Wann ech aan Houhnerbréit denken, denken ech ëmmer aan Sonndes, aan eng goud „Kirmeszopp“ mat ganz vill Ribbelecher dran. Deen Geroosch deen deemols aus der Këchen durich datt ganzt Haus gezujen ass, wor net nëmmen een gouden Doft, et wor eng Ëmaarumung. Hokt vill Joeren an vill Zoppendëppen dono, hat sech mein Bléck op die goud aal Houhnerbréit bëssen erwégdert. Sie ass net nëmmen eng Kandheetserënnerung, sie ass kulinarisch Kultur, an eent Symbol fir deen bewossten Ëmjang mat Liäwensmëttel.

Van wu kënnt d’Bréit
D’Wuurzelen van der Houhnerbréit reechen déif, an zwar net nëmmen an d‘Zoppendëppen, mee an der Geschicht. Well an der Antik sen Fleeschschanken am Waasser ausgekooscht jiän, net nëmmen weent dem Goût, mee o als Heelmëttel. An der traditioneller chinesischer Medizin wor eng Bréit aus Schanken an ganz besonnig d’Houhnerbréit Medizin an hat de Geest an de Körper gestiärikt. An jüdischen Kulturkreeser ass sie „Jewish Penecillin“ genannt jiän an sie ass bis hokt een Fixpunkt van all Feierdaagskëchen an eent Hausmëttel geent Grippe.
An Europa wor d’Bréit lang Zekt eent einfascht äwer Liäwenswichtigt Ässen. Watt den Hof net verwiärten konnt, ass an Dëppen kommen, Schanken, Hogt, Féiss, Krégderrester an Geméisrester. Et wor eng einfasch Këchen äwer eng gescheit. Et ass alles genotzt jiän watt een haat. Eng Praxis, déi bei jidferengem deen noohaltig kooscht o hokt na genotzt jiët.

Houhnerbréit: bëssen mi wie nëmmen eng Zopp!
An eiser moderner Welt jiët d’Bréit dachs op datt reduzéiert watt een am Buttik am Tetrapack oder an Polwerform fënnt. Äwer die rischtig Houhnerbréit, déi stonnenlang simmert, ass eng ganz anner Liga. Sie ass Basis an Bühn zugläich.
Et kann een sie pur genéissen, villäicht mat bëssen Geméiss, bëssen frëschem Péitersilich. Oder sie jiët zur Séil van engem Risotto, jiët all Zooss hiren onverwiässelbaren Goût an mëcht aus all Eintopf eent kulinarischt Gedicht.
Ech hualen sie z.B. jiären fir:
- Fir Poule au riz, mat Geméiss
- Fir Pastéitchen
- Fir Risotto
- Fir d’Kirmeszopp
- Fir Bulgur oder Polenta, schëdden ech net mat Waasser op mee mat der Bréit.
- Fir Zoossen
Eng goud Bréit ass keng siier Saasch, ech han der jiäster gekooscht, an bis alles angweckt an ënner Drock angekooscht ass, ass een ganzen Daag riwer.

D’Zutaten maan den Ënnerscheed
Wann ech iwer Goût schwätzen, schwätzen ech o van wu eis Liäwensmëttel kommen. Eent Zoppenhouhn aus Artgerechter Haltung, eent datt well paar Joer om Bockel hat, liwert net nëmmen mi Aroma, mee steht o fir eng anner Art Landwirtschaft. Dës aal Houhner, déi keng Eier mi leen, sen ideal fir eng Bréit. Hir Muskelen sen kräftig, d’Fleesch ass mi fest, an den Goût ass deen besten.
An beim Geméiss zällt datt selwischt, regional, saisonal an jiären kromm. Zoppengeméiss muss net sching sen, et muss Charkater han. Pastinaken aus dem Hiärestgaart, die letzt Zelleriestangen aus dem Hochbeet, paar drëchen Ënnenschaalen fir d’Faaref, Ënnen, Muurten, Poretten an Péitersilichwuurzel.
An o Krégder duarefen matkooschen, Lorbeer, Thymian, Neelcheskäpp an Maggikrogt, brengen deen rischtigen Goût. An fir den Umami-Kick, am Aafank van der Kooschzekt eng sprutz Äppelessig, datt hëleft d’Mineralstoffer aus den Schanken ze liesen an ronnt den Aroma aaf.

