Beef Wellington

An dësem Blogartikel drigt sech alles am ëm d’Fusioun van Geschmaasch an Geschicht. Hogt geht Réis ant Vergangenheet mat dësem Klassiker – Beef Wellington.

Hannert dësem gruussen Naam verstoppt sech eng Kombinatioun aus zaartem Randsfilet, herzhaften Kooschelen an knusperigem Bläderdeeg. Dës Köstlichkeet déi dem britischen Generol Arthur Wellesley gewidmet ass, hat wahrscheinlich hir Wuurzelen während den napoleonischen Kréiger. Mais egal op an deen kinniklichen Bankettsäll ode an denger eegener Këchen – Beef Wellington erzällt van Eleganz, Traditioun an dem Genoss van deen delikaten Saaschen am Liäwen.

Begleet mech bëssen op dëser Fahrt durich d’Aromen an d’Geschicht van dësem Klassiker. Loss eis deen kulinarischen Zauber vam Beef Wellington entdecken an op eisen Teller brengen.

Iwert den Beef Wellington

Den Beef Wellington as eent kulinarischt Meesterwiärik, an hat sein Naam vam britischen Generolmajor Arthur Wellesley, dem ischten “Duc of Wellington”. Den Ursprong ass äwer net wirklich genau no zeséichen. Et jänn verschidden Theorien iwert d’Entstehung vam Beef Wellington. Eng beléift Anekdot seet, datt den Beef Wellington während den napoleonischer Ära, als Hommage aan deen erfolegreichen Generol Wellesly kreéiert jänn ass. An o wann d’Geschicht an den Ursprong van dësem Ässen am Niäwel van der Geschicht ënnergeht, hat den Beef Wellington van do aan sein festen Platz an der gouder Këchen behaalen.

Zutaten

  • Randsfilet
  • Botterschmalz
  • Kooschelen
  • Ënnen
  • Dijon Mostert
  • Hamm oder Speck
  • Bläderdeeg
  • Salz & Peffer
  • Eijäll

ausserdeems brauchs du:

  • eng Pann
  • eng Këchnmaschin oder een Mixer
  • eent Baaschblech mat Baaschpapeier
  • Folie
  • een Pinsel

Zoubereedung

Den Filet virbereeden

Leider geht et net ëmmer su wie een well, den Filet haat ech vakuuméiert bestallt äwer well 5 Deeg är ech gebrauscht han. Ech wor en séichen an han en net vakuuméiert krii. Well ech en äwer fir die 5 Deeg net mi wollt anfréiren han ech mat frëschem Rosmarin, Thymian an Peffer selwer vakuméiert an su an den Frigo geleit. No 3 Deeg han ech en aus dem Plastik gehollt, gesalzen an iwert Nait zougedeckt am Frigo durich zéien geloss. Den Daag drop han ech Fleesch aus dem Frigo gehollt an et Raumtemperatur aanhualen gelooss.

An enger waarmer Pann han ech Botterschmalz erhëtzt an den Brood all rondrëm kräftig aangebrooden. Dann han ech en direkt mat Mostert angepinselt an en komplett aafkéilen geloss. En soll na waarem mam Mostert angepinselt jänn, well su den Geschmaasch vam Mostert besser ant Fleesch zéit.

Kooschelen virbereeden

Kooschelen fein hacken, datt kanns du an der Këchenmaschin oder an engem Mixer maan, pass just bëssen op datt se net ganz zu Pürée jänn. D’Ënnen han ech fein gehackt.

An der selwischter Pann an der ech den Filet aangebrooden han, brooden ech op mëttel Hëtzt die gehackten Ënnen aan, subal déi karameliséiert sen mëschen ech Kooschelen drënner an lossen se su lang brooden bis die ganz Flëssigkeet verkooscht as. Mat Salz an Peffer würzen. Ech schëdden Kooschelen dann op eng Passette, su kann o na deen Rest Flëssigkeet aafdrëpsen. Komplett aafkéilen loossen.

Den Filet anwécklen

Subal alles aafgekéilt ass, leen ech eent gruust Steck Folie op meng Aarbichtsplaque, do leen ech d’Hamm oder den Speck drop su datt se sech liit iwerlappen on ongeféier su auserneen datt se rondrëm den Broot passen. Do drop verdeelen ech glaichmässig Duxelles, dann leen ech den Broot drop an wécklen mat Hëlef van der Folie an. Deen rullen ech dann iwert Arbichtsplaque su datt d’Enner fest zou sen an den Broot an eng glaichmässig deck From gepresst jëtt. Den Broot leen ech dann su ageweckelt eng goud Stonn an den Frigo, fir datt en From behällt.

