Bungenschlupp, eng Zopp oder Eintopf, deen bëssen mi ass wie nëmmen eent Ässen, et ass Geschicht, Erënnerung an ganz Liäwenskapitel an enger Schossel. De Geroosch van gemellig kooschenden gréinen Bungen, Poretten, Gromperen, Muurten an Zellerie, mat direkter Erënnerung aan Bomi hir Këchen. Bei eis doheem wor oder ass d’Bungenschlupp eng reng vegetarisch Zopp, dachs wor Pankisch dobäi. Eent Ässen, datt simpel wor, et wor éierlich an et wor Doheem.

D’Wuurzelen van dësem Klassiker
Bungenschlupp, su einfasch den Naam ass, su déif ass sie verwuurzelt an eiser Geschicht. Hiren Ursprong reecht bis an 18. an 19. Joerhonnert zereck, an eng Zekt an der die lëtzeburig Këchen viraan allem eent wor: pragmatisch.
An deen ländlichen Këchen ass datt gekooscht jiän, watt am Gaart oder op den Felder gewaass ass. Fleesch wor seelen, ischter een Luxus fir Sonndes. Bungen juff et der vill, sie woren nahrhaft an han sech einfasch drëchnen oder ankooschen geloss. Gromperen, deemools rischt heemisch an Mëtteleuropa jiän, han dës Zopp perfekt ergänzt.
Alles zesaammen ass et eent Ässen jiän datt satt mëcht, Energie brengt an sugar aus deen einfachsten Zutaten ass jiät köstliches enstannen.
An aalen Haushaltsbéicher fënnt een Bungschlupp dachs niäwent Ässen wie Iärbessenzopp oder Gromperkéichelcher. Et woren Ässen, déi an gruussen Mengen gekooscht konnten jiän, déi sech goud opwiärmen lossen an déi sech aan d’Saison aangepasst han.
Wann die ischt Bungen am Summer zegdig woren, wosst een lo fängt Zekt van der Bungenschlupp aan.
Eng Zopp, déi mat de Joerszekten liäft
De Rythmus van der Natur hat lang bestëmmt, wann an wie gekooscht juff.
- Am Fréihsummer, wann d’Bungen jung an zaart woren, wor d’Zopp liit an frësch.
- Am Hiärest, wann d’Bungen mi kräftig juffen an d’Gromperen aus dem Keller kommen sen, wor Zopp herzhaft an ass dachs mat engem Steck Botter oder Schmand verfeinert jiän.
- An am Wanter? Dann sen die angekooschten Bungen aus dem Glas gehollt jiän an et hat eng mi eng donkel kräftig Variant gekooscht.
De Prinzip ass ëmmer deen selwischten bliwen, Geméiss, Bréit, en bëssen Fett an Gedold.
Des Einfascheet wor keen Mangel, mee Erfahrung. Bungen han planzlicht Eiwäiss geliwert, Gromperen Kohlenhydrate an Poretten, d’Muurten an den Zellerie han fir een natiirlichen Aroma gesuarigt.
Datt watt hokt „clean eating“ oder „vollwertig“ genannt jiët, wor deemols einfasch gesonden Mënschenverstand.
Vam Aarem-Lekts-Ässen zum Kulturmenü
Am 20. Joerhonnert hat sech d’Bild van der Bungenschlupp gewandelt. Mam waasende Wohlstand noom zweiten Weltkréich ass mi dachs Fleesch op den Dësch kommen. An su ass an villen Rezepter Speck, Mettwuuschten oder Wiischtercher opgetaucht. Aus dem bäierlichen Alldagsässen ass eent Symbol fir Heemischt an Genoss jiän.
An villen Famijen, besonnig om Land, ass se äwer su bliwen wie sie ëmmer wor, vegetarisch. Mir konnten doheem ni jiät mat Fleesch an dëser Zopp aanfänken, wahrscheinlich well mir et gar net annëcht gewiännt woren. Ausserdeem jieet de Goût van de Bungen verluaren. Genau do dran legt den Zauber van dëser Zopp. Am Zesaammenspill van Bungen, Gromperen, Muurten, Zellerie, Poretten, ouni Aaflenkung, an ouni Iwerlaadung.

