Autor: Josiane

Pasta Salsiccia mat Burrata

Eng typischt italienisch Pasta. Dofir hualen ech: Gekooscht jëtt Ënnen an den Knuawléck fein hacken. Dann Salsiccia aus der Hogt drécken an engem waarmen Dëppen kräftig aanbrooden. Et brausch een keen Fett ant Dëppen ze maan Salsiccia sen fettif genou. Hëtzt bëssen raaf driien, Ënnen an den Knuawléck ënnermëschen an […]

Gromperenstummel mat Broccoli

Oder wie se bei den Amerikaner heeschen „Tater Tots“ eng Beilaag aus frittéierten, gebrooden oder gebaaschen Gromperen. Ähnlich eis Kroketten just datt et keen Pürée as. Bekannt sen se weent hirer knusperigkeet, déi een äwer am besten an der Fritös hin krëtt. Dofir brausch ech. Virbereed jiänn se. Ech han […]

Rahmchicorée mat bronger Botter

Iwert den Chicoree jëtt et net vill ze soen, ausser datt en Meenungen deelt, fir die Eng as en einfasch nëmmen batter an fir die Anner as et een Genoss. Ech gehiiren zu deen Anneren, an zwar an alle Variatiounen, van rii bis gekooscht, gebrooden oder gedënst. Hei as dann […]

Lammgeschnetzeltes

Lammfleesch, gëllt als delikat Fleesch mat gruussem Aroma. An Mëtteleuropa jëtt net vill Lamm gäss, mi verbreed as et am Mëttelmiärraum, Afrika an a muslimische Länner, o aus deem Grond well do keen Schwéngefleesch gäss jëtt. Lamm hat een aromatischen bis kräftigen Aroma, dofir kann een o „kräftigt“ Geméiss dobäi […]

Gromperengratin

Gratin oder Gromperen aus dem Schiäffchen, een gouden Klassiker, einfasch zouzebreeden , bëllig an jidfereen hat se jiären. Gromper as net vir näist eent Grondnahrungsmëttel, et kann een se op suvill verschidden Methouden zoubereeden. Ausserdeem sen se die perfekt Beilaag bei Fleesch, Fësch, oder einfasch als vegetarischen Menü. Dësen Gratin […]

Eintopf mat Salsiccia an Gromperen

Et muss net ëmmer Pasta sen wann et ëm Italien geht. Hei as een deftigen Eintopf mat würziger Salsiccia-Wuuscht, Geméiss an Gromperen an watt net fehlen duaref Italienisch Gewürzer. Dofir hualen ech: Gekooscht jëtt: Ech fänken aan mam Geméiss, watt gewäsch muss jiänn wäschen ech. Muurten schiälen ech an schnegden […]

Muurtenzaloot

Dofir hualen ech: Zoubereedung as gar nët su schwéier. Muurten han ech geschiällt, an dann mam Sparschiäller, mir han ëmmer Muurtenschappert dozou gesoot, dënn lang Scheiwen raaf geschnidden. Du kanns äwer o ganz einfasch nëmmen Ronselen oder Würfelen schnegden. Déi han ech dann ganz kuurz am kooschende Salzwaasser blanchéiert. Aafgeschott […]

Tomatenrisotto

Risotto as eng Réductioun van Reis, deen an enger Bréit gekooscht jëtt. Deen bekannsten as den „Risotto alla milanese„. Et jiän äwer 100te verschidden Rezepter, ween dëst Ässen allerdings erfond hat as net wirklich nozeséichen. Fir een gouden Risotto as et natiirlech net egal watt fir een Reis datt een […]

Knuawléckgromperen

Fir all déi Fan van Knauwkléck sen, as datt hei genau datt richtigt. Rezept as aafgeleet van deem italienschen Rezept „Patate Trifolate“. Ech han aan den Liäwensmëttel näist geännert. Während am italienischen Rezept Gromperen an der Schaal gekooscht, geschiält an gewürfelt jiänn, han ech meng an Spalten geschnidden an rii […]

Frühstück

Bauernfrühstück as eent tradtionellt däitscht Ässen. – Gehaltvoll, deftig jëtt et aus Gromperen, Eier, Ënnen, Bratzelen an gereechertem oder gebroodenem Fleesch, Speck oder Hamm zoubereed. All dës Liäwensmëttel jänn en enger Pann vermëscht an mat den Eier wie eng Omlette gekooscht. Normal jëtt eng Tomatenzaloot oder sauer Cornichons dobäi zervéiert, […]

Souvlaki

Die grieschisch Këchen hat et an sech, mat hire villen Fleeschrezepter as sie genau datt richtigt fir passionéiert Karnivoren. Souvlaki as eng kleng Brochette die gegrillt jëtt. Watt fir Italiener Pizza, fir den Amerikaner den Hamburger, as fir den Griesch den Souvlaki. Su ze soen deen grieschischen Fast Food. Traditionelle […]

Kotlette op flämisch Art

Datt Wuort Kotlette hat an der kulinarischer Welt mi Bedeitungen: Fir eis as Kotlette entweder vam Schwéng, Kalef oder Schoof, panéiert oder net panéiert. Et as eent Steck Fleesch aus der Stammmuskulatur. Eng Rëpp oder eent Steck aus dem Genéck. Den Naam Kotlette hat sein Ursprong aus dem Laténg „costa“ […]

Salsa di pomodoro

Die Italienisch Tomatenzooss jëtt net graad su opwendig gemaat wie die Fransiisch. Et fënnt een vill verschidden Rezepter fir eng italienisch Tomatenzooss, datt kënnt dodurich; die italienisch Këschen as Regional, an all “Nonna” hatt hirt eegent Rezept, watt an de Familjen viran veriäreft an verfeinert jëtt. Fir meng Tomatenzooss hualen […]

Boeuf Stroganoff

Den „Boeuf Stroganoff“ as eent traditionellt russischt Ässen. Kuckt een lo die verschidden Rezepter durich, wees een leider net genau wie eent et maan soll. An deem engen steht et as een: Eintopf mat Randfleesch, datt firtischt marinéiert, dann gebrooden an dann geschmoort jëtt. An engem anneren steht: ouni Fro […]

Chicken wings

Chicken wings sën eng kulinarisch Spezielitéit aus Pouletfleesch, an kommen aus Amerika. Bei deser Spezialitéit handelt et sech ëm, am Schiäffchen gebaaschen Pouletflinicken, déi mat enger Chilizooss iwerzujen sen. Een richtigen Konkurenzkampf as dodurich entstannen, jidefereen well déi maan, déi am meesten Feier han. Ech han et o jären gehärzt, […]