Bouletten an enger Ënnenzooss

Bouletten, een Klassiker aus der Këchen an deen als Einwanderer eng richtig Karrière hannert sech hat. Boulette besteht aus Gehacktes, Ei, Brigdchen oder Panéiermiähl, Ënnen, Mostert, Krégder an Gewürzer.

Karrière van der Boulette hat angeblich am 17ten Joerhonnert aagefongen, Hugenotten han Boulette mat an Däitschland breit. Anner Quellen behaupten Truppen van Napoleon hätt Boulette Aafank vam 19ten Joerhonnert mat breit. Egal ween se Erfond hat, den Naam hat Boulette aus Frankreich, sugar den Naam “Frikadelle” kennt aus dem fransiischen.

Vielleicht hat Boulette o eng ganz anner Geschicht, mais et as ëmmer eent beléiftent Ässen viraan allem bei Männer.

Ob Boulette gesond as, hängt dovaan aaf watt fir eent Fleesch geholt jëtt: Puurt Randsgehacktes as natiirlech besser wie Schwéngsgehacktes. Je mi Krégder mat dran verschafft jiänn, desto mi Vitaminen enthält Boulette. Egal wie eent et mëcht – sin bestinn zu engem gruussen Deel aus Fett an dofir schmaaschen se o su goud.

Wie soll Boulette sen?

Eng Boulette soll saftig an würzig sen an nie drëchen. Am Internet fënns du tausende Rezepter van Bouletten an jidfereen schwört op sengt Rezept.

Watt brausch ech fir klassisch Bouletten?

Bouletten selwer maan as eent Kannerspill, Die meest Zutaten hat een ëmmer doheem.

  • gemëschtent Gehacktes, am besten ongewürzt. Ech kann an wëll mech net aan gewürztent Gehacktes wiännen. 😉
  • Ënnen, entweeder rii oder gebrooden, hei muss du selwer raus fannen watt dir am besten schmëcht.
  • Péitersilich
  • Brigdchen vam Daag virdraan datt an bëssen Mëlich angeweecht jëtt, oder Panéiermiähl ech hualen meestens Panéiermiähl datt han ech ëmmer doheem an et brausch een et net anzeweechen.
  • Eier
  • Mostert, mëttelscharef
  • schwarze Peffer
  • Salz
  • Paprikapolwer
  • Majoran
  • bëssen Muskot

Gehacktes

Datt gemëchtent Gehacktes hat mi een gruussen Fettaandeel an do durich as et o mi intensiv am Geschmaasch. Wëlls du op Schwëngefleesch verzichten, kanns du beim puuren Randsgehacktes bëssen Ualeg oder Botter mat ankniädden. Brigdchen oder Panéiermiähl bannen datt Fett an et bleift beim brooden am Fleesch an trëtt net aus.

Egal watt fir eent Gehacktes datts du keefs, koof Regional an bei engem gouden Metzler, su kanns du dech op Qualitéit an dorop datt et frësch as verlossen. Ganz wichtig as o, datt Kéihlketten net ze lang ënnerboosch jëtt. Viraan allem bei summerlichen Temperaturen soll Fleesch net mi lang wie 30 Min. net gekéihlt jiänn. Du kanns Gehacktes maximal 24 Stonnen op der kéihlster Platz am Frigo, iwert dem Geméissfach, lageren. Dono verschaffen oder anfréiren.

Wie jiänn Bouletten gebrooden?

Fir aromatisch Röstaromen jëtt et nëmmen eent Fett: Botterschmalz! An datt zällt net nëmmen fir Bouletten 😉 .

Bouletten mussen an der Pann hiien Temperaturen standhaalen fir datt se deen richtigen Geschmaasch entwécklen. Einfaschen Botter jiff do verbrennen, du kanns natiirlech o een neutralen Ualeg hualen, allerdings krëss du dann net su eent aromatischt Ergebnis.

Beim Brooden, entscheeden sech vill Lékt fir den Schiäffchen, well et an der Pann zevill sprutzt. Datt et su extreem vill sprutzt légt meestens dodraan, datt Fleesch ze kaal as wann et an datt waaremt Fett geleit jëtt. Allerdings sprutzt et ëmmer an et as o egal watt fir een Fett datts du hëlls. Ech han selwer mussen feststellen, datt Bouletten aus dem Schiäffchen lang net su goud se, wie wann se an der Pann gebrooden jiänn. An der Pann entweckelt eng Boulette die richtig Röstaromen déi deen gouden Geschmaasch ausmaan.

