Zapiekanka ass eent Ässen, datt den Genoss van der Strooss verzällt, wann de Geroosch van gebroodene Kooschelen an geschmolzenem Kiiss an der Loft legt.
Eent Steck Brugd, en bëssen Kiiss, paar Kooschelen an et gesegt een sech irgendwu an Polen op engem Maart, mat enger dämpenden Baguette an der Hand. Villäicht mat Ketchup drop oder mat „sos czosnkowy“ enger cremiger Knuawelkszooss, déi alles na bëssen besser mëcht.
Wie ass dëst einfascht Ässen zu enger nationaler Ikone jiän? Firwatt fonktionéiert datt su goud?

Eent Kand aus der Nudg
Fir Zapiekanka ze verstoen, réisen ech an 70er Joeren zereck. Eng Zekt an där Polen ënner wirtschaftlichem Drock stung. Liäwensmëttel woren knapp, an d’Wiäll an de Buttiker wor iwerschaubar. Westlich Produkter, wie Pizza oder Hot Dogs, déi an anneren Deeler van Europa well längst populär woren, woren an Polen na längts net om Maart.
Kreativitéit entsteht genau do, wu Mangel ass. Et ass imrpoviséiert jiän. Sie haaten Brugd, meest eng kräftig Baguette oder jiät ähnliches. Kooschelen sen an de Bëcher van Polen am Iwerfloss gewaass. An sie haaten Kiiss. Aus drei Zutaten ass jiät Neies entstannen: Zapiekanka, een oppene Sandwich, deen am Schiäffchien „zapiekane“ iwerbaaschen juff.
D’Wuort Zapiekanka kënnt vam Verb zapiekac, watt iersatt „iwerbaaschen“ oder „gratinéiren“ bedeit. Zapiekanka woren einfasch, Kooschelen, Ënnen, Kiiss an Ketchup. Sie haaten äwer alles wat de Mënsch gebrauscht hat, Wiäremt, Goût an eent klengt Steck westlichen Luxus op der Zong.
Vam Imbiss zum Kultsymbol
Während den 80er Joeren wor Zapiekanka well eent fest Stroossenbild an polnischen Stiädt. Besonnig om Maart an op den Garen hat et iwerall no gebroodene Kooschelen an geschmolzenem Kiiss geroosch. Während am Westen Big Mac an Döner verkooft jiän sen, haat een an Polen Zapiekanka.
Während de 90er Joeren hat sech die kulinarisch Landschaft van Polen radikal verännert. Westlich Fast-Food-Ketten, italienisch Pizzerien an amerikanisch Buger-Restauranten han iwerall opgemaat. Haat een Relikt aus vergangener Zekt su iwerhaupt Chancen fir ze iwerliäwen?
Sie ass bliwen, an hat sech nei erfond. Mënschen, déi am Ausland studéiert an geschafft han, han nei Iddien matbreit. Su ass et Zapiekanka mat Mozzarella jiän, mat gedrëchenten Tomaten, mat Gyros, mat Thon oder Spinat. Die einfasch Strossen-Bottisch hat sech zu engem kreativen Streetfood entweckelt.
Néirens liäft dësen Geest su starik wie am Plac Nowy zu Karkau, am aalen jiddischen Véirel Kazimierz. Do, an engem aalen ronnen Maarthaus, stinn hokt dozenden Stänn niäwenteneen, jidfereen mat sengem eegene Stil. Hei trëfft Traditioun op Trend: van der klassischer Koochel-Kiiss-Kreatioun bis zu extravaganten Varianten mat Geessenkiiss, Rucola an Trüffelualig.

Bëssen Wëssenschaft
Et klengt villäicht iwerdriwen, äwer dëst einfascht Ässen ass eent klengt kulinarischt Meesterwiärik.
1. De Crunch
Während dem Iwerbaaschen drëchent d’Baguette rondrëm, während se van bannen liit fiit bleift. Dëst Zesaammenspill van Knusperigkeet an Zaartheet aktivéiert am Gehirren die sugenannten „konsistenzbelounung“. Studien han gewissen, datt Mënschen besonnig starik op Textrukontraster reagéiren, also op d’Erliäwen van „Crunchy“ an „Creamy“.

2. De Kiiss
Kiiss ass bet nëmmen Topping, et verbënnt d’Elementer. Während dem Erhëtzen schmëlzt de Kiiss an emulgéiert mat Fett an Waasser zu enger glächmässiger dehnbarer Mass. Datt suarigt fir datt perfekt „Zeihen“ beim Aafbäissen, eent sensorischt Signal, datt eist Gehirren direkt mat Genoss verbënnt.

