Hummus

O ech han Aafanks den Hummus am Buttik kooft. Irgendwann ass äwer deen Punkt kommen, wu ech gedeit han. Datt besteht einfasch nëmmen aus Kicheriärbëssen, Knuawelek, Tahin an Zitrounensaaft, firwatt bezahlen ech suvill, wann ech alles an menger Këchen han. Su han ech aagefongen mein Hummus selwer ze maan. Deen ischten an o na zweiten Versousch, woren OK. Bëssen Kärig, bëssen fad, su jiät wu d’Lekt soen, „selwergemaat ass eben annëcht“. Jo selwergemaat schmëcht annëcht, mee selwergemaat schmëcht ëmmer besser. Et jiän paar Detailer op déi een oppassen soll, an genau déi well ech dir hei erklären.

Hummus ass keent komplizéiert Ässen. Et ass äwer eent van deen Rezepter, bei deem kleng Entscheedungen den Ënnerscheed maan zwëchen „crèmig an goud am Goût“ an „enger pëchiger Kicheriärbessenpaste“. Subal du verstehs friwatt verschidden Entscheedungen wichtig sen, krëss du ëmmer een gouden Hummus fiärdig.

Zutaten

Kicheriärbëssen an zwar die gedrëchent, net déi aus der Bechs. Datt klengt no bëssen mi Aarbicht, fir datt watt raus kënnt. Beim Hummus lungt sech dës Aarbicht äwer. Kicheriäbëssen aus der Bechs se mi fest, sie behalen hir Hokt an d’Ergebnis ass zum Schluss ischter graff wie crèmig. Has du keng Zekt, kanns du natiirlich ëmmer op d’Bechsen zereckgräifen.

Fir d’Kicheriärbëssen ze kooschen brausch ech bëssen Natron, datt ass keen esoterischen Trick, datt ass Chemie. Natron mëcht d’Waasser liit alkalisch, an datt weecht d’Zellwänn van den Kicheriärbëssen mi siier op. D’Ergebnis sen mëll Iärbëssen, besser ze püréiren an mi een crèmigen Hummus.

Tahin, hei lungt et sech op Qualitéit ze kucken. Gouden Tahin ass flëssig, bal wie Nutella an dënn, an schmëcht nossig-batter, net muffig. Schlechten Tahin schmëcht no gar näist oder liit ranzig, an meestens fällt datt rischt op wann den Hummus fiärdig ass.

De Saaft van 1 gruusser Zitroun, frësch gepresst. Den Ënnerscheed zu deem Saaft aus der Fläsch ass brutal, an et schmëcht een den Ënnerscheed.

Knuawelek, genou! Et jiët ëmmer gesoot je noodeems, wivill datts du dono na mat Lekt schwätzen muss oder wëlls. Bei mir ass et ischter su, ech han Knuawelek jiären an et intersséiert mech net op ech dono rauschen oder net.

Äiswürfelen, et mussen wirklich Äisswürfelen sen, déi kommen äwer rischt zum Schluss dran.

Een gouden Olivenualig, fir ze Püréiren an als Deko fir zum Schluss. Sparen lungt sech hei net, den Ënnerscheed schmëchs du direkt.

Salz an Kreuzkümmel. De Kreuzkümmel ass optional, ech selwer sen o net deen griisten fan dovaan, et jiän äwer Ässen do duaref deen net fehlen. Heen jiët deem ganzen een waarmen, liit erdigen Goût. Klassisch ass en net ëmmer dran äwer en passt.

An dann jieet et looss

Falls du mat gedrëchenten Kicheriärbëssen schaffes, déi mussen iwert Näit gewässert jiän, mat vill kaalem Waasser, datt däitlich iwert den Iärbëssen steht. Sie quellen an kreien ordentlich Volumen. Den Daag drop aafschëdden, dann mam Natron mëschen. Kuurz an engem drëchenen Dëppen aanréisteren, bis sel liit aafänken mat pëchen an no geréisterten Nëss rauschen. Datt dauert ongeféier eng, zwu Minuten. Et jieet net dodrëm datt sie Faaref sollen kreien, mee d’Schaal soll well mam Natron an Kontakt kommen befir d’Waasser drop kënnt.

Dann genou Waasser drop schëdden an op niddirger Hëtzt kooschen loossen. Hei kënnt deen Deel, bei deems du Gedold brauchs. Kicheriärbëssen sen fiärdig, wanns du se zwëchen de fanger zerdrecken kanns ouni datt Widderstand do ass, durich mëll. D’Hogt liist sech deelweis van den Kären. Datt kann 45 Minuten bis zu annerhalwer Stonn daueren, je no Alter an Zort van den Iärbëssen. Du gesegs et o well aam Waasser, et jiët dréif, schaumig an d’Schaalen schwammen uawen drop. Datt ass genau datt watt ech well.

Hëlls du Kicheriärbëssen aus der Bechs, déi goud aafdrëpsen loossen an direkt zesaammen mat Natron an Waasser eng goud Véirelstonn kooschen loossen, bis sie wirklich mi mëll jiän. Et ass net datt selwischt Ergebnis et kënnt deem anneren äwer däitlich mi no, wie se direkt kaal aus der Bechs ze püréiren.

