All’arrabiata as eng italienisch Pasta-Zooss, déi fir hiren würzigen an scharefen Aroma bekannt as. Den Naam “arrabiata” bedeit op italienisch “biis” oder “roosen”, watt op die pikant Natur van dëser Zooss hinweisen soll. D’Hauptzutaten van dëser Zooss sën normalerweis Tomaten, Olivenulaeg, rugd Peperoncini (Chilischoten) an heinsdo o Péitersilich.
Dës Zooss as perfekt fir jidfereen deen jiären scharef ësst an béit trotzdeem eng apetitlich Art, Pasta zouzebreeden.
Watt kann ech änneren?
Pasta all’arribiata kanns du ganz dengem Geschmaasch aanpassen. Su jët et z.B. Variatiounen mat Pancetta oder Speck déi fir zousätzliche Geschmaasch suarigen. Oder du hëlls am Platz frësch Peperoncini gedrëchent Chiliflocken.
Watt fir eng Nuddel soll ech bei der Zooss kooschen?
Penne an Spaghetti sën die traditionell Pasta-Zorten déi bei dëser Zoss zoubereed jiänn, natiirlech kanns du o Zorten wie Rigatoni oder Fusilli hualen, oder hual einfasch deng Lieblingspasta.
Kann ech Schiäreft aanpassen?
D’Schiäreft van dëser Zooss hängt ëmmer dofaan aaf wivill Peperoncini dran gemaat jiänn. Wanns du et net su scharef äwer trotzdeem würzig han wëlls dann hual Kären an die wäiss Membran aus der Chilischot raus.
Frësch Zutaten!
Wann miilech dann hual frësch Tomaten, frëschen Knuawléck, frësch Peperoncini an frëschen Péitersilich su as deen besten Geschmaasch garantéiert.
Watt fir een Kiiss kann ech op dës Pasta maan?
Et as een italienischen Klassiker do kommen nëmmen 2 Zorten Kiss an Froosch 😉 frësch geriwene Parmesan oder Peccorino, déi sen ausserdeem eng goud Ergänzung fir Schiäreft an der Zooss auszegläichen.
Oppassen beim Chilischnégden!
Wanns du frëschen Chili schnégs, dann do Händschen aan oder wäsch deng Hänn dono grëndlich mat Seef. Reif dir net an den Auen, Chlischoten kannen ätzend sën. An Männer wossen jo o bescheed wann sie op Toilett jinn.
Wat fir eng Beilaagen passen bei Pasta all’arrabiata?
Du kanns Pasta su ässen, goud passt äwer o eng einfasch Zaloot oder Knauwléckbrugt dobäi.
FAZIT: Die best Pasta all’arrabiata as déi, die dengem perséinlichen Geschmaasch entsprëcht. Expirimentéier mat Gewürzer an Krégder, fir die perfekt Balance zwëschen Schiäreft an Geschmaasch ze fannen.
All’arrabiata
Schwierigkeit: einfasch5
Portiounen30
Minuten30
MinutenZutaten
1 kg frësch Tomaten
Olivenualeg
1 gehackten Ënn
2 gepressten Ziiwen Knuawléck
2 entkärten an dënn Ronselen geschnidden Chilischoten
1 EL Oregano
Salz, schwarze Peffer
800 g Penne
frësch geraspelten Parmesan oder Pecorino
Zoubereedung
- Hëlls du frësch Tomaten, déi firtischt schiälen. Datt heescht Tomat anritzen, 1-2 Min. an kooschend Waasser leen an kaal aafschrecken, dann krëtt een Tomat ganz einfasch geschiällt. Tomaten an Stecker schnegden.
- Bëssen Olivenualeg erhëtzen, gehackten Ënn an gepressten Knuaweléck do dran andënsten, net ze waarem den Knuawelèck verbrennt siier. Chilischoten mat aandënsten.
- Tomaten mat an Dëppen jiänn, opkooschen loossen, an dann op niddreger Hëtzt 30 Min. kooschen loossen. Vam Oregano Bläder aafplecken an fein hacken, dann mam Péitersilich ënnert Zooss mëschen.
- Penne an vill an goud gesalzenem Waasser al dente kooschen, an se waarem ënnert Zooss mëschen. Den geraspelten Pecorino dobäi reechen.