Chicken wings

Chicken wings sën eng kulinarisch Spezielitéit aus Pouletfleesch, an kommen aus Amerika.

Bei deser Spezialitéit handelt et sech ëm, am Schiäffchen gebaaschen Pouletflinicken, déi mat enger Chilizooss iwerzujen sen. Een richtigen Konkurenzkampf as dodurich entstannen, jidefereen well déi maan, déi am meesten Feier han.

Ech han et o jären gehärzt, mais et soll ëmmer na no deem schmaaschen watt dran as.

Fir meng Chicken wings brausch ech

  • Pouletflinicken
  • Tomaten
  • frësch Chilischot
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Zitrounensaaft
  • Cumin
  • Herbes de Provence (oder annert mediterrant Gewürz)
  • Hunneg
  • Salz & Peffer
  • Chilipaste

Virberreed han ech se:

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Grad vir.

Tomaten, ech han hei Kiischtentomaten gehollt, halbéiert, Ënnen han ech o an graff Stecker geschnidden, Chilischot han ech entkärt an kleng geschnidden.

De Knuawléck han ech halbéiert, gewürzt mat Herbes de Provence, Salz, Peffer an Olivenualeg am Baaschpapeier an Sëlwerpapeier angeweckelt an deen virgewiärmten Schiäffchen geleit.

No 15 Min. han ech Ënnen, Tomaten an Chilischot dobäi geleit, alles gewürzt, mat Salz, Peffer, Cumin an datt Ganzt dann na fir 45 Min. gebaasch.

Wann alles färdeg as, Geméiss an deen ausgedreckten Knuawléck an eng Schossel oder Dëppen maan, Zitrounensaaft, Chilipast an Hunneg drënner mëschen an alles püréiren. Schmaaschen evtl. na salzen kann ruhig bëssen mi salzig sen. Aafkéilen loossen.

INFO: Su einfasch wie datt an deen Videoen ausgesegt, wu se den Knuawléck raus drecken geht et net 😉 . Ech han eent Messer zu helef gehollt 😀 .

Die aafgekéilten Marinade han ech iwert Pouletflinicken jiänn, an alles goud vermëscht an amasséiert. Ech han se dann iwert Näit am Frigo durichzéien gelooss. Datt musst du net maan, ech giff se äwer op mannst 1 Stonn durich zéien loossen.

Fleessch han ech op den Grill vam Schiäffchen geleit, eng Pann drënner setzen soss has du alles am Schiäffchen pëschen. Bei 180°C Grad han ech se dann 1 Stonn gebaasch, no 30-35 Min. han ech se gedrigt an su färdeg baaschen geloss.

Chicken wings

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

Watt brausch ech?

  • 12 Pouletflinicken

  • 2 an graff Stecker geschnidden Tomaten

  • 2 graff gehackten Ënnen

  • 2 Knollen Knuawléck

  • 2 kleng geschnidden frësch Chilischoten

  • Olivenualeg

  • 2 TL Herbes de Provences

  • Peffer & Salz

  • 1 TL Cumin

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 2 EL Hunneg

  • 0,5 TL Chilipast

Wie jëtt gekooscht

  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
  • De Knuawléck han ech halbéiert, gewürzt mat Herbes de Provence, Salz, Peffer an Olivenualeg an Baaschpapeier an Sëlwerpapeier angeweckelt an deen virgewiärmten Schiäffchen geleit.
  • No 15 Min. han ech Tomaten, Chilischoten, d’Ënnen dobäi geleit, déi o gewürzt mat Olivenualeg, Peffer, Salz, Herbes de Provence an Cumin. An datt Ganzt na fir wegder 45 Min. baaschen gelooss.
  • Wann alles färdeg as, drecken ech den Knuawléck raus oder picken die eenzel Ziiwen mam Messer raus, fëllen alles an eent Dëppen an püréiren et, do kënnt dann Zitrounensaaft an den Hunneg dobäi, schmaaschen evtl, na salzen. Marinade kann mi salzig sen. Aafkéilen lossen.
  • Die aafgekéilten Marinade iwert Pouletflinicken jiänn, alles goud vermëschen an amasséiren. Ech han se iwert Näit an den Frigo gesatt. Loss op mannst 1 Stonn durich zéien.
  • De Schiäffchen op 180° Grad virwiärmen. Eent Baaschblech ënnen dran setzen. Fleesch op den Grill verdeelen su datt et net openeen legt. 30 Min. baaschen dann Fleesch driien an na eng kéier 30 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*