Chickenwings mat Guacamole

Chickenwings mat Guacamole – eent Ässen, datt Einfascheet an Geschmaasch perfekt vereent. Ursprünglich aus den USA, han Chickenwings eng wirklich Erfolegsgeschicht hanneraan sech. Die ischt Chickenwings sen angeblich an den 60er Joeren an Buffalo, New York firtischt zoubereed jänn an han sech ségt deem zu engem globalen Erfoleg entwéckelt.

Aafangs woren Wings deen onerwënschten Deel vam Poulet oder Houhn an sen dachs entsuarigt jänn. Hogt sen Chickenwings eent beléift Figerfood an jänn op der ganzer Welt an verschidden Versiounen zoubereed.

Fir mengt Rezept brengen ech mat:

Beim Metzler koofen ech Chickenwings, dann brausch ech na Jalapenos, Biozitrounen, fir Guacamole brausch ech Avocado, Limetten an Koriander.

An menger Reserve han ech Olivenualeg, Knuawléck, Salz, Peffer, Hunnig an Tomatenpürée an fir Guacamole Ënnen

Ausserdeem brausche ech eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Schossel, eng Zitrounenpress, eng Baaschplaque an Baaschpapeier, een Mixer oder een Blender. An eng Forschette fir d’Avocado ze trippsen.

Zoubereedung

Jalapenos wäschen ech halbéiren se en entkären se, schnégden se an graff Stecker an leen se an een Mixer oder Blender, do leen ech deen geschälten Knuawléck, Zitrounensaaft, Olivenualeg, Salz, Tomatenpürée an Hunnig mat dran, dann puréiren ech alles an schëdden dës Marinade iwert Chickenwings. Zougedeckt stellen ech d’Fleesch iwert Nait an den Frigo.

Den Daag drop hualen ech Chickenwings fréi genou aus dem Frigo, fir datt se viraam brooden Raumtemperatur aanhualen kannen.

Chickenwings in Marinade

Op een Baaschblech leen ech Baaschpapeier, an den Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt fir.

Chickenwings verdeelen ech om Blech su datt se net openeenleien.

Wann na Platz om Blech ass, kanns du na Gromperen oder/an Geméiss rondrëm d’Wings leen an datt mat brooden.

Chickenwings mit Kartoffeln und Paprika

Den Blech setzen ech fir ongeféier 45 Min. an deen waarmen Schiäffchen, ongeféier no der Halschent van der Brootzéckt driien ech den Blech eng kéier.

Während Chickenwings brooden, bereeden ech den Dip zou, hei fënns du eent Rezept fir Guacamole. Den Dip stellen ech dann an de Frigo bis ech en brausch.

gebratene Chickenwings mit Kartoffeln und Paprika

Tipps

  1. Behaal d’Chickenwings während dem brooden am Au. Sie sollen net ze drëchen jänn. Wings jänn bei dësem Rezept net knusperig, du kanns probéiren wanns du se mat 180°C Ëmloft baachs an se op eent Gitter leechs fir datt iwerschëssig Flëssigkeet aafdrëpsen kann. No 30 Min. kontrolléier dann äwer datt Chickenwings dir net verbrennen an ausdrëchnen.
  2. Guacamole jëtt am besten, wann’s du se mat enger Forschett trips. Guacamole ass net lang haltbar, durich den Sauerstoff oxidéiert d’Advocado ganz siier an jëtt brong. An een loftdichten Behälter fëllen an net mi lang wie 2 bis 3 Deeg am Frigo haalen.

Chickenwings mat Guacamole

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

45

Minuten
Marinéierzéckt

12

Stonnen

Zutaten

  • 800 g Chickenwings

  • 1 Jalapeno

  • 4 Ziiwen Knuawléck

  • 60 ml Olivenualeg

  • 1 EL Tomatenpürée

  • 2 EL Hunnig

  • 2 TL Salz

  • Saaft van 1,5 Zitrounen

  • Fir Guacamole
  • 1 Avocado, getripst

  • Saaft van 1 Limette

  • 1 Ziif Knuawkléck, gehackt

  • 1 Jalapeno, entkärt an gehackt

  • 1-2 EL frëschen Koriander, gehackt

  • Salz

  • 1 kleng Ënn, gehackt

Zoubereedung

  • Jalapneo, den Knuawléck, Olivenualeg, Tomatenpürée, Salz, Hunnig an Zitrounensaaft an een Mixer oder Blender leen an fein püréiren.
  • Dës Marinade iwert Chickenwings schëdden an iwert Nait am Frigo durichzéien loossen.
  • Den Daag drop, Chickenwings fréi genou aus dem Frigo hualen fir datt se vriaam brooden Raumtemperatur aanhualen kanne.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Eent Baaschblech mat Baaschpapeier ausleen an Chickenwings om Blech verdeelen, su datt se net openeen leien.
  • Am waarmen Schiäffchen Chickenwings ongeféier 45 Min. brooden. No der Halschent van der Brootzéckt Blech eng kéier driien.
  • Fir Guacamole
  • Sämtlich Zutaten fir den Dip mateneen vermëschen, schmaaschen an kéil stellen bis en gebrauscht jëtt.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*