Subal d’Iärbëssen mëll sen, schäffen ech se aaf. Déi loossen ech kuurz aafkéilen, net ganz, just su datt ech se aanpacken kann ouni mech ze verbrennen. Sie lossen sech am lookischen oder waarmen Zoustand besser püréiren wie wann se kaal sen.

Lo kennt een Deel deen jiären iwersprongen jiët, deen äwer genau aus dem Grond een Ënnerscheed mëcht. Tahin an Zitrounensaaft mixen ech firtischt mateneen ouni d’Iärbëssen. Datt klengt no zousätzlich Aarbicht, ass äwer Chemie pur. Tahin alleng ass deckflëssig an liit batter; subal den Zitrounensaaft dobäi kënnt an mix, bënnt sech datt Ganzt zu enger heller, bal fluffiger Crème. Datt ass d’Basis fir d’Crèmigkeet, déi’s du hanneno am Hummus schmëchs. Probéier et aus, du wärts gesehen wie sech d’Konsistenz ënnerhalb van enger Minut verännert, van ziih deckflëssig bis bal mousseartig.

Rischt dann kommen d’Kischeriäbëssen, de Knuawelek, Salz an optional bëssen Kreuzkümmel dobäi. Datt jiët dann alles mateneen püréiert, am besten an der Këchenmaschin, mam Stabmixer klappt et äwer o, du brauchs dann bëssen mi Gedold an mi Pausen. Du miäriks lo datt d’Masse firtischt graff an mi drëchen jiët. Genau dann kommen d’Äiswürfelen dobäi, während d’Këchenmaschin leeft d’Äiswürfelen no an no ënnermëschen an ëmmer waarden bis een Würfel angeschafft ass bis deen nächsten dobäi kënnt.

Mam Stabmixer ëmmer rem Pausen maan wann biss een Äiswürfel angeschafft ass. Durich d’Mixen entsteht Hëtzt an d’Äiswürfelen verhënneren, datt sech den Ualig am Tahin trennt an d’Crème brëcht. Et soll eng homogen Masse entstoen, déi no an no mat den Äiswürfelen blänkig jiët an ausgesegt wie eng hell Mayonnaise. Datt kann mi oder manner Äiswürfelen brauschen, wie eent Rezept dir soen kann. d’Iäbrëssen, d’Konsistenz vam Tahin, alles spillt eng Roll wivill wirklich dran muss oder soll. Vertrau dengen Auen.

Probéier zwëchendurich ëmmer mol. Hummus brausch an der Regel mi Salz an mi Säier, wie een Aafanks denkt. D’Kischeriärbëssen schlecken ganz vill. Schmëcht alls na fad an stomb, fehlt meestens eng van dësen 2 Saaschen keent drëtt Gewürz.

Zum Schluss an eng Schossel fëllen, mat engem Läffel eng Spiral formen an Olivenualig driwer verdeelen. Villäicht datt Ganzt na mat paar ganzen Kicheriäbëssen oder frëschen Kregder wie Koriander oder Péitersilich garnéiren. Fiärdig ass na net wann en parat am Dëppchen ass, mee no enger gouder Minute Ruh, dann krëtt heen seng blänkig Fläch an den Ualig leeft dolaanst raat, am platz direkt dran ze verschwannen.

Hummus

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Virbereeungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 125 g gedrëchent Kicheriärbessen

  • 2 TL Salz

  • Waasser fir Iärbessen ze wässeren

  • 1 TL Natron

  • Saaft van 2 Zitrounen

  • 125 g Sesampast (Tahin)

  • 2-3 Ziiwen Knuawelek

  • 3-6 Äiswürfelen oder 50ml – 100ml Äiswaasser

  • Salz

  • optional: 0,5 TL Kreuzkümmel (Cumin)

  • 3-4 EL Olivenualig

  • bessen frëschen Koriander oder Péitersilich

Zoubereedung

  • Kicheriärbëssen an eng Schossel maan, 1 TL Salz an Waasser drop schëdden +/- 10 cm mi hii wie Iärbëssen, an se dann iwert Näit am Frigo wässeren.
  • Waasser aafschëdden, Iärbessen kuurz ënner kaalem Waasser aafschwenken. D’Iärbëssen mam Natron mëschen an kuurz an engem drëchenen Dëppen aanréisteren, bis sel liit aafänken mat pëschen an no geréisterten Nëss rauschen, dann Waasser drop schëdden, 1 TL Salz ënnermëschen an mëll kooschen. Sie kanne su mëll sen, datt se zerfällen. Datt kann zwëschen 45 Min. bis annerhalwer Stonn daueren. Aafkéihlen loossen.
  • D’Zitrounensaaft mam Tahin mixen bis alles eng mousseähnlich Konistenz krëtt. Dann rischt die aafgekéihlten Iärbëssen, d’Salz an de Knuawelek dënner mëschen an mat mixen. No an no d’Äiswürfelen anschaffen
  • Durich mixen entsteht Hëtzt, ëmmer rëm dozwëschen pausen. Paste soll crémig jiänn. Jëtt se ze fest na een Äiswürfel ënnermëschen. Schmaaschen an mat Salz an Zitrounensaaft nowürzen.
  • An eng Schossel fëllen, an als Topping Olivenualig driwer jiänn an evtl. bëssen zerzupften Koriander oder Péitersilich.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*