Cannelloni

Cannelloni sen gefëllten Nuddelen. Fëllungen sen ënnerscheedlich, su as eng ganz beléifte Fëllung z.B. Ricotta mat Spinat. Oder Gehacktes mat Tomaten. Genausu beléift sen äwer o Fëschfëllungen oder eng reng Geméissfëllung.

Fir mengt Rezept brausch ech.

  • Cannelloni
  • Randsgehacktes ongewürzt
  • Salsiccia
  • Oregano
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Tomaten
  • Tomatenzooss
  • Eier
  • bëssen Olivenualeg
  • Salz & Peffer
  • Béchamelzooss mat Parmesan
  • Parmesan
  • Panéiermiähl

Zouberreedung

Ech han meng Nuddelen selwer gemaat, aus Miähl, Eier an bëssen Salz. Die selwer gemaaten Nuddelen jiänn halef virgekooscht.

Du kanns äwer o die fiärdeg hualen, et geht mi siier.

Ënnen an den Knuawléck han ech fein gehackt.

Tomaten an kleng Würfelen schnegden.

Gehacktes mat deem bannechten van der Salsiccia mëschen.

An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen mam Knuawléck op mëttel Hëtzt glasig aanbrooden.

Datt gemëschtent Gehacktes ënnermëschen an mat brooden. Schmaaschen evtl. mat Salz, Peffer an Oregano würzen.

Subal Gehacktes durich gebrooden as, Tomatenwürfel ënnermëschen. Alles su lang brooden bis Flëssigkeet bal ganz fort as. Schmaaschen an evtl. noowürzen.

An eng Schossel ëmmefëllen an 3-4 EL Parmesan ënnermëschen. Bëssen aafkéilen loossen dann Eier ënnermëschen an alles goud durich kniädden.

An enger feierfester Form bëssen Tomatenzooss ënnen dran verdeelen.

Cannelloni mat der Gehacktesmëschung fëllen, ant Form leen.

Eng Bechamel kooschen an 2-3 EL Parmesan ënnermëschen.

Subal déi färdeg as, iwert den Cannelloni verdeelen, su datt se just bedeckt sen.

Deen rest Parmesan mam Panéirmiähl vermëschen an iwert den Cannelloni verdeelen.

Am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad ongeféier 45 Min. baaschen.

Cannelloni

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

45

Minuten

Zutaten

  • Fëllung
  • 1 Pack Cannelloni

  • 350 g Randsgehacktes

  • 2 Salsiccia

  • Oregano

  • 1 gehackten Ënn

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 2 gewürfelt Tomaten

  • bëssen Olivenualeg

  • 4 EL frësch graspelten Parmesan

  • 2 Ei

  • Peffer & Salz

  • Zoubereedung
  • 0,5 L Béchamlezooss mat Parmesan

  • 0,5 L Tomatenzooss

  • 4 EL frësch geraspelten Parmesan

  • 4 EL Panéiermiähl

Zoubereedung

  • Fëllung
  • Gehacktes mat deem bannechten van der Salsiccia mëschen.
  • An enger waarmer Pann bëssen Olivenualeg erhëtzen an d’Ënnen mam Knuawléck op mëttel Hëtzt aanbrooden bis se glasig sen.
  • Datt gemëschtent Gehacktes ënnermëschen an su lang brooden bis et gar as. schmaaschen evtl mat Salz, Peffer an Oregano nowürzen.
  • Subal Gehacktes durich gebrooden as, Tomatenwürfel ënnermëschen. Su lang brooden bis Flëssigekeet bal ganz fort as. Schmaaschen, evtl. noowürzen.
  • An eng Schossel ëmmefëllen an de Parmesan ënnermëschen. Aafkéihlen loossen
  • Eier ënnermëschen an alles goud durich kniädden.
  • Zoubereedung
  • De Schiäffchen op 180°C Grad virwiärmen.
  • An enger feierfester Form Tomatenzooss verdeelen, su datt den Buadem goud bedeckt as.
  • Cannelloni mat der Gehacktesmëschung fëllen, ant Form leen.
  • Béchamel-Parmesanzooss driwer verdeelen, su datt Cannelloni just bedeckt sen.
  • Parmesan mam Panéiermiähl mëschen an iwert den Cannelloni verdeelen.
  • Am waarmen Schiäffchen bei 180°C Grad ongeféier 45 Min. baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*