Arancini – sizilianischt Street-food

An mengem Blogartikel van Hogt drigt sech alles ëm datt köstlicht italienischt Ässen: Arancini – sizilianischt Street-food! Dës knusperig Reisbällercher sen eng beléiften Spezialitéit aus Sizilien. Hir Popularitéit hat sech iwert Joeren an ganz Italien an iwert Grenzen hinaus verbreet.

Sie bestinn aus gekéiltem Risotto, deen zu ongeféier Orangegruussen Bällercher geformt, gefëllt oder vermëscht mat eng würziger Fëllung, panéiert an dann am waarmen Fett frittéiert jänn.

Geschicht van den Arancini reecht zeréck bis ant 9. Joerhonnert, wie d’Araber Sizilien beherrscht han, an den Reis mat an dës Regioun breit han. Den Naam “Arancini” leet sech vam Naam “Arancia” aaf, watt iwersatt Orange heescht, an bezéiht sech op Form an Faaref noom frittéiren.

Fir dësen Menü ze koosche brausch ech:

  • eent Dëppen
  • eng Pann
  • eent Messer
  • eent Schnégdbrett
  • een Holzeläffel

Zoubereedung

Den Risotto-Reis kooschen ech an der duabler Meng Bréit. Ech würzen mat Salz an Peffer, du kanns äwer na zousätzlich Safran oder italienisch Krégder mat kooschen. Subal d’Waasser verkooscht as, zéien ech den Reis van der Plaque an mëschen een gouden Schnatt Botter an Paremsan drënner, ech mëschen su lang bis alles geschmolz ass. Su setzen ech den Reis dann op Ségt bis ech en brausch.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran die gehackten Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech deen gehackten Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan.

Gehacktes han ech dann drënner gemëscht an alles mat Salz, Peffer an Oregano gewürzt. Ech loossen alles su lang brooden bis Gehacktes ganz durich gegart ass.

Dann mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen kuurz mat aan,

Als nächst mëschen ech Iärbessen an deen gehackten Péitersilich drënner, an subal alles durich waarem ass, mëschen ech alles ënnert den Risotto. Dës Mëschung setzen ech dann op Ségt an loossen se komplett auskéilen. Ech han gefruaren Iärbessen gehollt, ech schaffen léiwer mat deene, wie déi aus der Béchs.

Wann d’Risottomëschung ausgekéilt ass, mëschen ech eent Ei drënner an formen ongeféier Orangegruuss Bällercher, déi han ech dann äwer na fir eng goud Stonn an den Frigo gestallt, su datt se wirklich kaal sen.

An engem Dëppen erhëtzen ech vill Fett op ongeféier 175°C, notz dofir een Thermometer. Bällercher sollen baal ganz am Fett leien. Oder du kanns o deng Fritös hualen.

Op 3 Telleren han ech mir dann meng Panéierstrooss virbereed, Miähl, Ei, Panéiermiähl. Meng Arancini han ech firtischt am Miähl gedrigt, dann am Ei an zum Schluss am Panéiermiähl.

D’Arancini jänn dann frittéiert bis se sching knusperig brong sen. Wie lang datts du se frittéiren muss, hängt van der Déckt van den Bällercher aaf. Meng woren wirklich baal su gruuss wie eng Orange an déi han ongeféier 7-10 Min. gebrauscht bis se durich waarem woren. Zemools wanns du bëssen Mozzarella an Mëtt drécks, den Kiiss soll jo schmëlzen. Frittéiert firtischt nëmmen 1 Ball an kuck wie lang en brausch bis en die gewënschten Temperatur an der Mëtt hat.

Ech han d’Arancini Etappenweis frittéiert, ëmmer su 2-3 Bällercher am Fett, Fett kéilt dodurich net suvill aaf an si jänn wirklich knusperig.

Subal d’Arancini färdeg sen, op Këchenpapeier aafdrëppsen loossen an waarem zervéiren.

Zutaten

  • Risottoreis
  • Bréit, et ass egal watt fir eng Bréit datts du hëlls, fir mi Geschmaasch béid sech natiiirlech eng Fleeschbréit aan.
  • Botter
  • Parmesan
  • Ënnen
  • Knauwléck
  • Gehacktes
  • Tomatenpürée
  • Iärbessen (TK)
  • gehackten Péitersilich
  • Oregano
  • Salz & Peffer
  • Miähl
  • Eier
  • Panéiermiähl
  • Ualeg fir ze frittéiren

Tipps

  1. Hual am besten Risottoreis, wie z.B. Carnaroli deen hat eng pëschig Konsistenz an lisst sech goud formen.
  2. Fëllungen loossen sech ganz no Geschmaasch änneren. Op mat Gehacktes, Hamm oder ganz vegetarisch, der Fantasie sen keng Grenzen gesatt.
  3. Fëllungen kannst du mam Risotto vermëschen, oder du probéiers fir den Reis rondrëm d’Mëschung ze formen.
  4. Arancini eegnen sech perfekt als Snack, Entrée oder Hauptplat.

Varianten

An Sizilien sen d’Arancini een beléiften Street-food an do sen se dachs mat Gehacktes an Iärbessen gefëllt.

An anner Regiounen an Italien jëtt et Variatiounen mat Fëllungen wie z.B. Mozzarella, Hamm oder Kooschelen.

Arancini – sizilianischt Street-food

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 200 g Risotto-Reis (z.B. Carnaroli)

  • 400 ml Bréit

  • 40 g Botter

  • 70 g Parmesan

  • 1 Ënn, gehackt

  • 1 Ziif Knuawléck, gehackt

  • 100 g Gehacktes

  • 2 EL Tomatenpürée

  • 50 g Iärbessen (TK)

  • bëssen gehackten Péitersilich

  • 1 TL Oregano

  • Salz & Peffer

  • 3 Eier

  • Miähl

  • Panéiermiähl

Zoubereedung

  • Den Risotto an der Bréit kooschen an mat Salz an Peffer würzen.
  • Subal d’Flëssigkeet komplett angekooscht ass, Dëppen van der Plaque zéien an de Botter mam Parmesan ënnermëschen an su lang réiren bis alles geschmolz ass. Op Ségt stellen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Ualeg erhëtzen an d’Ënnen do dran brooden bis se aafänken Faaref ze kreien.
  • De Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Gehacktes ënnermëschen, mat Salz, Peffer an Oregano würzen an su lang brooden bis Gehacktes durich gar ass.
  • Als nächst den Tomatenpürée ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Zum Schluss na Iärbessen an den Péitersilich ënnermëschen an subal alles waarem ass mam Risotto vermëschen an komplett auskéilen loossen.
  • Wann Risotto-Mëschung aafgekéilt ass, 1 Ei drënner mëschen an ongeféier Orangegruuss Bällercher Formen.
  • Die geformten Bällercher han ech na 1 Stonn an den Frigo gesatt, fir datt se wirklich durich kaal sen, du kanns dësen Schratt äwer o iwersprangen. Ech fannen, wann se durich kaal sen, krëtt een se besser panéiert ouni datt se engem zevill auserneen fällen.
  • An engem Dëppen vill Fett op 175°C erhëtzen. Bällercher sollen baal ganz am Fett leien. Du kanns natiirlech o deng Fritös hualen.
  • Arancini klassich panéieren, firtischt am Miähl driien, dann am opgeschloenen Ei an dann am Panéiermiähl.
  • Am waarmen Fett, Etappenweis sching brong frittéieren. Test dech raan wie lang se brauschen bis se durich waarem sen, meng han ongeféier 7-10 Min. gebrauscht.
  • Op Këchenpapeier aafdrëppsen loossen an waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*