Eent Ässen, datt Zekt brausch an schenkt
Bungenschlupp liiert Gedold. Et kann een sie net hetzen. Bungen brauschen Zekt, fir mëll ze jiän, D’Gromperen sollen hiren Goût aafjiän, d’Bréit soll net ze starik kooschen. Datt ass bal wie Meditatioun, wann een an Dëppen kuckt, dran réiert an den Doft spirrt. Eng Form van gemelligem kooschen, lang befir „slow food“ een Begrëff jiänn ass.
D’Kooschen van dëser Zopp hat o eng sozial Bedeitung. Zesaammen am Dësch setzen an dës Zopp zässen wor dachs deen Moment Ruh no engem langen Aarbichstdaag. Et sutz een beineen an hat winig geschuatt, d’Läffelen han an den Telleren geklabbert, an irgendwie wor d’Welt fir dësen Moment ganz einfasch.
Firwatt fonktionéiert d’Bungenschlupp?
Eng Zopp an der erstaunlich vill Wëssenschaft stëcht:
- Bungen liweren Aminosäiren, déi zesaammen mat den Kohlenhydrate aus der Gromper baal vollstännigt planzlicht Eiwaiss liweren.
- Poretten enthaalen natiirlich Fruktane, déi während dem Kooschen deen séissen Goût fräi setzen.
- D’Muurten enthaalen verschidden Zockerarten an Carotinoide, sie brengen een mëllen séisse Aroma an eng liit goldig Faaref.
- Den Zellerie enthält Phthalide, natiirlich Aromastoffer, séi sech während dem Kooschen liesen an de Goût van deen anneren Zutaten verstärikt. Dofir rëcht Zopp su intensiv ganz ouni Fix.
- Maggikrogt wirikt wie een natiirlichen Verstiäriker. Seng ätherisch Ualiger betounen den Umami-Goût, datt herzhaft watt mir vam Fleesch kennen.
- Deemno watt fir eng Gromper datts du hëlls suarigt sie fir Bindung, miählig kooschend Gromperen suairgen dofir datt d’Zopp crèmig jiët, ouni se ze püréiren, bei festkooschende bleift Zopp mi flëssig, d’Gromper hëllt äwer de Goût van sämtlich Zutaten op.
Kuurz gesoot, dës Zopp ass ent Beispill fir perfekt ausbalancéiert Këchen. lang befir een datt Wuort „Food Science“ kannt hat.



Hokt: Eent Ritual, keent Rezept
Ech kooschen d’Bungenschlupp hokt net, well ech muss, mee well ech wëll. Sie hëllt den Tempo raus, sie erënnert mech, datt goud Ässen keng 20 Zutaten brausch. Sie liiert mech datt Gedold sech lungt, am Liäwen wie am Kooschdëppen. Wann de Geroosch durich d’Haus zéiht, rauschen ech Kandheet. Wann ech gefrooscht jiän watt ass: Datt ass Lëtzeburig op engem Läffel. Et schmëcht richtig, well et echt ass.



Traditioun trëfft Zukunft
Villäicht legt genau hei Zukunft? An Ässen, déi bewosst einfasch sen. Bungenschlupp ass noohaltig, lokal, saisonal an éierlich. Et kann een sie vegetarisch, vegan oder mat Fleesch kooschen. Sie steht fir datt, watt an eiser Këchen ëmmer gezallt hat: Éierlichkeet, Handwiärik an Härz.
Fazit
Bungenschlupp ass keent modernt Showässen, sie ass vill mi wiärtvoll. Sie ass Erënnerung an datt watt eis nährt, wann all datt annert zevill Kaméidi mëcht. Eent Dëppen voll Geméiss, Gedold an Léift, an de Beweis, datt éierlicht Ässen nie aus der Moud kënnt.
Bungenschlupp
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen20
Minuten40
MinutenZutaten
500 g gréin Bungen, an 2cm bis 3cm gruuss Stecker geschnidden
1 Porett, kleng geschnidden
1 EL Botterschmalz oder Botter
2 deck Muurten, gewürfelt
300 g Zellerieknoll, gewürfelt
4-5 Gromperen, geschiält an gewürfelt
2 L Waasser oder Geméissbréit
1 TL Maggikrogtbläder, fein gehackt
Salz
Päffer
Fir Garnitur: bëssen Schmand oder sauer Rahm an gehackten Péitersilich
Zoubereedung
- Bungen blanchéieren ech fir paar Min. am kooschenden Waasser, aafschëdden an ech schrecken se ënner kaalem Waasser aaf. Déi stellen ech dann op Segt bis ech se brausch.
- An engem waarmen Dëppen loossen ech de Botterschmalz op mëttel Hëtzt schmëlzen. do dran dënsten ech Poretten, ouni datt se Faaref kreien. Wann déi mëll sen an goud rauschen, salzen ech se liit.
- Als nächst mëschen ech d’Muurten an den Zellerie drënner an dënsten déi mat aan. An o déi salzen ech liit.
- TIPP aus menger Këchen: Poretten noom dënsten salzen an d’Geméiss noom dënsten salzen maan ech nëmmen wann ech mat Waasser schaffen. Hualen ech Bréit salzen ech rischt zum Schluss.
- Do schëdden ech dann d’Waasser drop, subal datt opgkooscht, driien ech d’Hëtzt raaf an mëschen Bungen an d’Gromperen drënner.
- Dann réiren ech Maggikrogt drënner, driien Hëtzt raaf an loossen Zopp ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen, bis d’Geméiss mëll ass.
- Dowëschent ëmmer mol rëm dran réiren, schmaaschen an mat Salz an Päffer op de Punkt würzen.
- An Telleren verdeelen, bëssen Schmand dran schëdden an mat Péitersilich garnéiren.
- TIPP aus menger Kechen: wëlls du mi eng crèmig Bungenschlupp, hual ongeféier 1/3 aus dem Dëppen, püréier datt an mësch datt dann rem ënnert deng Zopp. Su krëss du eng crèmig Zopp ouni zousätzlicht Bindemëttel.