gesalzene Karamell

Karamell hat een schlechten Rouf, deen en net verdéint. Vill han bestëmmt well eng kéier Zocker an engem Dëppen verbrannt, panisch d’Fenstern opgerappt an segt deem datt Geféihl, datt ass nëmmen jiät fir een Profi mat Themometer an Nerven aus Stohl. Ass et net. et ass Zocker, deen schmëlzt an Brong jiët, een Prozess deen zimlich genau datt mëcht, watt en soll. Du muss natiirlich nokucken an net ignoréiren. An mat Schmand an genou Salz, jiët doraus eng Zooss, déi’s du literweis iwert Glace, Pankich oder direkt mam Läffel ässen wëlls.

an menger Këchen

Hual am besten eent Dëppen mat engem hellen Buadem an mi een hiien Rand. Su has du mi Kontroll iwert Faaref vam Karamell. Den Zocker kënnt an datt drëchent Dëppen, bei mëttel Hëtzt, keent Réihren am Afank. Net nervös jiän behaal datt Ganzt am Au o wann sech na näist deet. Aan den Ränner fänkt den Zocker dann aan durichsichtig ze jiän an ze schmëlzen, während en an der Mëtt an normal ausgesegt. Rischt lo fängst du aanmat engem Holzläffel oder engem Silikonläffel viirisichtig dran ze réihren, fir datt deen geschmolzenen Deel sech mat deem festen vermëscht.

Watt lo passéiert, ass wie eng Course zwëschen schmëlzen an verklompen. Den Zocker bild hart, sandig Klëmpercher, subal deen geschmolzenen Deel mat deem drëchnen an Kontakt kënnt, datt ass normal, keen Fehler.Bleif op mëttel Hëtzt, an réiher vriaan, no an no liiesen sech d’Klëmpercher op, während alles zu enger schinger bernsteinfaarwiger Flëssigkeet verschmëlzt. Datt dauert villäicht 6 bis 8 Minuten, verloss dech äwer op deng Auen an net op Zekt. Du wëlls eng déif, waarem Bernsteinfaaref. Mi hell bedeit de Goût ass na net do, mi donkel wie datt an du rëchs well jiätt Batteres am Platz de Karamel. Den Ënnerscheed legt dachs nëmmen bei 20, 30 Sekonnen.

Subal d’Faaref stëmmt de Karamell van der Plaque zéihen an kaalen Botter ënnerréihren. Hei jiët et dann kuurz dramatisch. D’Mass blubbert extrem, well deen kaalen Botter op deen gléidigen Zocker trëfft. Einfasch viraan réihren, bis de Botter ganz angeschafft ass. Sollt sie sech trennen, keng Panik, datt kann passéiren wann de Botter ze kaal ass oder ze siier an zevill mateneen ënnergemësch jiän ass. Datt lisst sech äwer retten, andeems du de Karamell kuurz op niddirg Hëtzt erwiärems an einfasch vriaan réihers bis sech alles verbënnt.

Dann kënnt den Schanad dobäi, an dofir o datt mi hiit Dëppen, et jiët rëm dramatisch an de Karamell kënnt dir entgeent, Viraan réihren, bis alles glatt an homogen ass dann rem zereck op Plaque an fir 2 Minuten op niddriger Hëtzt gemellig kooschen loossen. En soll gemellig bëssen mi deckflëssig jiän.

Van der Plaque zéihen an dann d’Salz an optional Vanille drënner réihren. Schmaaschen an evtl. na no salzen, pass äwer op Zocker ass mi waarem wie Waasser. Wivill Salz datts du dran mëchs ass ëmmer dengem Goût no, et sen der déi han en jiären su salzig datt, datt séisst brëcht, annerer wëllen nëmmen liit salzig am Hannergrond. Et ass jo gesalzene Karamell an net „liit gewürzt“.

Varianten an Stëmmungen

Ween et jiären mi déif an mi komplex hat, kann een Deel vam wäissen Zocker durich brongen Zocker ersetzen oder zum Schluss bëssen Whisky oder Rum drënner mëschen, die 2 Saaschen veränneren de Charakter an Richtung Erwaassen an manner no Kannergbuurtsdaag.

D’Zooss hällt sech locker 3 Wooschen am Frigo an sie jiët fest wie Karamellbungen, einfasch kuurz am Waasserbad oder an der Mikrowell erhëtzen fir se rëm flëssig ze kreien, befirs du se verschaffs.

gesalzene Karamell

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel

Zutaten

  • 200 g Zocker

  • 90 g Botter

  • 120 ml Rahm (Zëmmertemperatur)

  • 1 TL Salz

  • Optional: 1 TL Vanillextrakt

Zoubereedung

  • Zocker erhëtzen, op mëttel Hëtzt. Hual eng Casserole die hii genou as, en kooscht dir soss iwer wann Rahm bis dran kënnt. Subal am Rand van der Casserolle den Zocker aafängt mat schmëlzen aanfänken mat réihren an datt geschmolzent mat deem drëchnen vermëschen.
  • Wann den Zocker ganz geschmolz ass, de Botter ënnerréiren, datt sprudelt, hual den Zocker dofir am besten van der Plaque raaf. Hei as opzepassen, datt alles sech mateneen verbënnt. Wanns du gesegs, datt Botter an den Zocker sech trennt, op niddriger Hëtzt rëm op Plaque setzen an réiren bis sech alles mateneen verbonnen hat.
  • Dann gemellig an ënner stännigem réiren Rahm dran schëdden. Wann Rahm ze kaal as sprutzt et an et kann iwerkooschen.
  • Zum Schluss d’Salz an optional d’Vanille drënner mëschen.
  • An eent Glas fëllen an direkt fest verschléissen. Bei Raumtemperatur aafkéilen loossen. An Frigo hällt den Karamell sech locker 3 Wooschen an jiët fest wie Karamellbungen.
  • Viraam Gebrausch liit erhëtzen su datt en rëm flëssig jëtt.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*