Arancini – sizilianischt Street-food

Die perfekt Restverwiärtung

Jidefreen kennt datt, et jiët gekooscht an dachs vill ze vill. Viraan paar Deeg han ech eent Poretten-Risotto gekooscht, ech well d’Rester äwer net entsuarigen. Eng perfekt Liesung sen z.B. Arancini, knusperig, goldbrong gebaaschen Räisbällercher, déi een, wie een eben Lost hat, mat Kiiss oder annere Saaschen fëllen kann.

Arancini ass eent sizilianischt Street-food! Dës knusperig Räisbällercher sen eng beléiften Spezialitéit aus Sizilien. Hir Popularitéit hat sech iwert d’Joeren an ganz Italien an iwert Grenzen hinaus verbreet. Sie bestinn aus gekéiltem Risotto, deen zu ongeféier orangegruussen Bleacher geformt, gefëllt oder vermëscht mat eng würziger Fëllung, panéiert an dann am waarmen Fett frittéiert jänn. Traditionell sen d’Arancini mat enger Mëschung aus Risotto, Gehacktes an meestens Iärebessen gefëllt, dachs as an der Mëtt dann na eent klengt Steck Mozzarella oder Porvolone, deen während dem Frittéiren schmëlzt, an sein Goût durich deen ganzen Räisbällchen verdeelt.

Geschicht van den Arancini reecht zeréck bis ant 9. Joerhonnert, wie d’Araber Sizilien beherrscht han, an den Räis mat an dës Regioun breit han. Den Naam „Arancini“ leet sech vam Naam „Arancia“ aaf, watt iwersatt Orange heescht, an bezéiht sech op Form an Faaref noom frittéiren.

D’Zutaten am Detail

  • Risotto, de Risotto ass well perfekt gewürzt an hat eng crèmig Konsitenz. Durich d’Kéihlen jiët en mi fest an lisst sech formen.
  • Parmesan, obwohl am Risotto well Parmesan ass kënnt hei na zousätzlich parmesan mat dran. En brengt een wonnerbaren Umami-Goût an suarigt fir zousätzlich Bindung. TIPP: Watt de Parmesan mi aal ass, watt sein Goût mi intensiv ass!
  • Eier, sie hëlefen datt d’Masse zesaammenhält an suarigen fir eng sching Konsistenz. TIPP: sollt deng Masse na bröselig sen, einfasch na eent Ei zousätzlich ënnermëschen.

Fir d’Panade

Bei der Panade kënnt die klassisch Panéierstrooss an d’Spill, Die ischt Schischt ass Miähl, sie déint dozou datt d’Ei besser pëschen bleift ausserdem suarigt sie fir eng gläichmässig Ëmmantelung.

TIPP: ween et léiwer glutenfräi hat, kann op Mäismiähl oder Kicheriärbessenmiähl zeréckgräifen.

Die zweit Schicht van der Panade sen opgeschloen Eier, sie suarigen dofir, datt d’Panéiermiähl goud pëschen bleift.

TIPP: fir mi Knusperigkeet, kanns du bëssen Waasser oder Mëlich ënnert d’Eier mëschen.

Panéiermiähl oder Panko, die klassisch Wiäl ass d’Panéiermiähl, fir eng knusperig glächmässig Panade. Panko ass japanischt Panéiermiähl, datt jiët extra knusperig.

TIPP: Fir na mi Goût kanns du Panéiermiähl maz Krégder oder griwenem Parmesan mëschen.

D’Frittéiren

  • Een nutralen Ualig wie z.B. Sonnenbloumenualig, et soll een Ualig sen den hii ehëtzbar ass, fir datt d’Arancini sching goldbong jiän. Genau wie meng Fritten, maan ech o meng Arancini am „Blanc de Boeuf“ fir mëch jiët datt einfasch deen besten Goût.

TIPP: De Ualig oder de „Blanc de Boeuf“ op 170°C bis 175°C virwiärmen, ass d’Fett ze waarem, verbrennen d’Arancini ass et nat waarem genou hualen se datt ganz Fett op an jiän net knusperig.

Zoubereedung

De Risotto, am besten deen Daag virdraan kooschen, datt kann wie hei bei mir een Poretten-Risotto sen, een Risotto Milanese, een Tomaten-Risotto.

