Während dem stöberen am Internet sen ech op dëst Rezept gestuss. An well ech na sämtlich Zutaten doheem haat, han ech beschloss, datt ze kooschen. Jiät watt no Sonn, Paprika an liitem Chaos schmëcht. Axoa de veau, een traditionellen baskischen Ragoût aus Kalefsfleesch, Paprika, Ënnen an Tomaten, deen goud mat Räis, Gromperen oder frëscher Baguette zesaammen passt.

D’Schnibbelei
Ech zecken mengt Messer an schnegden Kalefsragout an na mi kleng Würfelen, ongeféier su 1 cm, oder na mi kleng. No deen villen Rezepter déi ech geliäsen han soll d’Fleesch op der Hand kleng geschnidden jiän, an net gewoleft. Datt leen ech an eng Schossel an salzen et well liit, su loossen ech et zougedeckt stoen bis ech et brausch.
Als nächst schiälen ech Ënnen an hacken se kleng. De Knuawelek schiälen ech, an mat engem triumphalen „Platsch“ han ech se mat der platter Segt vam Messer zerdreckt, déi hacken ech dann o ganz fein.
De Paprika? Natiirlich! op rugd an gréin oder nëmmen rugd oder nëmmen gréin ass ganz egal… Déi jiän gewäsch, entkärt an su wie d’Fleesch kleng gewürfelt.
Tomaten jiän iwerbréiht, geschiält an kleng gewürfelt, wann dech d’Schaal äwer net stiiert ass d’Schiälen iwerflëssig. Ech selwer haat na just Kiischtentomaten doheem, déi han ech gewäsch an halbéiert. Du kanns natiirlich o ganz cool eng Béchs opmaan.
Dem Doft van den Saaschen
Dann kann gestart jiän! Ech fänken aan, datt ech eng Pann oder eent Dëppen erhëtzen. An wie datt su ass, all goud Ässen fängt mat eng Läffel Botterschmalz oder Olivenualig aan deen ech op mëttel Hëtzt erhëtzen. Do dran brooden ech d’Ënnen bis se mëll sen, an liit Faaref kreien.
Subal déi mëll sen, an den Doft durich meng Këchen zéiht mëschen ech de Paprika an de Knuawelek drënner, datt brooden ech äwer nëmmen su lang bis alles waarem an blänkig ass, an no Vakanz rëcht.

D’Zesaammenféirung
Als nächst mëschen ech d’Fleesch drënner.
Bei mi moderne Varianten jiët d’Fleesch firtischt aangebrooden. Die traditionelle Variant schreift datt äwer net. Optional kanns du drëchene wäissen Weng dobäi schëdden. Traditionell soll äwer alles am Saaft kooschen deen van Zutaten auszéiht.
D’Fleesch vemëschen ech mat deen anneren Zutaten an leen Thymian an Lorbeer mat dran, an würzen mat Päffer, Salz an Espelettepäffer. Mat Deckel loossen ech datt Ganzt dann ongeféier 45 Min. op niddriger Hëtzt kooschen.
Espelettepäffer (Piment d’Espelette) ass eent mëllt Chilipolwer aus der baskischer Regioun an Südfrankräich, datt aus Gorria-Chilischoten produzéiert jiët. Et zeechent sech durich een liit séisslich, fruuchtigen an aromatischen Goût mat mëller Schiäreft aus. Beim Koof ass op d’Ursprongsbezeechung (AOP) opzepassen, déi geschützt ass an sëcherstellt datt et sech em orignalen Espelettepäffer handelt.
No ongeféier 15 Min. Kooschzekt mëschen ech Tomaten drënner. Leen den Deckel dann rem fest drop an loossen datt Ganzt viraan kooschen. Net ze dachs dran réiren, fir datt su man wie miilisch Flëssigkeet verluaren jieet.

D’Waarden
Während dem waarden kanns du den Dësch well decken an evtl. datt Glas Wéng dranken datts du net am Ragoût mat verschafft has. An während deem jiët d’Fleesch zaart an een Doft verbreet sech, deen, wann ech dann Noperen hätt, déi wahrscheinlich jalous jiff maan.
Den Triumph
No goud 45 Min. kooschen hualen ech den Deckel raaf, Vermëschen alles, schmaaschen an würzen evtl. na no. Datt Ganzt ronnen ech dann mat Zitrounensaaft aaf.
Zervéiert han ech mein Axoa de Veau mat Gromperen an Rommelszaloot, goud passt äwer o Räis oder frësch liit geréistert Baguette.
„Kooschen ass o irgendwie wie réisen, just ouni Jetlag“
Axoa de veau
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen30
Minuten40
MinutenZutaten
800 g Kalefsragoût, kleng gewürfelt (1cm oder na mi kleng)
Botterschmalz oder Olivenualig fir ze brooden
2 Ënnen, gehackt
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
2 Paprika, gewürfelt (rugd oder/an gréin)
200 g Kiischtentomaten, halbéiert (2-3 Tomaten, gewürfelt)
Optional: 100 ml drëchene wäissen Weng
1 Lorbeerblaad
1-2 Thymianäst oder 1 Tl gedrëchenten Thymian
Salz
Päffer
0,5 -1 TL Espelettepäffer
Saaft van 0,5 Zitroun
Zoubereedung
- Subal ech d’Fleesch kleng geschnidden han, salzen ech datt well liit an loossen et zougedeckt stoen bis ech all datt annert Geméiss geschnidden han.
- An enger waarmer Pann oder Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Botterschmalz oder Olivenualig.
- Do dran brooden ech d’Ënnen, bis se mëll sen, liit Faaref kreien an goud rauschen.
- Do mëschen ech dann de Paprika an de Knuawelek drënner an brooden datt su lang bis et waarem ass.
- Als nächst mëschen ech d’Fleesch drënner, würzen mat Salz, Päffer an Espelettepäffer an leen den Thymian an de Lorbeer mat dran.
- Optional: kanns du lo de wäissen Wéng dran schëdden. Traditonell kënnt äwer keen dran.
- Den Deckel leen ech fest op meng Pann an loossen datt Ganzt ongeféier 45 Min. op niddirger Hëtzt kooschen.
- No ongeféier 15 Min. Kooschzekt mëschen ech Tomaten drënner, leen den Deckel dann rem fest drop an loossen de Ragoût fiärdig kooschen.
- Net ze dachs dran réiren, et soll su mann wie miilisch Flëssigkeet verluaren goen.
- No goud 45 Min. schmaaschen ech de Ragoût, würzen evtl. an no an ronnen datt Ganzt mam Zitrounensaaft aaf.
- Bei mir sen et Gromperen an Rommelszaloot dobäi jiän, gou passt äwer o Räis oder frësch, liit geréistert Baguette.