Fir 1 kg brongen Roux brauchst du?
- 500 g geklärte Botter
- 600 g Miähl
Wie jëtt gekooscht?
Beim brongen Roux kann een net genau soen wie lang datt et dauert, datt hängt ëmmer dovan aaf wie Hëtzt agestallt as. Ech jiff se äwer net ze hii stellen. En kann dir soss verbrennen an ze gruuss Hëtzt kann dozou bäidroen, datt den Roux Zooss net richtisch bënnt.
De Botter op mëttler Hëtzt schmëlzen an Miähl dann ënnerréiren. Ënner stännigem réiren den Roux su lang durichschweesen bis en brong as.
Wanns du lo suvill Roux virbereeds, kanns du deen ouni Problem anfréiren, denk just dran en viraam Gebrausch rem op Raumtemperatur ze brengen.
Fir 1 kg blonde oder wäisse Roux brauchst du?
- 500 g Botter
- 600 g Miähl
Wie jëtt gekooscht?
Botter op mëttler Hëtzt schmelzen, Miähl ënnerréiren, Hëtzt dann raaf driien an sulang durichschwessen bis de Roux blond as. Desen Roux, genausu wie deen wäissen Roux jëtt op niddreger Hëtzt gemaat, Miähl brausch bëssen Zéckt fir datt et sech ausdehnt an fir datt die Elementer déi fir Bindung van denger Zooss zoustännig sen, kannen hir aarbischt maan.
Deen wäissen Roux jëtt su lang durichgeschweest bis deen rii Miählgeschmaasch fort as.
Wanns du lo suvill Roux virbereeds, kanns du deen ouni Problem anfréiren, denk just dran en viraam Gebrausch rem op Raumtemperatur ze brengen.