Äppel – Ënnen – Chutney

Ursprünglich kënnt den Chutney aus der indischer Këchen – genau gesoot aus Ostindien. Den Chutney as während der kolonialzéckt van den Englänner mat bräit jiänn. De Begrëff Chutney leet sech vam Naam “Chatni” aaf. Chatni as Hindi an su kann een réckschléissen van wu den Chutney kënnt.

Watt as een Chutney?

Chutney as zerkléngert Obst oder/an Geméiss an enger séiss-sauerer oder séiss-scharefer Zooss. Een Chutney jëtt ähnlich wie Gebeets mat den Gewürzer angekooscht.

Grondlaagen vam Chutney bilden Geméiss- an Obstzorten, suwie vill verschidden Gewürzer. Mango, Äppel, Aprikosen, Piischen, Ënnen oder Tomaten an Gewürzer wie Salz, Peffer, Chili an Ingwer, zesaammen mat Zitrounen- oder Limettensaaft, Hunneg, Ahornsirup, Rohrzocker… su lang angekooscht bis Flëssigkeet verdämpt as an alles goud mëll as. Datt ankooschen erfëllt deen Zweck, datt sech sämtlich Aromen optimal mateneen verbannen.

An villen Rezepter gëtt den Chutney mat Essig gemaat, kanns du o maan, een gouden Äppelessig, Wäissewéngessig oder Aceto Balsamico. Ursprünglich as den Chutney äwer mat Zitrounen- oder Limettensaaft gemaat jiänn.

Verwendung vam Chutney

Su villschischtig Aromen vam Chutney sen su kann een den chutney o ansetzen. En passt bei een klassisch gekooschten indischen Curry oder Dal genausu goud wie bei gegrillten Fleesch, Fësch oder Wëld, Roastbeef. Äwer o bei Gromperen, Reis oder bei Pankisch, Waafelen oder Mélichreis.

Mat engem Chutney kann een aus engem relativ einfaschen Menü een kulinarischen Highlight zauberen.

Am normalen jëtt den Chutney kaal bei waaremt Ässen zervéiert. Natiirlech kanns du den Chutney o waarem ässen, probéier einfasch watt dir am besten schmëscht.

Chutney an Relish wu as den Ënnerscheed?

Op deen ischten Bléck mengt een den Chutney an den Relish as datt selwischt. Den Ënnerscheed besteht dodran: Den Relish jëtt aus riiem Geméiss gemaat, entweeder ganz kleng geschnidden oder püréiert, dann angeleit an gekooscht oder o net.

Den Chutney jëtt su lang angekooscht bis en eng Gebeets-ähnlich Konsitenz hat.

Datt Best beim Chutney.

Datt Best beim Chutney, du kanns denge Fantasie freien loof loossen, denger kréativitéit sen keng Grenzen gesatt.

Garam Masala

Wie z.B. lo am Fréijoer een Chutney aus Radiesercher an Rubarb, mat Hunneg oder Ahornsirup. Hëlls du Rohrzocker has du na deen virdeel datt en beim kooschen karamlesiéiert an su een zousätzlichen Aroma dobäi kënnt.

Du kanns een gouden Äppelessig, Krégderessig oder Aceto Balsamico hualen. Oder ganz einfasch Zitrounen- oder Limettensaaft.

Fir den Chutney hot+Spicy ze kreien kanns du op Ingwer, Knuawléck, Cayennepeffer, Chili, Jalapenos an Peperoni zeréck greifen.

Fir den Äppel-Ënnen-Chutney brausch ech.

  • Ënnen, eng Ënn as net gleich eng Ënn. Niäwent der hei typischer “Speisezwiebel” (jiäll Ënnen) die zimlech scharef as, jëtt et na die déck Geméissënn, déi as bëssen mi mëll am Goût. Dann jëtt et na die wäiss Ënn, die rugd Ënn, Schalott, Sëlwerzwibbel, Perlzwibbel an Frühlingszwibbel. All Ënn hat sein spezifischen Aroma an kommen bei verschidden Geleenheeten an der Këchen zum Asatz. Ech han hei die normal jiäll Ënnen geholt.
  • Äppel, ech han hei Jonagold gehollt.
  • Botterschmalz
  • Zitrounensaaft
  • Hunneg
  • Salz
  • Waasser
  • Garam Masala: Korinadersoom, Kardamomsoom, Kreuzkümmel, schwarz Pefferkären, Cannelle, Neelcheskäpp, Lorbeerbläder, Kurkuma. Mëschung fënns du hei

Zoubereedung

Ënnen han ech geschiällt, halbéiert an dënn streifen geschnidden an dann na eng kéier halbéiert. Du kanns se o ganz einfasch hacken. Ech wollt datt se na bëssen Steckig bleiwen.

Äppel han ech an kleng Würfel geschnidden.

An engem waarmen Dëppen han ech den Botterschmalz erhëtzt. Hëtzt net ze hii driien. Do dran han ech Ënnen aangebrooden bis se angefongen han Faaref ze kreien. Du kanns se o ganz karameliséiren loossen.

Als nächst han ech d’Äppel drënner gemëscht an déi o mat aangebrooden.

Den Hunneg han ech am Zitrounensaaft opgeliest. Datt han ech dann op Ënnen-Äppel-Mëschung geschott.

Dann han ech Waasser drop geschott, kuurz opkooschen geloss. Gewürzt. An op nidreger Hëtzt su lang kooschen geloss bis Flëssigkeet komplett verkooscht as. Ëmmer rem dran réiren an schmaaschen.

Äppel – Ënnen – Chutney

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 200 g kleng gewürfelt Äppel

  • 200 g gehackten Ënnen

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 150 ml Zitrounensaaft

  • 2 EL Hunneg

  • 150 ml Waasser

  • 0,5 TL Salz

  • 1 TL Garam Masala

Zoubereedung

  • An enger waarmer Pann den Botterschmalz erhëtzen. Hëtzt net ze hii driien. Ënnen do dran aanbrooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • Äppel ënnermëschen an mat aanbrooden.
  • Den Hunneg han ech am Zitrounensaaft opgeliest, an dann op Ënnen-Äppelmëschung geschott.
  • Waasser drop schëdden, kuurz opkooschen loossen, würzen. Hëtzt dann rem raaf driien an su lang kooschen loossen bis Flëssigkeet verdämpt as. Ëmmer rem dran réiren an schmaaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*