Fir datt näist verluaren jieet
Fréiher hat d’Bréit dozou gedéint, Saaschen haltbar ze maan. Hokt driien ech den Spiess ëm, ech maan d’Bréit haltbar, fir datt ech ëmmer eng Reserve an der Spënnchen stoen han.
Anwecken ass do mäin Favorit, ech fëllen se an steril Gläser an kooschen se ënner Drock an. Su ass meng Bréit bis zu engem Joer haltbar. Gläser jiän dann na mam Datum beschrëfft an, an d’Spënnchen gestallt.
An Portiounen anfréiren jieet natiirlich o, allerdings muss een dann ëmmer fréih genou draan denken.

Zukunft van der Bréit
Wie jieet et viraan met der Bréit? Ech denken mir erliäwen een klengen Comeback. An der Këchen wie o am Denken, d’Houhnerbréit passt perfekt, sie ass Slow Food, Zero Waste an Comfort Food an engem.
Ëmmer mi jung Lekt entdecken, datt een aus winig vill maan kann, wann een se rischtig behandelt. Modern Techniken wie Sous-Vide, Drock-Kooschdëppen oder sugar den Thermomix kannen hëlfen, aal Traditiounen nei ze interpretéiren. Et muss een keen Purist sen, et muss een nëmmen wossen, firwatt een datt mëcht.
Een gouden Restaurant, deen sengen Clienten jiät béiden wëll, mëcht seng Bréit selwer, et ass net nëmmen een Geste, mee een Statement. Op Wooschenmärt, jiän rëm aal Houhner verkooft, well een wees: Ween Bréit kooschen wëll brausch keen jungen Poulet, mee ent Déier mat Liäwenserfahrung.
Fazit: Mi wie nëmmen eent Dëppen Zopp
Eng goud Houhnerbréit ass keent Rezept, mee eng Haltung. Et jieet em d’Kucken, sech Zekt hualen an em d’Wiärtschätzung. Su wie eent Rezept, datt mat Geméiss, Schanken an bëssen Léift geschriwen ass. Sie erzällen Geschichten van fréiher, schmaaschen no hokt an maan Hoffnung op muarren. Wanns du also die nächst Kéier eent Zoppenhouhn has, hual der Zekt, wiäll deng Zutaten ganz bewosst, genéiss den Prozess an loss d’Bréit fir sech schwätzen. Well heinsdo seet een Läffel mi wie tausend Wiärder.
Houhnerbréit
Schwierigkeit: einfasch20
Minuten3-5
StonnenZutaten
1 Zoppenhouhn
2 Muurten
2 wäiss Navet
1-2 Poretten
1 Pastinake
1 Péitersilichwuurzel
2 Ënnen
3 Neelcheskäpp
3 Lorbeerbläder
2 Thymiansäst
2 Ziiwen Knuawléck
60 g Zellerie (Knoll oder Stangen, datt as egal)
4-5 L Waasser
20 g Salz
Zoubereedung
- D’Geméiss wäschen ech grëndlich an schnégden et an graff Würfelen, et muss net geschiält jiän
- D’Ënnen halbéiren ech an den Knuawelek drecken ech liit aan. An o hei schiälen ech näist
- D’Houhn leen ech an eent gruust Dëppen. D’Geméiss, Gewürzer an Krégder leen ech dobäi an schëdden kaalt Waasser drop. FIRWATT? Firwatt kaale Waasser, mat kaalen Waasser krëss du deen meesten Goût an deng Bréit, hëlls du waaremt Waasser bleift mi Goût Fleesch.
- D’Bréit loossen ech opkooschen, schäimen se aaf an op niddriger Hëtzt loossen ech se 3 bis 5 Stonnen kooschen.
- D’Bréit schëdden ech dann durich eng Passette an verschaffen se vriaan.