Wann een aan de Summer denkt, denkt een automatisch aan frësch Krégder, Tomaten, Olivenualig, Burrata an Mozzarella. Mengt Rezept van hokt ass eng Nuddelzaloot déi no Summer, Sonn an Italien schmëcht. Ech hualen dech mat op eng Réis durich d’Vergangenheet, Gegenwart an villäicht bëssen Zukunft. Am Enn waart eng Zaloot op dech, déi genausu goud op engem rustikalen Holzdësch an der Tosakana oder op denger Terrasse schmëcht. Een Italo-Nuddelzaloot mat engem Dressing aus gedrëchenten Tomaten, Burrata, frëschem Basilikum an enger Sprutz donklem Balsamico, an fir datt Zooss die rischtig Konsistenz krëtt bëssen Nuddelwaasser.

Nuddelzaloot, een Klassiker mat italienischem Härz.
Wann een datt Wuort Nuddelzaloot hiiert, denkt een firtischt mol aan Grillen, Kartonstelleren, bëssen vill Mayonnaise… Van wu kënnt den Nuddelzaloot?
De Nuddelzaloot ass eent europäischt Kand. Die Däitsch haalen do jiären den Domm drop, mee o an Italien kennt een kaal Pasta-Ässen besonnig aan warmen Summerdeeg. Die älst Rezepter mat kaaler Pasta fënnt een an Rezeptbéicher aus dem 19ten Joerhonnert, do allerdings als „Pasta fredda“, dachs mat Olivenualig, Kaperen, gedrëchentem Geméiss an Anchois. Ganz annëcht wie déi Klassiker déi mir kennen, äwer een Virfahr van deem wat ech hokt kombinéiren.
An Italien wor Pasta ëmmer mi wie nëmmen eent Ässen, sie wor een Ausdrock van Kultur, Regioun an Familjen. All Regioun hat hir eegen Pastaform, hir eegen Zoossen, hir eegen Art ze kooschen. An Apulien z.B. ,dem Talon vam italienischen Stiwel, ass d’Këchen besonnig rustikal, van do kommen vill Zutaten déi ech fir mein Zaloot verschaffen. Gedrëchent Tomaten, frëschen Baslikum an Burrata.
Van der Traditioun zur Këchen van hokt
Während die klassisch Nuddelzaloot van de 50er an 60er Joeren bei eis mat Fleeschwuuscht, Iärbessen aus der Béchs an Miracle Wip zervéiert jiän ass, hat sech den Goût bëssen gewandelt. Hokt sen et mediterran Anflëss, frësch Krégder, hiiwiartigen Ualig an saisonal Zutaten, déi den Toun aanjiän.
Watt gebliwen ass, ass d’Funktioun: de Nuddelzaloot ass jiät datt een jiären matbrengt, fir een Buffet, als Grillbegleeder, als Summerfrënd. Just mat bëssen mi Raffinesse. An heinsdo duarefen o richtig glänzen. Wie bei mir mat engem Dressing, datt durich een déiwen Umami-Goût begeestert.
D’Hauptdarsteller
Gedrëchent Tomaten
Am besten selwer gemaat. Dofir am Spéitsummer van Tomaten aus dem Gaart, am Schiäffchen oder Dörautomat bei niddriger Hëtzt mat bëssen Salz an Thymian gedrëchent. Dono aan eent propert Glas gefëllt an am gouden Olivenualig angeleit, jiären mat Knuawelek, Rosmarin an/oder enger Hauch Chili. Su haltbar gemaat, wor o fir de Wanter de Goût vam Summer konservéiert.

Burrata
Die kleng Schwester vam Mozzarella, äwer mat engem cremigen Kär aus Schmand an Frëschkiiss. De Burrata kënnt aus Apulien an ass eent Paradbeispill dofir, wie aus Rester van der Mozzarella-Produktioun jiät Gruussartiges entstoen kann.

