Eng Zooss déi all Mënsch kennt, äwer kaum een mëcht se selwer. Et jiän Zoossen, déi kommen su dachs aus de Fläschen, datt mir eigentlich well verjiäss han, datt sie nëmmen aus dräi, véier Zutaten bestinn, an mat gruuser wahrscheinlichkeet fënns du déi sugar bei dir doheem am Frigo.
Thousand Island Dressing, den Naam klengt well no der gruusser wegder Welt, an dobäi ass et nëmmen eng gepimpte Mayonnaise, genau datt ass o hir Stiärikt. Sie ass keng Zooss déi genauigkeet verlangt, mee eng bei därs du dech austoben kanns. Bis sie genau dei Goût hat fir als goud Burgerzooss oder als gouden Zalootendressing durich ze goen. Ech maan sie wann ech lost op eeng gouden Burger han äwer keen Iddi op 5 verschidden Fläschen an mengem Frigo han, déi ech meestens dono nie mi brausch.


Zutaten
- Mayonnaise ass d’Basis. Selwer gemaat schmëcht datt natiirlich mi ronn an mi éierlich. Die gekooft deet et äwer o.
- Ketchup, brengt Séissheet, Säier an Faaref. Et ass keen Ersatz fir Tomatenpürée, deen schmëcht an die falsch Richtung
- Mostert, am besten een mëttelscharefen, et ass net gedeit fir scharef ze schmaaschen just fir een klengen Kick, déi dës Zooss soss net hät.
- Cornichon, angeleiten, fein gehackt, den Knackpunkt, ouni sie wir et eng fad langweilig mi flëssig rosa Mayonnaise.
- Ënnen oder Schalooten, ech maan an meng Zalootenzoossen léiwer Schalotten, ec fannen datt schmëcht besser an et brengt ausserdem na bëssen Faaref mat.
- Bëssen Essig van den Cornichon, vir Säier auszebesseren.
- Salz, Päffer, bëssen Paprikapolwer, deen ass optional, jiët der Zooss äwer een waarmen Ënnertoun.
An su jiët et gemaat
Hei brauchs du keng Pann, keng Hëtzt, keen Timer, datt ass déi Zort Rezept do jiët nëmmen gehackt an geréihert. Ech fänken mat der Mayonnaise aan, do mëschen ech bëssen Ketchup drënner. Ech well gesehen wie sech d’Faaref verännert, aus engem Wäiss jiët gemellig eent Zart-Rosa. an genau dës Faaref seet dir hanneno ob’s du na bëssen mi Ketchup brauschs oder net.
Dann kënnt den Mostert dobäi, et klengt villäicht no winig an mëcht äwer vill aus. Mostert drigt hei net de Goût en soll sech net no vir drecken mee am Hannergrond Dirren opmaan. En suarigt dofir, datt sech Fett an die mi wässerig Zutaten besser mateneen verdroen, am platz sech spéider rëm ze trennen. Du miäriks et am Bild an denger Schossel. D’Mass jiët mi homogene, mi blänkig, baal wie glatt poléiert.
Dann jiän d’Cornichon an d’Schalotten drënner gemëscht. Hei zällt griist van den Stecker mi wie een mengt, ze gruuss, an du bäiss während dem Ässen op die eenzel Stecker, déi den Charakter van der Zooss stiieren. Ass alles ze fein geschnidden, dann verléiers du den Crunch, deen dës Zooss iwerhaupt interessant mëcht. Ech probéieren alles zu kleng ze hacken datt et na sichtbar ass, äwer net mi stiiert, ongeféier Räiskärengruuss.
An dann probéiren. Datt ass deen eigentlich wichtigsten Moment bei dëser Zooss, well hei entscheed sech, ob sie nëmmen eent Imitat aus der Fläsch ass oder ob sie wirklich no selwer gemaat schmëcht. Ass sie ze séiss? Mëch na bëssen Essig van den Cornichon drënner. Ass sie ze mëll, dann fehlt villäicht na bëssen Mostert oder bëssen Salz. Ass sie ze deckflëssig hëleft hei o den Essig, en verdënnt Zooss ouni se wässerig ze maan.
Zum Schluss kanns du na bëssen Paprikapolwer ënnermëschen, et ass keen Muss jiët der Zooss äwer een waarmen Ënnertoun, passt goud zu gegrilltem Fleesch.
Am besten liss du sie eng goud halef Stonn am Frigo stoen, net well sie „muss“, mee well sech dann Aromen setzen an sie besser wirikt wie direkt noom Réihren.
Varianten
Et jiän Varianten mat engem gehackten hartg gekooschtem Ei, watt Zooss na bëssen mi crèmig mëcht. Annerer hualen am Platz Cornichon séiss-sauren Relish, datt mëcht Zooss insgesamt mi séiss, mi glatt an manner steckig. Die 2 Saaschen sen legitim, keent dovaan ass „die richtig“ Versioun, su ass datt eben bei enger Zooss, déi ursprügnlich viraan allem aus deem , watt graad do wor, gemaat jiän ass.
Thousand Island Dressing
Schwierigkeit: einfaschZutaten
150 g Mayonnaise
2 EL Ketchup
1 TL Mostert
2-3 Sauer Cornichon
Bëssen Essig van den Cornichon
1 Schalotte
Salz
Päffer
Optional: bëssen Paprikapolwer
Zoubereedung
- D’Schalott schälen ech an hacken se fein. D’Cornichon jiän genau wie d’Schalott fein gehackt.
- An enger Schossel mëschen ech d’Mayonnaise mam Ketchup an Mostert, mëschen dann d’Cornichon an d’Schalott drënner an längen datt Ganzt mat en bëssen Essig van den Cornichon, sie soll äwer crèmig bleiwen.
- Schmaaschen an würzen mat Salz, Päffer an optional bëssen Paprikapolwer