3. D’Kooschelen
Kooschelen enthaalen van Natur aus Glutaminsäier, also Umami, deen Goût deen vir Herzhaftigkeet suarigt. Kombinéiert mat Kiiss ensteht een duabbelen Umami-Effekt, deen dëst Ässen su befridigend mëcht, obwohl et nëmmen aus einfaschen Zutaten besteht.

4. De Ketchup
Et klengt villäicht banal, äwer Zooss spillt eng Zentral Roll. Datt Séisst, d’Säier an d’Würzigkeet blancéieren datt crèmigt, salzigt van de Kooschelen aus. Datt wirikt wie een natiirlchen Verstiäriker vam Goût an brengt sämtlich Aromen zum liiten.

5. Datt Ganzt als Erënnerung
Goût ass ëmmer o eng Emotioun. Den Doft van iwerbaaschenem Brugd an geschmolzene Kiiss aktivéiert eist limbischt System, deen Deel an eisem Gehirren deen mat Erënnerungen verknäppt ass.
Eng Zooss die alles zesaammenhällt
Ob’s du deng Zapiekanak mat Ketchup zoubereets oder mat „Sos czosnkowy“ bleift ganz dir iwerloss. Die crèmig Knuawelekszooss ass wie een ruhigen Held, onscheinbar, äwer onersetzlich. Sie as d’Breck zwëschen Brugd an Belag, zwëschen waarem an kaal, zwëschen salzig an frësch.
Historisch gesehen wor dës Zoss eng spéider Ergänzung, déi mam Opkommen westlicher Mayonnaise. and Joghurtprodukter an den 80er Joeren polulär juff. Ursprünglich wor Knuawelek an Polen eent Heelmëttel, en ass geent Erkältungen an Problemer mam Moosch genotzt jiän. An der moderner Këchen hat heen äwer längts seng fest Platz fond.
Datt klassischt Rezept ass einfasch: Joghurt, Mayonnaise, Knuawelek, Zitrounensaaft, Salz an Päffer. Eng Zooss déi perfekt mat dëser Baguette harmonéiert.
Die kleng Wëssenschaft vam Knuawelek
Knuawelek ass eent faszinéirend Gewürz, chemisch gesehen, eent klengt Wonner. Presst oder schnegd een de Knuawelek reagéiren zwee Stoffer mateneen. Alliin an d’Enzym Alliinase. Doraus ensteht Allicin, deen Stoff, deen fir deen intensiven Knuawelksgroosch verantwortlich ass. Allicin ass fl¨cuhtig, antibakteriell an op gewëss Weis „liäwig“, et verännert sech mat der Zekt an der Temperatur.
An kaalen Zoossen bleift d’Allicin aktiv an suarigt fir een scharefen, frëschen Knuaweleksgoût. Jiët en gekooscht oder liit aangeréistert zerfällt den Allicin an hannerlisst een mëllen séisslichen Goût. Dofir schmëscht gebroodene Knuawelek ganz annëcht wie riien.
D’Mayonnaise drigt hei d’Aromen. Fett liist vill Aromastoffer aus dem Knuawelek besser wie Waasser, wudurich d’Zooss crèmig an aromatisch zugläich jiët. De Joghurt brengt Mëlichsaïer an d’Spill, déi datt Ganzt mi liit maan an d’Schiäreft bëssen hëllt. Eng kleng Dosis Chemie fir eent gruusst Steck Harmonie.