Frëschen Basilikum
Hei zällt Frëschheet mi wie alles annert. Eent Dëppen om Fensterbrett, ass ëmmer besser, wie deen angschweesten aus dem Buttik. Ween es am Gaart aanbaut, de Basilikum steht jiären bei den Tomaten, net nëmmen om Teller, mee o am Gaart.

Balsamico & Olivenualig
Gouden Balsamcio, wie deen aus Modena, jiët all Dressing een déiwen séissen Goût. An beim Olivenualig? Kaalegepresst, nativ extra. Vill kleng Produzenten an Italien oder Griechenland schaffen noohaltig an transparent.

Nuddelwaasser
D’Nuddelwaaser enthält Stärke an verbënnt Ualig an Tomaten zu enger cremiger Emulsioun. Gläichzégtig jiët de Goût mi intensiv an et schount Ressourcen, manner Aafwaasser an mi Goût.

Haltbarkeet an der Spënnchen
Een Aspekt deen dachs iwersehen jiët. Een gouden Nuddelzaloot muus net aam Daag van der Zoubereedung goud schmaaschen. Am Gegendeel, rischtig gemaat, ass en dachs den Daag drop na besser.
Dat légt an der Kombinatioun van Ualig, Essig an Salz, een Natiirlechen Haltbarmacher. Die gedrëchent Tomaten brengen well eng gewëss Konservéirung mat, an wanns du et jiären has, kanns du dësen Dressing sugar ankooschen. Kuurz opkooschen geloss, waarem an steril Gläser gefëllt, fest zougemaat an aafkéilen gelooss.

Fazit
Watt weisst eis dës Nuddelzaloot? Datt eent einfasch Ässen rischtig goud kann sen. Datt Noohaltigkeet näist mat Verzichten ze doen hat, mee mat Kreativtéit an gouden Zutaten. An datt heinsdo bëssen Nuddelwaasser dar jiët fir aus Winnig ent Festässen ze maan.
Italienisch Nuddelzaloot
Schwierigkeit: einfasch4
30
MinutenZutaten
400 g Nuddelen (Rigatoni, Fussilli…)
150 g gedrëchent Tomaten
1 Burrata (ca. 200 g)
40 g frëschen Basilikum
200 g Mozzarella, gewürfelt
150 g Kiischtentomaten, gevéirelt
100 ml Olivenualig
60 ml donklen Balsamico
ca. 100 ml Nuddelwaasser
Saaft van 0,5 Zitroun
Peffer & Salz
Optional: 1 Bëchs Thunfësch an graff gehackten Oliven
Zoubereedung
- Nuddelen an vill Salzwaasser no Packaaweisung al dente kooschen, aafschëdden an su liit auskéilen loossen, sie mussen net kaal sen. Wann se na liit waarem sen hualen sie Zooss besser op. No ongeféeir der Halschent van der Koooschzékt 1 Tasse Nuddelwaasser raus schäffen an op Ségt stellen.
- An engem Mixer zerklengeren ech die gedrëchent Tomaten. Do mëschen ech den Burrata drënner an mixen deen mat, Et ensteht su eng zimlich fest Past, déi ech mat bëssen Olivenualig an Balsamico lockeren.
- Als nächst mëschen ech de Basilikum drënner an püréiren deen mat.
- An dësen Dressing schëdden ech dann bëssen Nuddelwaasser, an mixen se bis eng deckflëssig Past entstannen ass, déi sech goud püréiren lisst. Schmaaschen an würzen mat bëssen Salz, Päffer an Balsamico no.
- An enger gruusser Schossel mëschen ech die gevéirelt Kiischtentomaten, deen gewürfelten Mozzarella, die lookisch Pasta an den Dressing. Kuurz durichzéien loossen, an mat bëssen Zitrounensaaft, ab evtl, na bëssen Balsamico aafschmaaschen.
- Optional kanns du na Thunfësch an graff gehackten Oliven mat drënner mëschen.