassen, o wann et een hiien Rauchpunkt hat soll et äwer net aafänken ze dämpen.

Reis oder Naan ass die klassisch Beilaag bei engem Curry, den Reis hëllt die goud Zooss op an mam Naan-Brugd kann een o na deen lesten Rest van der würziger Zooss op dippen.

Zoubereedung

  • Fleesch schnégden ech an dënn Streifen, salzen et an loossen et ongeféier 30 Min. durichzéien.
  • D’Ënnen schiälen ech an hacken se kleng.
  • De Knuawléck schiälen ech an hacken en fein.
  • Den Ingwer schiälen ech an op der Raspel reiwen ech en fein.
  • D’Muurten schiälen ech an würfelen se kleng.
  • De Chouxfleurs zerdeelen ech an kleng Ruusen an blanchéiren en fir 3-4 Min. am kooschenden Salzwaasser.
  • Iärebssen hualen ech aus der Truh fir datt se entdiien kanne.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech mir Currypolwer, mam Cumin, dem Kurkuma an dem Cannelle.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech den Botterschmalz an brooden do dran de Poulet all rondrëm goldbrong aan. Deen hualen ech raus an stellen en op Ségt bis ech en brausch.

An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien. Dann mëschen ech den Knuawléck an den Ingwer drënner an réistern datt kuurz mat aan.

Als nächst schëdden ech meng Gewürzer dobäi an réisteren déi o kuurz mat aan.

Subal et goud rëscht mëschen ech d’Muurten drënner an loossen datt paar Min. brooden. Dann mëschen ech d’Fleesch rëm drënner, vermëschen alles goud mateneen an schëdden bëssen Bréit drop.

Datt lossen ech opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an loossen et ongeféier 10 Min. kooschen, schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.

Mat der Bréit bleift Zooss mi flëssig wie wanns du nëmmen Schmand oder Kokosmëlich hëlls, dofir han ech mir 1 EL Maizeena an bëssen kaalem Waasser opgeliiest an datt dobäi geschott fir Zooss ze bannen.

Dann mëschen ech den Schmand oder Kokosmëlich, den Chouxfleur an d’Iärbessen drënner, verréiren alles goud mateneen an op niddriger Hëtzt lossen ech den Curry na eng kéier 10 Min. kooschen. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no.

Fir Garnitur han ech kleng geschnidden Frühlingszwibbelen drënner gemëscht, an dobäi han ech een einfaschen Pilawreis gekooscht.

Varianten

  1. Rugde Curry: Du kanns rugd Currypast hualen, datt féiert zu engem mi würzigen, intensiveren Goût.
  2. Gréine Curry: gréin Currypast jëtt dësem Menü een kräftigen Goût, do passt Koriander an Geméiss wie Broccoli an Bungen goud dobäi.
  3. Massaman Curry: dësen Curry as mëll am Goût an enthält Zutaten wie Gromperen oder Cacahuetten fir eng eenzigartig Textur an Goût.
  4. Thai Basil Chicken: Statt der klassischer Curryzooss jëtt den Poulet mat Basilikum, Chili an Knuawléck gewürzt an mat Reis zervéiert.
  5. Tikka Masala: Eng aVriant aus der indischer Këschen, bei der den Poulet an enger crémiger Tomaten-Curryzoss zervéiert jëtt.
  6. Séiss-saueren Curry: Hei jëtt Curryzooss an Kominatioun aus séissen an sauren Aromen zoubereed watt zu engem interessanten Kontrast féiert.

Pouletcurry mat Reis

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 600 g Pouletfilet, an dënn Streifen geschnidden

  • 1 klenge Chouxfleurs, an kleng Ruusen zerdeelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 Ënn, kleng gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, fein gehackt

  • 1 Stéck Ingwer (3 cm), fein geriwen

  • 2 EL schwarzt Currypolwer

  • 1 TL Kurkuma

  • 1 TL Cumin

  • 0,5 TL Cannelle

  • 2 mëttelgruuss Muurten, kleng gewürfelt

  • 300 ml Bréit

  • 1 EL Maizeena vermëscht mat 1 EL Waasser

  • 100 ml Schmand oder Kokosmëlich

  • 150 g Iärbessen

  • Salz & Peffer

  • 3 Frühlingszwibbelen, fir Garnitur

Zoubereedung

  • D’Fleesch han ech gesalz an ongeféier 30 Min. durich zéien geloss.
  • Iwerdeems han ech d’Geméiss all kleng geschnidden an den Chouxfleurs fir 3-4 Min. am kooschenden Salzwaasser blanchéiert.
  • An enger klenger Schossel mëschen ech Currypolwer mam Cumin, Kurkuma an Cannelle.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch all rondrëm goldbrong aan. Datt hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech op mëttel Hëtzt d’Ënnen aan bis se aafänken Faaren ze kreien, dann mëschen ech den Knuawléck an den Ingwer drënner an subal datt afänkt mat rauschen mëschen ech d’Gewürzer drënner an réisteren déi kuurz mat aan.
  • Als nächst mëschen ech d’Muurten drënner an brooden déi paar Min. aan. Dann mëschen ech d’Fleesch drënner an vermëschen alles goud mateneen.
  • Lo schëdden ech d’Bréit drop, loossen déi opkooschen an op niddriger Hëtzt loossen ech datt Ganzt ongeféier 10 Min. kooschen. Schmaaschen an würzen mat Salz an Peffer.
  • Mat der Bréit jëtt Zooss mi flëssig wie wanns du se nëmmen mat Schmand oder Kokosmëlich kooschs, dofir mëschen ech bëssen opgeliiesten Maizeena drënner fir Zooss ze bannen.
  • Zum Schluss mëschen ech dann na den Schmand oder Kokosmëlich, den Chouxfleurs an d’Iärbessen drënner an Loossen den Curry fir 10 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na no
  • Fir Garnitur han ech kleng geschnidden Frühlingszwibbelen drënner gemëscht an een einfaschen Pilawreis gekooscht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*