Broccolirahmsuppe, Broccolischleimsuppe, Dill, Croutons

Broccolizopp mat Stoffi

Broccolizopp mat Stoffi as eng köstlich Variatioun van der klassischer Broccolizopp, déi dodurich datt Stoffi mat dran as eng crémig, mëll Textur krëtt. Broccolizopp mat Stoffi as eng gruussartig Miilechkeet, die gesond Virdeeler vam Broccoli ze genéissen an eent goud Ässen ze erhalen. Dës Zopp as nët nëmmen goud, mais kann ganz no dengem perséinlichem Geschmaasch aangepasst jiänn.

  1. Zousätzlich Aromen: Du kanns dëser Zopp na zousätzlich Aromen zouféiren, andeems du verschidden Gewürzer wie, Cayennepeffer oder Cumin ënnermëchs. Dës Gewürzer jiänn der Zopp een interessanten Geschmaasch.
  2. Zousätzlicht Geméiss: Mat zousätzlichem Geméiss, wie z.B. enger Brunoise oder Julienne aus Muurten, Zelleri an Poretten, krëtt dës Zopp net nëmmen eng anner Textur mais o den Nährwiärt geht ant luut.
  3. Protein: Fir mi Protein an Zopp ze kreien kanns du kleng gewürfelt gekooschten Houhn ënnermëschen. Kicheriärbessen oder Tofuwürfelen, wanns du vegetarisch bleiwen wëlls.
  4. Krégder: Am Platz vam Dill kanns du Péitersilich oder/an Bratzelen hualen sie brengen Geschmaasch an wiärten dës Zopp na op.
  5. Die Séiss Variant: wanns du jiären ausprobéiers an mat anner Gewürzer austesten wëlls, kanns du bëssen Zocker an Cannelle ënnermëschen, Datt jëtt der Zopp een interessanten Twist.

Experimentéier mat verschidden Gewürzer an verschidden Geméisszorten, fir dein ganz perséinlichen Geschmaasch ze fannen, an du wärs ganz sëcher déi Zopp kooschen déi dir am besten schmëscht.

An Zopp maan ech?

  • Botter an Miähl, domatt kooschen ech een hellen Roux, gedeit fir Zopp ze bannen
  • Geméissbréit, et kann een o Kooschwaasser vam Broccoli hualen. Oder Fleeschbréit datt jëtt na mi Goût.
  • Broccoli, de Stronk kann mat verschafft jiänn, just deen ënnischten Deel bëssen aafschnegden.
  • Eijiäll an Rahm, fir Zopp ze bannen.
  • Als Topping kënnt Stoffi mat Dill drop
  • An Garnitur sen Broccoliruusen an Croûtons

Wie fänken ech aan?

Ech fänken mat engem Roux aan, dofir loossen ech den Botter schmëlzen, réiren Miähl drënner an maan su een Roux, deen als Bindung déint. Deen loossen ech dann aafkéilen.

Op deen Roux schëdden ech dann die kooschend Bréit drop, an ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen, schmaaschen an würzen. Hëtzt driien ech dann raaf, an ech loossen datt dann na 20-25 Min. kooschen, datt déint dozou, datt deen miähligen Geschmaasch verschwënnt.

Iwerdeems schnegden ech den Broccoli kleng, an kooschen deen an vill Salzwaasser mëll, ech maan hei o na ëmmer Saaft van enger halwer Zitroun mat dran.

Paar Ruusen vam Broccoli leen ech mir op Segt, fir Garnitur hanneno an Zopp. Deen Rest Broccoli püréiren ech, mëschen bëssen Kooschwaasser, et kann een den Pürée durich eent Saft streichen, fir en na mi fein ze kreien. Mais well Zopp zum Schluss suwiesu na passéiert jëtt as datt eigentlich iwerflëssig..

Dann mëschen ech de Velouté mam Broccolipürée an der Bréit, an loossen dat Ganzt ënner stännigem réiren opkooschen, schmaaschen an würzen.

