Guacamole

Guacamole, een Dip deen o bei eis ëmmer mir beléift jëtt, an et as een Dip deen siier gemaat as. Op engem Toast, Owes als Snack beim Fernseh, bei einer Tuut Nachos. Oder beim Grillowend, Raclett oder Fondue.

Wie datt bei villen Rezepter as jëtt o Guacamole ënnerscheedlich gemaat. Fir die eng besteht Guacamole just aus Avocado, Limettensaaft, Jalapenos, Koriander an Salz, fir die anner muss Knuawléck, Tomatenwürfel an/oder gehackten Ënnen mat dran. Beim Mexikaner duaref Avaocado net an den Mixer, sie muss stéckig bleiwen, an bei eis jëtt alles gemixt fir een glatten Dip ze kreien an wahrscheinlech o well et mi siier geht.

Egal wie se zoubereed jëtt, et as ëmmer datt Best du mëchs Guacamole selwer. Am Färdegprodukt as nämlich net vill Avocado dran.

Avocado gehiiert zum “Superfood” mat vill gesonden “ongesättigter Fettsäier”, Vitamin E, Kalium an Folsäier.


Wuran erkennen ech eng goud Avocado?

Fir Guacamole oder een Smoothie muss Avocado zégdig sen, wuran erkennen ech datt?

Eng zégdig Avocado soll eng glächmässig Faaref han, donkel Platzen weisen dachs dorop hin datt Avocado faul as. Eng steenhart Avocado as net zégdig, an eng matschig as wahrscheinlich schlecht. Drécks du drop soll se sech mëll äwer net matschig aanféilen. Eng Avocado Punkt jo net wirklich durich hiren Geschmaasch an Aroma, mais eng die net zégdig as rëscht an schmëscht no gar näist.

Mat der Zéckt fiäreft sech Avocado brong, datt as deen natiirlichen Oxidatiounsprozess, datt heescht äwer net datt Avocado schlecht as. Durich Limettensaaft kann een deen Prozess bëssen ant Längt zéien. Loftdischt an fest zou hällt sech Guacamole 2-3 Deeg am Frigo.

Guacamole

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereeungszéckt

10

Minuten

Watt brausch ech?

  • 2 Avocado

  • Saaft van 1 Limette

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • eng halef gehackten Jalapeno

  • 1-2 EL frëschen gehackten Koriander

  • Salz

  • 1 gehackten kleng Ënn (optional)

  • 1 an kleng Würfel geschnidden Tomat (optional)

Wie jëtt gekooscht

  • Avocado halbéiren, mat engem Läffel aus der Schal hualen an mat enger Forschett oder am Mörser fein zereiwen oder trippsen. Halschent vam Limettensaaft ënnermëschen.
  • Datt gehackten an kleng geschniddend Geméiss an Krégder ënnermëschen an mat Salz an Rest Limettensaaft aafschmaaschen.
  • eng anner Methoud
  • Eng anner Methoud, Limettensaaft Gewüzer an Geméiss, ausser Tomat, am Mixer zu enger feiner Past püréiren, an dann ënnert die getrippsten Avocado mëschen an se su mat der Past aafschmaaschen.
  • Du kanns o alles bis op Tomat an den Mixer maan an et fein püréiren.

Notiz

  • Demno wie déck deng Avocado sen kann et sen datts du mi Limettensaaft brauchs.
Bruschetta

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*