Als nächst leen ech mir den Bläderdeeg ausgebreet op Aarbichtsplaque. Leider han ech an kengem Buttik véiereckigen Bläderdeeg fonnt, su datt ech Ronner gehollt han. Ech han den Bläderdeeg net selwer gemaat 😉 dofir äwwr selwer kooft. De Broot hualen ech aus der Folie an leen en op den Bläderdeeg, dann han ech een 2ten Bläderdeeg gehollt an deen driwer geleit, iwerschëssigen Deeg han ech aafgschnidden an rondrëm mat Hëlef van enger Forschett zesaammen gedreckt. Su verpackt han ech den Broot iwert Nait an de Frigo gesatt.

Baaschen

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt et Raumtemperatur aanhualen kann. Den Broot op eent mat Baaschpapeier ausgeleiten Blech leen. Eijäll opschloen an den Broot domat anpinselen. Am waarmen Schiäffchen goldbrong baaschen. Notz een Fleeschtermometer.

  • Bloudig 44°C bis 47°C
  • Medium 48°C bis 55 °C
  • Durich 60°C

An o hei han ech festgestallt, datt all Schiäffchen annëcht baascht, an villen Rezepter steht fir een Wellington 25 Min. bis 30 Min. am Schiäffchen, datt hat bei mir net geklappt. Bedenk ëmmer eent datt Fleesch an 3 Schichten angeweckelt as – Kooschel, Hamm, Deeg. Bei mir wor den Broot eng goud Stonn am Schiäffchen an du haat en eng Kärtempertur van ongeféier 50 °C – Medium. Fir mëch perséinlich haat en es bëssen zevill ech han datt Fleesch jären bloudig, äwer fir meng Lékt wor en genau richtig. Watt o die egdel Telleren gewissen han.

Tipps:

  1. Temperatur kontrolléiren: Notz een Fleeschthermometer fir Kärtemperatur vam Fleesch ze kontroléiren.
  2. Bläderdeeg: Hual frëschen Bläderdeeg fir eent perfekt Ergebnis. Ech han na nie selwer Bläderdeeg gemaat, dofir han ech gekooften geholt, mais ech sen iwerzeecht datt deen selwergemaaten na besser schmëcht.
  3. Kreativitéit: Experimentéier mat verschidden Kooschelzorten fir deng Duxelles ze kooschen.

Regionale Varianten

Die britisch Versioun: Klassisch mat Randsfilet, Kooschelen an Bläderdeeg

Die Fransiisch Versioun: Mat Foie Gras fir een luxuriösen Touch

Die amerikanisch Versioun: mat Speck oder Ham fir extra Geschmaasch.

Beef Wellington

Rezept von Josiane
Portionen

4

Portionen

Zutaten

  • 1 KG Randsfilet

  • Dijon-Mostert

  • 500 g Kooschelen

  • 1 Ënn, gehackt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 6 Scheiwen Parmahamm oder Speck

  • Bläderdeeg

  • Salz & Peffer

  • 2 Eijäll

Zoubereedung

  • Randsfilet Virbereeden
  • De Filet würzen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an den Filet all rondrëm kräftig aanbrooden.
  • Na waarem mam Mostert anpinselen an komplett aafkéilen lossen.
  • Duxelles virbereeden
  • Kooschelen kleng hacken, du kanns dofir eng Këschenmaschin oder een Mixer notzen, pass just op datt se net zu Pürée jänn.
  • An der selwischter Pann an der’s du d’Fleesch aangebrooden has, d’Ënnen op mëttel Hëtzt brooden an karameliséiren loossen.
  • Die gehackten Kooschelen ënnermëschen an su lang brooden bis Flësigkeet komplett verkooscht ass, mat Salz an Peffer würzen.
  • Fleesch anwécklen
  • Folie op der Aarbichtsplaque ausleen an d’Hamm drop leen su datt se sech liit iwerlappt. An der Griist datt se ganz rondrëm den Broot passt.
  • Duxelles gleichmässig driwer verdeelen.
  • Den Broot drop leen an mat Hëlef van der Folie fest anrullen an ant Form pressen. Fir eng goud Stonn an den Frigo leen datt den Broot Form behällt.
  • Den Bläderdeeg
  • Den Bläderdeeg op der Aabichtsplaque ausleen.
  • Fleesch op den Bläderdeeg leen an den Deeg zouklappen oder een anneren Bläderdeeg driwer leen. Iwwerschëssigen Deeg fortschnégden an mat Hëlef van enger Forschette Ränner festdrecken.
  • Iwert Nait an den Frigo leen.
  • Baaschen
  • Fleesch fréi genou aus dem Frigo hualen.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Fleesch op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen.
  • Eijäll opklappen an den Deeg domatt anpinselen.
  • Am waarmen Schiäffchen Goldbrong baaschen.
  • Notz een Fleeschtermometer fir Kärtemperatur vam Fleesch ze moossen
  • Bloudig 44°C bis 47°C
    Medium 48°C bis 55 °C
    Durich 60°C

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*