Kaleffleesch mat Tomaten

Eent Rezept datt ech am Internet Fond han, äwer bëssen geännert han, als One-Pot-Menü wor et beschriwen, et as zwar praktisch nëmmen eent Dëppen dreckig ze maan, mais ech sen trotzdeem der Meenung, datt Nuddelen eenzel gekooscht sollen jiän, an dann rischt drënner mëschen.

Solls du dech dozou entscheeden et an engem Dëppen ze maan, dann hual 500 ml Bréit an Nuddelen natirlech net virkooschen, subaal Nuddelen ënnergemëscht sen loss datt ganzt 10 Min. kooschen, datt se o mëll jiän.

Watt maan ech alles an mein Menü?

  • gedrëchent Tomaten, ech kucken ëmmer fir déi ze koofen, déi net zevill gewürzt sen, an am besten net am Ualeg sen, leider as et net su einfasch där ze fannen. Su datt ech Tomaten o mol selwer drëchnen, wann ech Zéckt han. Bei deem hei Menü as et egal, ech han der gehollt déi mat Basilikum gewürzt sen.
  • Fleesch, fir aafwiässelung han ech mol eng kéier Kalefsschnitzel gehollt, du kanns datt äwer o mat Poulet-, Schwéng- oder Randfleesch man. Oder du hëlls Courgetten an Auberginen an du koochs et komplett vegetarisch.
  • Olivenualg
  • Chilischot, bëssen Feier schmëscht ëmmer goud.
  • gedrëchenten Oregano, watt brengt mi mediterrane Geschmaasch an de Menü wie Oregano?
  • schwarz Oliven
  • Maccaroni, hei hualen ech die kuurz.
  • Mozzarella, ech kucken ëmmer fir den Büffelmozzarella ze koofen, en schmëscht einfasch besser.
  • Fleeschbréit, ech hualen just Bréit, déi ech o selwer gekooscht han, soss hualen ech Waasser. Bei der vegtarischer Variant natiirlech Geméissbréit hualen.
  • Rahm
  • Salz & Peffer
  • Péitersilich

Wie fänken ech aan?

Firtischt schnegden ech Fleesch mol an fein Streifen. Bei där vegatrischer Variant Courgetten an Auberginen an Ronselen schnégden.

Die gedrëchent Tomaten an fein Streifen schnegden, Oliven entkären an kleng hacken.

Chilischot längs halbéiren, entkären, an kleng hacken, mam Salz, Peffer an Oregano ënnert Fleesch mëschen. Datt Ganzt bei Raumtemperatur 15-20 Min. durich zéien loossen.

Dann setzen ech eent Dëppen op Plaque, erhëtzen et an maan dann Olivenualeg dran, subal deen waarem as brooden ech Fleesch kräftig aan, hualen et raus an setzen et op Séckt.

An deem selwischten Deppen, an deem ech Fleesch gebrooden han, brooden ech lo die gedrëchent Tomaten op niddreg bis mëttel Hëtzt aan, dann mëschen ech Oliven drënner, déi ech o kuurz mat brooden. Dann jëtt datt Flëssigt drop geschott an zwar firtischt Bréit. Hëtzt driien ech dann rop an loossen déi mol opkooschen.

An engems setzen ech eent Dëppen mat goud gesalzenem Waasser op an kooschen Maccaroni al dente, su wie et om Pack beschriwen as. Kuurz viran Schluss schäffen ech eng kleng Tass Nudelwaasser raus. Koosch deng Nuddelen am besten zu deem Zécktpunkt datt se zesaammen mat der Zooss färdeg sen.

Dann mëschen ech Fleesch rëm drënner, mam Saaft watt evtl. ausgetrodden as. Lossen et rëm opkooschen, an dann kënnt Genuddels well dran. Datt loossen ech dann rem opkooschen, an ech schmaaschen datt Ganzt mol, villäicht muss jo na bëssen nogewürzt jiän.

Wann Nuddelen bis dran sen, entscheeden ech dann op ech na Nuddelwaasser brausch oder net, et hängt ëmmer dovaan aaf wivill Stärke Nuddelen na aafjiän an op Zooss o bënd, an et kann jo sen datt et bëssen ze drëchen as an et na Flëssigkeet brausch.

Rahm drop schëdden an datt Ganzt 5 Min. op niddreger Hëtzt durich zéien loossen, schmaaschen.

Plaque schalten ech dann aus, loossen Dëppen äwer op der waarmer Plaque stoen. Den Mozzarella zerplécken ech an mëschen deen drënner bis en ganz geschmolz as.

Dann kann een datt Ganzt well op een Teller maan, an fir d’Au na bëssen gehackten Péitersilich driwer streien.

Kaleffleesch mat Tomaten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

10

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Watt brausch ech?

  • 250 g gedrëchent Tomaten

  • 500 g Kalefschnitzel

  • 3 EL Olivenualeg

  • 1 Chilischot

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • Salz

  • 6 entkärten an kleng gehackten schwarz Oliven

  • 150 ml Rahm

  • 150-200 ml Fleeschbréit

  • 400 g kuurz Maccaroni

  • 125 g Mozzarella

  • 2 EL gehackten Péitersilisch

Wie jëtt gekooscht

  • Die gedrëchent Tomaten an fein Streifen schnegden.
  • Chilischot längs halbéiren, entkären an kleng hacken.
  • De Schéngefleesch an fein Streifen schnegden. Mat Salz, Peffer, Oregano an Chili mëschen an 15 Min. durich zéien loossen.
  • An enger waarmer Pann den Olivenualeg erhëtzen an Fleesch kräftig aanbrooden. Raus hualen an op Segt stellen.
  • An der selwischter Pann, Tomaten op mëttler Hëtzt aanbrooden. Oliven ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.
  • Fleesch drënner mëschen an opkooschen loossen.
  • Maccaroni no Packaaweisung al dente kooschen, (1 halef Tass vam Nudelwaasser halen).
  • Die al dente gekooschten Maccaroni drënner mëschen, opkooschen loossen. Schmaaschen evtl. noowürzen. (Nudelwaasser drop schëdden an bei mëttler Hëtzt paar Min. kooschen loossen. ëmmer rëm dran réiren.)
  • Rahm drop schëdden, an alles goud vermëschen. An 5 Min. op niddreger Hëtzt durich zéien loossen.
  • Plaque ausshalten. De Mozzarella zerplecken an ënnerhiäwen, mat der Resthëtzt schmëlzen lossen.
  • Viram zervéiren den Péitersilich driwer streien.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*