Kooschelen jiänn weltwégt aangebaut an sen an der Këchen ganz variabel asetzbar. Kooschelen eegenen sech goud fir ze brooden, grillen, dënsten, sie jänn ausserdeem an Zoppen an Zoossen verschafft. Durich brooden oder grillen entwecklen Kooschelen een intensiven Geschmaasch
Champignon
Et jiänn verschidden Zorten Kooschelen, dorënner die wäiss, die brong, Shiitake, Portobello… Kooschelen wie mir se ze koofen kreien se wäiss oder brong, sie han eng charakteristisch aafgeronnt Form wie een Hout op engem Still. Die brong zeechnen sech na aus datt se mi een intensiven Geschmaasch han.
Kooschelen han een mëllen erdigen Geschmaasch an Geroosch. Dësen Geschmaasch kann sech je no Art van der Kooschel bëssen ënnerscheeden, et jiänn äwer Zorten déi han een intensiven nossigen Geschmaasch. Textur van der Kooschel kann van zaart bis liit knusperig variiéiren, je noodeem wie se zoubereed jiänn.
Wanns du Kooschelen verschaffs kuck datt se richtig proper sen, datt jëtt am normalen mat enger mëller Biischt oder mat drëchnem Këchenpapeier gemaat. Wanns du Kooschelen plécken gees hëllt datt meestens mi Zeckt an Aasproosch, du kanns Kooschelen o am Waasser wäschen kuck dann äwer ënnert den Hout ob se na ganz zou sen, su vermeids du datt se sech mat Waasser voll sucklen.
Die Art van der Zoubereedung hängt ëmmer van dengem Rezept an van dengem kulinarischen Goût aaf. Kooschelen sen variabel asetzbar an passen zu ganz vill verschidden Zoubereedungsarten.
Koschelen
Schwierigkeit: einfasch15
Minuten5
MinutenZutaten
3 Schalotten
30 g Botter
500 g Kooschelen
Peffer, Salz
Saaft van 2 Zitrounen
- Koschelen mat Rahm
500 g préparéiert Kooschelen
200 ml Rahm
1 Ziif gehackten Knuawléck
Zoubereedung
- Schalotten kleng hacken an se am waarmen Botter aandënsten.
- Kooschelen an dënn Scheiwen schnegden oder sei einfasch nëmmen a Véirel schnegden. Wann et kleng Kooschelen se, kann een se o ganz loossen. Bei die aangedënsten Schalotten jiänn an alles goud mëschen.
- Wann Kooschlen aanfänken brong ze jiänn, mat Salz an Peffer würzen.
- Dann Zitrounensaaft dobäi schëdden, an mat Deckel 4-5 Min. kooschen. Schmaaschen an evtl. noowürzen.
- Koschelen mat Rahm
- Koschelen wie uawen beschriwen préparéiren. Knuawléck an 150 ml Rahm drop schëdden an su lang kooschen, bis Rahm komplett angekooscht as. Zum Schluss na den rest Rahm drop schëdden.
Su gekooscht kann een Koschlen z.B. als Toast Champignons zervéiren.