An wann mol eng kéier keng Baguette zur Hand ass, klappt et o op engem einfaschen Steck Brugd.
Vam einfaschen Ässen zum Streetfood
Hokt ass Zapiekanka längst keent „aarem-Lekts-Ässen“ mi. An alle gruussen an klengen Stiädt van Polen fënnt een sie. Su krëtt een Mini-Versiounen als Fingerfood, et krëtt een Varianten mat Trüffel an Geessenkiiss oder als vegan Alternativ mat Reechertofu.
Interessant ass, datt een Zapiekanka o am Ausland fënnt, vriaan allem zu London, Berlin an Chicago, do jiët sie als Symbol van polnischem Streetfood gefeiert.
Watt bleift ass ëmmer eent Ässen, datt verbënnt. Zwëschen Generatiounen, zwëschen Ost an West, zwëschen Vergangenheet an Zukunft. Villäicht legt genau do dran den Zauber, sie ass einfasch, an äwer wandelbar. Sie kann improviséiert oder inszinéiert sen, klassisch oder kreativ.
D’Zukunft
Wann een Foodtrends van deen letzten Joeren kuckt, erkennt een ëmmer rem spannend Beweegungen. Zereck zum Regionalen äwer mat modernem Twist. Zapiekanka op enger Sauerdeeg-Baguette, mat regionalem Kiiss, Kooschelen aus dem Bësch an hausgemaatem Ketchup aus polnischen Tomaten, datt se keng nostalgisch Erënnerungen, mee deen aktuellen Trend.
Jung Käch aus Polen begräifen, datt Zabiekanka een Deel van hirer Identitéit ass. Sie kombinéiren Traditioun mat Noohaltigkeet. Ween wees wie sech d’Zabiekanka viraan entweckelt, sie wärt äwer ëmmer bleiwen watt sie wor: eent waaremt, éierlicht Steck Brugd mat Séil.
Fazit
Die ischt Zapiekanka, déi ech gemaat han, wor mat Kooschelen aus em Bësch, Steinpilze, Maronenröhrling, Pfifferlinge…, ech han déi äwer van engem Kollege krii, well ech mech do dran net su goud auskennen. Ech misst mam Bousch durich de Bësch loofen wir ze woossen wat fir eng Kooschelen ech ässen duaref an watt fir eng net. Vam ischten bis zum letzten Maufel ass et een Genoss, knusperen van der Baguette, datt mëllt Bannëcht, de Goût van de Kooschelen mam geschmolzene Kiiss an deem séiss-sauren Ketchup.
D’Zapiekanka erzällt keng gruuss Geschicht, mee eng éierlich. An schwierigen Zekten jiät einfasches an köstliches ze maan. Du brauchs keng deier Zutaten, keng komplizéiert Technik, nëmmen bëssen Zekt an den Iddi jiät neies ze probéiren. Et schmëscht no vill mi, wie een op deen ischten Bleck mengt.
Zapiekanka & Sos Czosnkowy, einfasch, éierlich, polnisch. An villäicht genau datt, watt an eiser siierer Welt heinsdo fehlt: deen Moment, an deem alles passt.
Zapiekanka
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen15
Minuten30
MinutenZutaten
2 Baguetten, (am besten vam Daag virdraan, sie jiän dann mi knusperig)
Botterschmalz fir ze brooden
2 Ënnen, fein gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
500 g Kooschelen, graff gehackt
Optional: bëssen Zitrounensaaft
300 g Kiiss, geriwen (Gouda, Edamer, Mozzarella…)
Salz
Päffer
Optional: gedrëchent Kregder
Ketchup
- Sos czosnkowy
150 g Naturjoghurt
2 EL Mayonnaise
3 Ziiwen Knuawelek, fein zerriwen
1 Tl Zitrounensaaft oder alternativ paar Drëpsen Essig
Salz
Päffer
Optional: gehackten Péitersilich oder Dill
Zoubereedung
- De Schiäffchien wiäremen ech op 200 °C Iäwischt- an Ënnichthëtzt vir.
- D’Baguetten halbéiren ech an schnegden se längs an 2 Halschenten, déi kannen eng waarmer Pann oder am waarmen Schiäffchien kuurz aangeréistert jiän, fir datt se net su siier durich weechen.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt bëssen Botterschmalz, do dran brooden ech d’Ënnen bis se goldbrong sen an goud rausch.
- Als nächst mëschen ech d’Kooschelen an de Knuawelek drënner an brooden alles su lang op mëttel Hëtzt bis die ganz Flëssigkeet déi auszéiht verkooscht ass.
- Dann rischt mat Salz an Päffer würzen. Optional: kanns du gedrëchent Kregder wie Thymian, Rosmarin oder Kregder aus der Provence drënner mëschen.
- Ech läschen meng Kooschelen dann jiären mat bëssen Zitrounensaaft aaf, datt hiäft de Goût na, deen lossen ech ganz ankooschen.
- D’Kooschelen verdeelen ech op den Baguettenhalschenten, streien Kiiss driwer an iwerbaaschen se fir ongeféier 10 bis 15 Min. am waarmen Schiäffchien.
- Sos cosnkowy
- Sämtlich Zutaten van der Zooss mateneen vermëschen, Schmaaschen an mat de Gewürzer dengem Goût aanpassen.
- Op die firädisch Baguetten de Ketchup verdeelen, an Knuawelkszooss dobäi reechen.