Eijiäll vermëschen ech mat der Rahm, an schëdden datt dann ant Zopp. Ënner stännigem réiren Zopp su lang erhëtzen bis se aafänkt mat bannen. Zopp passéiren, schmaachen an evtl. noowürzen.

De Stoffi mëschen ech mam gehackten Dill, wann en ze steif as maan ech bëssen Waasser dran en soll äwer zimlech deckflëssig bleiwen. Deen kennt dann als Topping op Zopp.

Brugd reiwen ech mam Knuawléck an, brooden dann am waarmer Botter sching goldbrong Croûtons. An déi kommen hanneno o ant Zopp.

Dill, Croutons, Suppe, Broccolisuppe

Variatiounen:

Du kanns dës Zopp ganz no dengem Geschmaasch variéiren. Zum Beispill, an deems du zousätzlicht Geméiss wie Muurten oder/an Poretten dobäi mëchs, domat änners du Textur an de Geschmaasch.

Würzen:

Niäwent Salz an Peffer kanns du dës Zopp mat Gewürzer wie Muskootnoss, Thymian oder Basilikum würzen, dat jëtt der Zopp een besonnegen Geschmaasch.

Konsistenz:

Wann Zopp dir ze déckflëssig as kanns du se mat Geméissbréit oder Rahm lengen fir su die gewënschte Konsistenz ze erreechen.

Gesondheetlichen Aspekt:

Broccoli as eng Gesond Geméisszort, räich aan Vitaminen, Ballaststoffer an Antioxidantien. Dës Zopp béid eng gruusartig Miilechkeet, mi Nährstoffe an deng Ernährung ze kreien.

Lagerung:

Iwerig gebliwen Zopp hällt sech locker paar Deeg am Frigo,. Du kanns se äwer o anfréiren an spéider genéissen.

Zoubereedung van dëser Zopp as relativ einfasch an jëtt dir vill Miilechkeeten, se ganz dengem Geschmaasch aanzepassen.

Broccoliveloutézopp mat Stoffi

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 50 g Botter

  • 60 g Miähl

  • 1,5 kooschend Geméissbréit

  • Peffer & Salz

  • 500 g Broccoli

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 600 ml Geméisbréit

  • 50 g Stoffi

  • 200 ml Rahm

  • 4 Eijiäll

  • 1 TL gedrëchenten Dill oder 1 EL frëschen Dill

  • 3 Scheiwen wäisst Brugd

  • 1 Ziif Knuawléck

Zoubereedung

  • Mat der Botter an dem Miähl een hellen Roux zoubereeden an aafkéilen loossen
  • 1,5 L kooschend Geméissbréit drop schëdden, an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf drien an de Velouté ongeféier 20-25 Min. kooschen loossen, ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen.
  • Broccoli an Ruusen zerdeelen, de Stronk kleng würfelen. An vill Salzwaasser mëll kooschen. Aafschëdden an bëssen vam Kooschwaasser halen. Paar Rusen fir Garnitur op Ségt leen.
  • De Broccoli mam Püréierstaaf püréiren, bëssen vam Kooschwaasser drop schëdden.
  • De Velouté an den rest Bréit mat 500 ml Broccolipürée opkooschen. Schmaaschen evtl. noowürzen. Durich eng Passette streichen.
  • Rahm ant Eijiäll mëschen, an ant Zopp schëdden. Ënner stännigem réiren Zopp su lang erhëtzen bis se aafänkt ze bannen. Fam Feier hualen an na eng kéier passéiren. Schmaaschen evtl. noowürzen.
  • De Stoffi mam Dill mëschen, evtl. bëssen Waasser drënner mëschen fir en mi flëssig ze kreien.
  • De Knuawléck längs halbéiren, an Brug domatt anreiwen. Brugd an Würfel schnegden an an waarmer Botter Croûtons brooden.
  • Broccolirusen ënnert Zopp mëschen, een Flapp Stoffi an paar Croûtons drop.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*