Optional: wanns du Gehacktes drënner mëschen wëlls.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualeg an brooden do dran die gehackten Ënnen aan bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech deen gehackten Knuawléck drënner an brooden deen kuurz mat aan. Gehacktes han ech dann drënner gemëscht an alles mat Salz, Peffer an Oregano gewürzt. Ech loossen alles su lang brooden bis Gehacktes ganz durich gegart ass. Dann mëschen ech den Tomatenpürée drënner an brooden deen kuurz mat aan. Als nächst mëschen ech Iärbessen an deen gehackten Péitersilich drënner, an subal alles durich waarem ass, mëschen ech alles ënnert den Risotto. Dës Mëschung setzen ech dann op Ségt an loossen se komplett auskéilen. Ech han gefruaren Iärbessen gehollt, ech schaffen léiwer mat deene, wie déi aus der Béchs.

Wann d’Risottomëschung ausgekéilt ass, mëschen ech eent Ei drënner an formen ongeféier orangegruuss Bällercher, déi han ech dann äwer na fir eng goud Stonn an den Frigo gestallt, su datt se wirklich kaal sen.

D’Fritös erhëtzen ech op 175°C.

Op 3 Telleren han ech mir dann meng Panéierstrooss virbereed, Miähl, Ei, Panéiermiähl. Meng Arancini han ech firtischt am Miähl gedrigt, dann am Ei an zum Schluss am Panéiermiähl.

D’Arancini jänn dann frittéiert bis se sching knusperig brong sen. Wie lang datts du se frittéiren muss, hängt van der Déckt van den Bällercher aaf. Zemools wanns du bëssen Mozzarella an Mëtt drécks, den Kiiss soll jo schmëlzen. Frittéiert firtischt nëmmen 1 Ball an kuck wie lang en brausch bis en die gewënschten Temperatur an der Mëtt hat.

Ech han d’Arancini Etappenweis frittéiert, ëmmer su 2-3 Bällercher am Fett, Fett kéilt dodurich net suvill aaf an si jänn wirklich knusperig.

Subal d’Arancini färdeg sen, op Këchenpapeier aafdrëppsen loossen an waarem zervéiren.

Tipps

  1. Hual am besten gekooschten Risotto vam Daag virdraan, deen hat eng pëschig Konsistenz an lisst sech goud formen.
  2. Fëllungen loossen sech ganz no Goût änneren. Op mat Gehacktes, Hamm oder ganz vegetarisch, der Fantasie sen keng Grenzen gesatt.
  3. Fëllungen kannst du mam Risotto vermëschen, oder du probéiers fir den Räis rondrëm d’Mëschung ze formen.
  4. Arancini eegnen sech perfekt als Snack, Entrée oder Hauptplat.

Varianten

An Sizilien sen d’Arancini een beléiften Street-food an do sen se dachs mat Ragú, Iärbessen an Kiiss gefëllt.

De réimisch Variant, do heeschen se „Suppli“, sen länglich gefromt an mat Mozzarella gefëllt.

Die napolitasch Variant as mat Tomatenzooss an Peccorino gefëllt.

An fir d’Vegetarier, han ech een Spargel-Risotto oder een Kooschelrisotto.

Arancini – sizilianischt Street-food

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • Fir d’Arancini
  • 400 g gekooschten Risotto, vam Daag virdraan

  • 1 Ei

  • 50 g geriwene Parmesan

  • Optional: 100 g Mozzarella oder Provolne kleng gewürfelt

  • Fir d’Panade
  • 150 g Miähl

  • 2- 3 Eier

  • Optional: bëssen Mëlich

  • 200 g Panéiermiähl

Zoubereedung

  • Ënner deen komplett ausgekéilten Risotto mëschen ech d’Ei an de Parmesan, dann formen Bällercher, déi kannen su gruuss sen wie eng Orange oder o mi kleng.
  • Optional: solls du Kiiss mat drann maan, De Risotto liit platt drecken, de Kiisswürfel an d’Mëtt leen am Risotto ëmmantelen.
  • Die geformten Bällercher han ech na 1 Stonn an den Frigo gesatt, fir datt se wirklich durich kaal sen, du kanns dësen Schratt äwer o iwersprangen. Ech fannen, wann se durich kaal sen, krëtt een se besser panéiert ouni datt se engem zevill auserneen fällen.
  • D’Fritös han ech op 175°C erhëtzt.
  • Arancini klassich panéieren, firtischt am Miähl driien, dann am opgeschloenen Ei an dann am Panéiermiähl.
  • Optional kanns du eng Schlupp Mëlich oder Waasser ënnert datt opgeschloen d’Ei mëschen, d’Arancni jiän su na mi knusperig.
  • Am waarmen Fett, Etappenweis sching brong frittéieren. Test dech raan wie lang se brauschen bis se durich waarem sen..
  • Op Këchenpapeier aafdrëppsen loossen an waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*