Bei der Pann kanns du eng mat Antihaftbeschichtung hualen. Ech hualen äwer léiwer meng Gossen- oder Inox- Pann. Inoxpann pëscht! stëmmt datt mëcht si o, do jëtt et äwer een kleng Trick. Datt eng Inoxpann pëscht légt dodraan datt se net richtig virgewiäremt jëtt. Pann firtischt op Feier setzen an wiärmen. Hual dir dann eng Tass mat bëssen Waasser, mat engm Téiläffel bëssen Waasser ant Pann maan. Wann dann su richtig Krellen entstinn déi durich Pann jauwen as se waarem genou, dann kanns du Hëtzt raaf driien, Fett dran maan, an si pëscht net mi.

Zoubereedung

Ech fänken aan, datt ech Ënnen kleng hacken an am Botterschmalz brooden. Du kanns d’Ënnen natiirlech o rii ënnert Gehacktes mëschen. De Péitersilich hacken ech ganz fein.

An eng Schossel leen ech Gehacktes, Gewürzer an Krégder, de Mostert, Eier, Panéiermiähl. Has du lo rengt Randsgehacktes do kanns du bei 500 g Fleesch 2 EL Ualeg oder Botter mat ënnermëschen. Dann jëtt alles durichgekniädd, an zwar just su lang bis alles goud vermëscht as, net mi lang.

Als nächst formen ech Bouletten, wie gruuss oder kleng datts du se wëlls maan bleift dir iwerloss, du kanns se o aafwoojien fir datt se all die selwischt Griist han. Ech han een Glaceläffel mat deem ech meng Bouletten formen, su sen se mi oder winiger gläich Gruuss.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz, dodrann brooden ech Bouletten dann al ronderëm kräftig aan. Bouletten raus hualen an op Ségt stellen.

Ech han hei eng Ënnenzooss dobäi gemaat, dofir han ech eng Ënn kleng geschnidden an déi an demm selwischten Fett brong gebrooden. Do han ech dann bëssen wäisse Wéng drop geschott an deen komplett ankooschen geloss, datt han ech na eng kéier wiederholt. Eng Zooss baséiert meestens op den Röstaromen déi sech om Buadem van enger Pann entwecklen. Dës Aromen sen Grondlaag fir deen spéideren Geschmaasch. Widderhëllt een datt krëtt Zooss na mi Aroma.

Als nächst han ech Zoossenfond drop geschott, opkooschen geloss an bis op Halschent reduzéiren geloss. Geschmaascht an gewürzt. Zooss dobäi am Au behaalen, ganz siier as se zevill reduzéiert, an sie krëtt een ze extreemen Geschmaasch, et kann een se dann zwar mat Bréit oder Rahm längen, mais sie schmëscht dann äwer net mi su goud.

Zum Schluss han ech eng goud Schlupp Rahm dran geschott, Bouletten rem dran geleit an alles gewiäremt.

Dobäi han ech eng Péitersilichgromper gekooscht.

Bouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Gehacktes

  • 0,5 Botte gehackte Péitersilich

  • 3 EL Panéiermiähl oder 1 Brigdchen an Mëlich angeweecht

  • 1 Ei

  • 1 gehackten Ënn, gebrooden oder rii.

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Mostert

  • 1 TL Paprikapolwer

  • 1 TL Majoran

  • bëssen Muskoot

  • 1 TL schwarze Peffer

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Fir Zooss
  • 2 kleng geschnidden Ënnen

  • 100 ml wäisse Wéng

  • 500 ml Zoossenfond oder Fleeschbréit

  • 100 ml Rahm

  • Peffer & Salz

Zoubereedung

  • Gehacktes mat den Gewürzer, Krégder, Ei, Panéiermiähl an Moster goud vermëschen an Bouletten formen.
  • An enger waarmer Pann Botterschmalz erhëtzen an Bouletten kräftig all rondrëm brooden, raus hualen an op Ségt stellen.
  • Fir Zooss
  • Ënnen an deem selwischten Fett wie Bouletten brooden bis se brong jiänn.
  • Mat der Halschent vam Wéng aafläschen an deen komplett ankooschen loossen.
  • Datt na eng kéier wiederhualen.
  • Zoosenfond drop schëdden, opkooschen loossen an bis op Halschent reduzéiren lossen.
  • Schmaaschen an würzen.
  • Rahm dobäi schëdden, Bouletten ant Zooss leen an alles wiärmen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*